Inklusiounsagent (m/w)

Den Inklusiounsagent schafft a multidisziplinären Ekippen, déi Kanner a Jugendlecher mat spezifesche Besoinen an der formaler an non-formaler Bildung begleeden.

 

Aarbechtsplazen

  • Grondschoulen (A-EBS)
  • Secondaire (Service socio-éducatif, SePAS, ESEB)
  • Kompetenzzentren a spezialiséierter Psychopedagogik
  • non formal an inklusiv Bildungs- a Betreiungsariichtungen (Maison relais, Crèche, Mini-Crèche)
  • Betreiungsdégschter fir Persoune mat Behënnerungen
  • Logementsstrukture fir Persoune mat Behënnerungen
  • perséinlech Assistenz

Missiounen am Bildungssystem

  • Kanner a Jugendlecher mat spezifesche Besoinen an hirem Alldag an der Schoul begleeden an hinnen eng Ënnerstëtzung ubidden, déi un hir Besoinen ugepasst ass
  • a multidisziplinären Ekippe schaffen

Studien

D’Formatioun, déi zum Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) Agent d’inclusion féiert, geet iwwer dräi Joer. Dat éischt Joer ass Vollzäit an der Schoul mat engem Stage vu véier Wochen. Dat zweet an dat drëtt Joer sinn am duale System ënner Léiervertrag mat zwee Deeg an der Woch am Lycée an dräi Deeg am Ausbildungsbetrib.

Den DAP Agent d’inclusioun gëtt op Däitsch an dëse Lycéeën ugebueden: 

  • Lycée du Nord Wiltz
  • Nordstadlycée
  • École privée Sainte-Anne
  • Lycée des Arts et des Métiers
  • Bouneweger Lycée Luxembourg
  • Lycée Bel-Val
  • Lycée technique de Lallange
  • Maacher Lycée Grevenmacher

D’beruffsbegleedend Formatioun gëtt vun der École nationale pour adultes (ENAD) ugebueden a leeft iwwer dräi Joer ënner Léiervertrag mat zwee Schouldeeg an der Woch an dräi Deeg am Betrib.

Dir hutt weider Froen?

Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

Tel. (+352) 80 02 81 81
E-Mail: info@m-o.lu
Internetsite: www.maison-orientation.lu

Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 8 bis 17 Auer (ouni Rendez-vous)

Rendez-vouse kënnen op MyGuichet.lu geholl ginn.

D’Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, déi ëffentlech Acteuren aus dem Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach gruppéiert. An hirem Beräich „Orientation” kënne Bierger ouni Rendezvous d’ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) ënnert dem Respekt vum Anonymat en éischt Orientatiounsgespréich féieren.

 

 

Aktualiséiert