De Ministère

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ass déi Verwaltung, déi d'Politik vun der Regierung an de Beräicher Bildung, Kanner a Jugend ausschafft an duerchféiert.

Onofhängeg dovun, ob et sech ëm déi formal oder net-formal Bildung handelt – eng sozial gerecht an héichwäerteg Erzéiung a Betreiung sinn onëmgänglech, wann een all Kand, all Jugendlechem an all Erwuessenem déiselwecht Zukunftschancë wëll bidden.

D’Zoustännegkeetsberäicher vum Educatiounsministère ginn duerch d’Annexe B am Règlement interne du Gouvernement bestëmmt.

Servicer a Relatioun mam Ministère

Agence nationale pour les programmes européens d’éducation, de formation et de jeunesse (Anefore)

Anefore ass eng national Agence, déi fir d’Ëmsetze vun de Programmer Erasmus+ an Europäische Solidaritéitskorps zoustänneg ass. Anefore ass och den nationale Europass- an Euroguidance-Zentrum, déi national eTwinning-Ënnerstëtzungsorganisatioun, déi national Eenheet vum Eurydice-Reseau an déi national Ulafstell vum Reseau Youth Wiki.

Fir weider Informatiounen: www.anefore.lu

Bee Secure

BEE SECURE ass eng Initiativ vun der Lëtzebuerger Regierung, déi vum Service national de la jeunesse (SNJ) a vum Kanner-Jugendtelefon (KJT) an Zesummenaarbecht mam Luxembourg House of Cybersecurity, der Police Lëtzebuerg an dem Parquet général vum Groussherzogtum Lëtzebuerg bedriwwe gëtt. BEE SECURE gëtt koordinéiert vum SNJ a matfinanzéiert vun der Europäescher Kommissioun. D’Regierungsbedeelegung gëtt vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Wirtschaftsministère an dem Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil séchergestallt. BEE SECURE ass Deel vun den europäeschen Netzwierker INSAFE (Zentre fir Sensibiliséierung) an INHOPE (Zentre fir d’Melle vun illegalen Inhalter).

Fir weider Informatiounen: www.bee-secure.lu

Centre de gestion informatique de l’Éducation (CGIE)

De Centre de gestion informatique de l’Éducation (CGIE) ass zoustänneg fir d’Entwécklung vun IT-Applikatiounen a bekëmmert sech ëm d’IT-Infrastruktur an den IT-Ekipement. En ass ënner anerem zoustänneg fir de Programm one2one, bei deem et drëms geet, all Lycéesschüler mat IT-Apparater ze ekipéieren.

Fir weider Informatiounen: www.cgie.lu

Centre psychosocial et d’accompagnement scolaires (CePAS)

De Centre psychosocial et d’accompagnement scolaires (CePAS) bitt Jonken tëscht 12 an 30 Joer eng psychologesch, psychotherapeutesch an edukativ Betreiung un, Reeducatioun am Beräich vun der Psychomotorik a Berodung bei der schoulescher Orientéierung an der Studiewal. De CePAS geréiert och d’Subventioune fir Stéit mat geréngem Akommes an d’Subventioun fir de Maintien scolaire.

Fir weider Informatiounen: www.cepas.lu

Centre socio-éducatif de l’État (CSEE)

De Centre socio-éducatif de l’État (CSEE) ass als ëffentleche Sozialdéngschtleeschter zoustänneg fir Jugendhëllef a -schutz. Laut dem Gesetz vum 16. Juni 2004 empfänkt den CSEE Mannerjäreg, déi him duerch eng Entscheedung vun de juristeschen Autoritéite fir eng onbestëmmt Dauer an am Allgemenge bis zu 18 Joer uvertraut ginn.

Fir weider Informatiounen: www.csee.lu

Digital Learning Hub

Den Digital Learning Hub (DLH) gouf vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend am Kader vun der berufflecher Weiderbildung geschaf. Seng Missioun ass et, den Defizit bei den digitale Kompetenzen zu Lëtzebuerg ze reduzéieren. Den DLH ass eng Léierstruktur, déi beruffstätege Persounen am Informatikberäich kuerz a praxisorientéiert Ausbildungen ubitt, fir sech ze perfektionéieren, déi eege Fäegkeeten ze verbesseren oder di berufflech Karriär z'änneren.

Fir weider Informatiounen: www.dlh.lu

Institut étatique d’aide à l’enfance et à la jeunesse (AITIA)

Den Institut étatique d’aide à l’enfance et à la jeunesse (AITIA) ass eng Verwaltung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. D’Gesetz vum 1. August 2019 weist dem AITIA di folgend Missiounen zou: soziopädagogeschen Accueil an Ënnerkonft, Préventioun a sozial Ënnerstëtzung, Therapie a Betreiung, schoulesch a berufflech Ausbildung esouwéi Innovatioun a Fuerschung.

Fir weider Informatiounen: www.aitia.lu

Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN)

Den Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) ass zoustänneg fir Moossname fir déi berufflech Integratioun an d’Weiderbildung vun den Enseignanten, Educateuren an de psychosoziale Professionellen.

Fir weider Informatiounen: www.ifen.lu

Institut national des langues Luxembourg (INLL)

Den Institut national des langues Luxembourg (INLL) ass eng ëffentlech Verwaltung, déi ënnert der Autoritéit vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend steet. D’Haaptmissioune vum INLL sinn, Sproochecoursë fir Erwuessener ze ginn an d’Sproochkompetenzen duerch Diplomer an Zertifikater ze validéieren.

Fir weider Informatiounen: www.inll.lu

Institut national pour le développement de la formation continue (INFPC)

Den Institut national pour le développement de la formation continue (INFPC) ass en ëffentlechen Etablissement ënnert der Autoritéit vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. Als zentral Informatiounsstell an als wichtegen Acteur an der liewenslaanger Weiderbildung informéiert a begleet den INFPC Entreprisen a Privatpersounen bei hiren Demarchen zur Weiderbildung. En ass och en Haaptkontaktpunkt fir Organisatiounen am Beräich Ausbildung a fir Institutiounen, déi am Domän vum liewenslaange Léieren aktiv sinn.

Fir weider Informatiounen: www.infpc.lu

Maison de l’orientation

D’Maison de l’orientation ass eng zentral Ulafstell fir all Bierger, déi Berodung am Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientéierung brauchen, an dat onofhängeg vun hirem Alter. Um Internetsite www.maison-orientation.lu fënnt ee vill Informatiounen an d’Kontaktdate vun Akteuren aus der Orientatioun.

Fir weider Informatiounen: www.maison-orientation.lu

Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire

Den Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire (OEJQS) huet d’Aufgab, d’Qualitéit vum Enseignement, deen am Bildungssystem ugebuede gëtt, ze bewäerten an ze iwwerwaachen. Et ass eng onofhängeg Struktur, déi eng Experteroll huet an eng objektiv Siicht op den Zoustand vum Schoulsystem liwwert.

Fir weider Informatiounen: www.oejqs.lu

Office national de l’enfance (ONE)

Den Office national de l’enfance (ONE) riicht sech un all Kanner a jonk Leit bis 27 Joer, déi an hirem Alldag an enger psychosozialer Noutsituatioun sinn. Nom Aschätze vun de Ressourcen an de Schwieregkeete vum Kand a senger Famill kann den ONE individuell Hëllefsmoossnamen an d’Weeër leeden, déi entweder ambulant, institutionell oder an enger Fleegefamill ëmgesat ginn.

Fir weider Informatiounen: www.officenationalenfance.lu

Restopolis

De Restaurationsservice fir Schoulen an Universitéite Restopolis geréiert déi meescht Restauranten a Cafeteriae vun de Lycéeën, d’Restaurante vun der Uni Lëtzebuerg, der Policeschoul an der staatlecher Primärschoul „Eis Schoul“ an d’Restauratioun vu verschiddene Bildungs- a Betreiungsstrukturen an Internater.

Fir weider Informatiounen: www.restopolis.lu

Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT)

De Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) ass dofir zoustänneg, d’Prioritéite vun der Bildungspolitik ëmzesetzen an esou zur Entwécklung vun der Schoulqualitéit bäizedroen. Hie bedeelegt sech um Ausschaffe vu schouleschen an ausserschoulesche Projeten, un der Verbreedung vu Beispiller vu gudde Pratiken am Bildungsberäich, un der Vernetzung vu Schoulen, um Opstelle vun engem Léierplang am um Ausschaffen, der Editioun an der Verdeelung vu Léiermaterialen. Ausserdeem suergt de SCRIPT dofir, datt Donnéeën a Statistiken opgestallt an interpretéiert ginn an de Plan de développement de l’établissement scolaire (PDS) ausgeschafft an ëmgesat gëtt. De SCRIPT ass och spezialiséiert an der Produktioun an an der audiovisueller Dokumentatioun vu Projeten an Aktivitéiten am Zesummenhang mat der Educatioun an der Innovatioun am Beräich vun der Pedagogik.

Fir weider Informatiounen: www.script.lu

Service de médiation scolaire

De Schoulmediateur befaasst sech mat Reklamatiounen, déi de Maintien scolaire vu Schüler, déi riskéieren, de Lycée ofzebriechen, d’Inklusioun vu Schüler mat spezifeschem Fërderbedarf an d’Integratioun vu Kanner mat Migratiounshannergrond betreffen.

Fir weider Informatiounen: www.mediationscolaire.lu

Service national de la jeunesse (SNJ)

De Service national de la jeunesse (SNJ) huet d’Aufgaben, zur Ëmsetzung vun der Jugendpolitik bäizedroen, e breet Spektrum vu Bildungsprogammer an -aktivitéiten am Beräich vun der non-formaler Bildung ze konzipéieren an ze organiséieren, déi Jonk beim Iwwergang an d’Beruffsliewen ze ënnerstëtzen, Uspriechpartner a Beroder fir d’Acteure vun der non-formaler Bildung ze sinn an d’pedagogesch Qualitéit bei der Aarbecht mat Kanner a Jonker sécherzestellen.

Fir weider Informatiounen: www.snj.lu

 

Aktualiséiert