Logoped (m/w)

De Logoped, e Kommunikatiouns- a Sproochtherapeut, befaasst sech mat alle Pathologien, déi mam Schwätzen, der Stëmm, der geschwater a geschriwwener Sprooch ze dinn hunn, onofhängeg vun hirer Ursaach, a déi bei Kanner, Jugendlechen, Erwuessenen an eelere Leit optriede kënnen. Hien ass den Therapeut, dee fir d’Preventioun, d’Evaluatioun, d’Behandlung an d’wëssenschaftlech Untersuchung vu Stéierungen um Niveau vun der mënschlecher Kommunikatioun an den domat verbonnene Stéierungen zoustänneg ass. An dësem Kontext ëmfaasst de Begrëff Kommunikatioun all d’Funktiounen, déi mam Verstoen a mam Ausdrocksverméige vun der geschwater an der geschriwwener Sprooch verbonne sinn, genee ewéi all gëeegent Forme vun der non-verbaler Kommunikatioun.

 

Aarbechtplazen

  • Grondschoulen (ESEB);
  • Secondaire (Service socio-éducatif, SePAS, ESEB);
  • Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires (CePAS);
  • Bildungs- a Betreiungsariichtungen (Maison relais, assistants parentaux, Dagesfoyer oder Internat, Crèche, Mini-Crèche);
  • Jugendhaiser, sozial-familiär a schoulesch Internater;
  • Kompetenzzentren a spezialiséierter Psychopedagogik.

Missiounen

  • Méiglechst wäit goe bei der Preventioun vun Entwécklungsretarde bzw. Sekundäre Beanträchtegungen oder Stéierungen;
  • Formatioun an Informatioun vum Gesundheets-, Erzéiungs- a Sanitéitspersonal;
  • Fréierkennung vu Sprochentwécklungsstéierunge bei Kanner;
  • Ureegung an Ënnerstëtzung vun der allgemenger Kompetenzentwécklung bei Schülerinnen a Schüler;
  • Ureegung an Ënnerstëtzung vun de kognitiven, sproochlechen, sensoreschen an/oder sozio-emotionalen Entwécklunge vu Schülerinnen a Schüler;
  • Ënnerstëtzung vun der Entwécklung vun engem positive Selbstbild fir d’Schülerinnen a Schüler an eng Lag ze versetzen, ugemoosse mat hirem sozialen Ëmfeld ze interagéieren.

Studien

  • Bachelorofschloss am Beräich vun der Logopedie;
  • Gläichwäertegen Héichschoulofschloss zum Bachelor;
  • Certificat de capacité d'orthophoniste (Master), Frankreich.

Accès zum Beruff

De Beruff vum Logoped ass reglementéiert. Dat heescht, dass e Gesetztext d’Konditioune fir d’Ausübung vum Beruff definéiert an een och och eng Autorisatioun vum Gesondheetsministère brauch, fir an dësem Beruff kënnen ze schaffen.
Méi Informatiounen iwwer Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland op mengstudien.lu, e Webportal vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR).

 

#SiefEducatioun ! Däin Job fir d'Zukunft - D'Claudine, Orthophonistin

Dir hutt weider Froen?

Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

Tel. (+352) 80 02 81 81
E-Mail: info@maison-orientation.public.lu
Internetsite: www.maison-orientation.lu

Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 10:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer (mat Ausnam vum Guichet „Études supérieures”, deen nëmmen nomëttes vun 13:00 bis 17:00 Auer op ass)

D’Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, déi ëffentlech Acteuren aus dem Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach gruppéiert. An hirem Beräich „Orientation” kënne Bierger ouni Rendez-vous d’ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) ënnert dem Respekt vum Anonymat en éischt Orientatiounsgespréich féieren.

De Portal mengstudien.lu

De Webportal mengstudien.lu vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR) riicht sech un all Lycées-Schüler a Studenten, déi Héichschoulstudië maache wëllen, awer och u jiddereen, deen erëm wëll e Studium ophuelen. Dir fannt do Informatiounen zu follgenden Themen:

  • Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland, Admissiounscritèren an Aschreiwungsprozeduren op den Universitéiten asw.;
  • d’finanziell Hëllefe fir Héichschoulstudien (Service Aides financières vum MESR);
  • d’Demarchen fir kënnen engem reglementéierte Beruff nozegoen;
  • Informatiounsreuniounen an Evenementer, déi een net sollt verpasse, wéi Webinairen, Portes ouvertes asw.;
  • d’Studentefoire vum MESR, déi all Joer Enn Oktober stattfënnt;
  • d’Publikatioune vun de Servicer Études supérieures (Info études) an Aides financières (AideFi) vum MESR.

Fir all Froen zur Unerkennung vun Héichschouldiplomer, kuckt w.e.g. d’Websäit vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul.

Aktualiséiert