Assistant social (m/w)

Den Assistant social hëlleft an ënnerstëtzt Persounen, Famillen oder Gruppen, déi sech an enger schwiereger Situatioun befannen, andeem en hinnen hëlleft, sech sozial oder berufflech ze integréieren a gläichzäiteg hir Autonomie ze steigeren. No enger Analys vun der Situatioun weist den Assistant social méiglech Léisungen op a schafft en Aktiounsplang aus am Respekt vun der Legislatioun a senger Deontologie. Jee no de Besoine vun der Persoun orientéiert den Assistant social si an déi kompetent Servicer. Am Virfeld an och dono fält eng ëmfangräich administrativ Aarbecht un: Monitoring vun der Reglementatioun, Gestioun vun den Dossieren, Berichter iwwer Enquêten, Statistiken...

 

Aarbechtsplazen

  • Bildungs- a Betreiungsariichtungen (Maison relais, assistants parentaux, Dagesfoyeren oder Internat, Crèche, Mini-Crèche);
  • Servicer vun der Aide à l’enfance et de la famille;
  • Psychosozial Déngschter (SePAS) an de Lycéeën;
  • Centre psychosocial et d'accompagnement scolaires (CePAS);
  • Kompetenzzentren a spezialiséierter Psychopedagogik.

Erfuerderlech Qualitéiten

  • Kontaktfreedegkeet an Autonomie;
  • Kapazitéit, vertrauensvoll Bezéiungen opzebauen;
  • Maturitéit a perséinlech Ausgeglachenheet;
  • Gedold, Optimismus an Iwwerzeegungskraaft;
  • Gutt nolauschtere kënnen;
  • Empathie weisen an net urteelen.

Studien

  • Bachelor am Beräich Sozialaarbecht (z. B. Bachelor professionnel en sciences sociales et éducatives op der Uni Lëtzebuerg oder gläichwäerteg Studien am Ausland ënnert der Viraussetzung, dass een den Test d’aptitude vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung packt);
  • Héichschoulofschloss um Bachelor-Niveau an der Sozialaarbecht, dee mindestens 25 ECTS fir Stage begräift.

Accès zum Beruff

De Beruff vum Assistant social ass reglementéiert. Dat heescht, dass e Gesetztext d’Konditioune fir d’Ausübung vum Beruff definéiert an een och och eng Autorisatioun vum Gesondheetsministère brauch, fir an dësem Beruff kënnen ze schaffen.

Méi Informatiounen iwwer Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland op mengstudien.lu, e Webportal vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR).

 

#SiefEducatioun ! Däin Job fir d'Zukunft - De Jean-Michel, Assistant social

Dir hutt weider Froen?

Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

Tel. (+352) 80 02 81 81
E-Mail: info@maison-orientation.public.lu
Internetsite: www.maison-orientation.lu

Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 10:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer (mat Ausnam vum Guichet „Études supérieures”, deen nëmmen nomëttes vun 13:00 bis 17:00 Auer op ass)

D’Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, déi ëffentlech Acteuren aus dem Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach gruppéiert. An hirem Beräich „Orientation” kënne Bierger ouni Rendez-vous d’ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) ënnert dem Respekt vum Anonymat en éischt Orientatiounsgespréich féieren.

De Portal mengstudien.lu

De Webportal mengstudien.lu vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR) riicht sech un all Lycées-Schüler a Studenten, déi Héichschoulstudië maache wëllen, awer och u jiddereen, deen erëm wëll e Studium ophuelen. Dir fannt do Informatiounen zu follgenden Themen:

  • Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland, Admissiounscritèren an Aschreiwungsprozeduren op den Universitéiten asw.;
  • d’finanziell Hëllefe fir Héichschoulstudien (Service Aides financières vum MESR);
  • d’Demarchen fir kënnen engem reglementéierte Beruff nozegoen;
  • Informatiounsreuniounen an Evenementer, déi een net sollt verpasse, wéi Webinairen, Portes ouvertes asw.;
  • d’Studentefoire vum MESR, déi all Joer Enn Oktober stattfënnt;
  • d’Publikatioune vun de Servicer Études supérieures (Info études) an Aides financières (AideFi) vum MESR.

Fir all Froen zur Unerkennung vun Héichschouldiplomer, kuckt w.e.g. d’Websäit vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul.

Aktualiséiert