Assistent fir Alldagsbegleedung (m/w)

Den Assistent fir Alldagsbegleedung schafft am ganze soziale Beräich a bedeelegt sech un der Betreiung vu verschiddenen Zilgruppen (Kanner, Senioren) am Alldag. Zum Beispill hëlt hien un der Fleeg deel, hëlleft bei der Organisatioun vu pedagogeschen a sozialen Aktivitéiten oder ënnerstëtzt eng Famill bei der Gestioun vum Stot. Den Assistent fir Alldagsbegleedung muss sproochlech Kompetenzen an den dräi Landessproochen hunn (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch), déi fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung vun de concernéierte Persounen onbedéngt noutwenneg sinn.

 

Aarbechtsplazen

  • Strukture fir eeler Leit (Altersheemer, Fleegeheemer, Fleegedéngschter an aner Servicer an der Geriatrie)
  • Strukture fir Persoune mat besonnesche Besoine (Dagesbetreiung, Foyeren an ënner inklusiv Offeren)
  • Strukturen am Beräich vun der non-formaler Bildung (Maison relais, Crèchen)

Studien

D’Formatioun, déi zum Certificat de capacité professionnelle (CCP) Assistant d’accompagnement au quotidien féiert, dauert zwee Joer, mat zwee Joer an der Schoul an dräi Joer op der Formatiounsplaz dat éischt Joer. Dat zweet Joer stinn een Dag an der Schoul a véier Deeg am Betrib um Programm.

D‘Formatioun fir Erwuessener huet déi selwecht Struktur. Bei der beruffsbegleedender Formatioun stinn déi zwee Joer een Dag an der Schoul a véier Deeg am Betrib um Programm.

D’berufflech Ausbildung zum Assistent fir Alldagsbegleedung gëtt op Franséisch an Däitsch an dëse Schoulen ugebueden:

  • Grondausbildung:
    • Lycée du Nord Wiltz
    • Lycée Bel-Val
    • Bouneweger Lycée Luxembourg
    • Lycée technique du Centre
    • Maacher Lycée Grevenmacher
  • berufsbegleedend Formatioun:
    • École nationale de santé du Luxembourg (ENSA)
  • Erwuessenebildung:
    • École nationale pour adultes (ENAD)

Dir hutt weider Froen?

Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

Tel. (+352) 80 02 81 81
E-Mail: info@m-o.lu
Internetsite: www.maison-orientation.lu

Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 8 bis 17 Auer (ouni Rendez-vous)

Rendez-vouse kënnen op MyGuichet.lu geholl ginn.

D’Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, déi ëffentlech Acteuren aus dem Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach gruppéiert. An hirem Beräich „Orientation” kënne Bierger ouni Rendezvous d’ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) ënnert dem Respekt vum Anonymat en éischt Orientatiounsgespréich féieren.

 

 

Aktualiséiert