Psycholog (m/w)

Ob et drëm geet, Kranker ze begleeden, Verhalensstéierungen ze erkennen, Persounen ze beroden oder Personal ze rekrutéieren ... de Psycholog lauschtert no, beobacht, evaluéiert a beréit. A senger Praxis oder an enger Ariichtung lauschtert hie senge Clienten no a beréit si: Kanner, Jugendlecher, Erwuessener, Leit mat Behënnerungen, Prisonéier ... Seng Interventioun geet vun engem einfache Berodungsgespréich bis hin zu méi komplexen a laangfristege Begleedungen. Op der Basis vu sengem theoreetesche Wëssen a sengen diagnostesche Kompetenzen intervenéiert de Psycholog an alle Beräicher vun der Gesellschaft (Gesondheet, Educatioun, Sozialberäich, Aarbecht, Justiz, Sport asw.), fir d’Wuelbefannen an/oder déi mental Gesondheet vun deem Eenzelen ze schützen, ze erhalen oder ze verbesseren, fir seng Fäegkeete weiderzëentwéckelen an/oder seng sozial Integratioun ze fërderen.

 

Aarbechtsplazen

  • Grondschoulen (ESEB);  
  • Secondaire (Service socio-éducatif, SePAS, ESEB);
  • Centre psychosocial et d'accompagnement scolaires (CePAS);
  • Bildungs- a Betreiungsariichtungen (Maison relais, assistants parentaux, Dagesfoyer oder Internat, Crèche, Mini-Crèche);
  • Jugendhaiser, sozial-familiär a schoulesch Internater;  
  • Kompetenzzentren a spezialiséierter Psychopedagogik.

Missiounen

  • Am Fondamental:  Begleedung an Ënnerstëtzung vu Schüler mat besonnesche Besoine souwéi alle Kanner am schoulflichtegen Alter a besonnesch vun hiren Elteren an Enseignanten bei psychologeschen, pedagogeschen, erzéiereschen an/oder schoulesche Problemer;
  • Am Secondaire: Hëllef a Berodung fir Jugendlecher, Orientéierung a Preventioun;
  • Erstellung vun Diagnosen (Bedarfsermittlung);
  • Psychologesch a psychoedukativ Berodung vu Schüler an hirer Famill.

Studien

  • Master an der Psychologie

Méi Informatiounen iwwer Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland op mengstudien.lu, e Webportal vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR).

 

#SiefEducatioun ! Däin Job fir d'Zukunft - De Louis, Psycholog

Dir hutt weider Froen?

Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

Tel. (+352) 80 02 81 81
E-Mail: info@maison-orientation.public.lu
Internetsite: www.maison-orientation.lu

Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 10:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer (mat Ausnam vum Guichet „Études supérieures”, deen nëmmen nomëttes vun 13:00 bis 17:00 Auer op ass)

D’Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, déi ëffentlech Acteuren aus dem Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach gruppéiert. An hirem Beräich „Orientation” kënne Bierger ouni Rendez-vous d’ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) ënnert dem Respekt vum Anonymat en éischt Orientatiounsgespréich féieren.

De Portal mengstudien.lu

De Webportal mengstudien.lu vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR) riicht sech un all Lycées-Schüler a Studenten, déi Héichschoulstudië maache wëllen, awer och u jiddereen, deen erëm wëll e Studium ophuelen. Dir fannt do Informatiounen zu follgenden Themen:

  • Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland, Admissiounscritèren an Aschreiwungsprozeduren op den Universitéiten asw.;
  • d’finanziell Hëllefe fir Héichschoulstudien (Service Aides financières vum MESR);
  • d’Demarchen fir kënnen engem reglementéierte Beruff nozegoen;
  • Informatiounsreuniounen an Evenementer, déi een net sollt verpasse, wéi Webinairen, Portes ouvertes asw.;
  • d’Studentefoire vum MESR, déi all Joer Enn Oktober stattfënnt;
  • d’Publikatioune vun de Servicer Études supérieures (Info études) an Aides financières (AideFi) vum MESR.

Fir all Froen zur Unerkennung vun Héichschouldiplomer, kuckt w.e.g. d’Websäit vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul.

Aktualiséiert