
Iwwer de Beruff vum Enseignant eraus stäipt sech de Bildungssystem op eng grouss Zuel vu Professionellen, déi Kanner, Jugendlecher an Erwuessener begleeden an ënnerstëtzen an esou zu hirer Entwécklung an hirer Reussite bäidroen, sief et an der Grondschoul, am Lycée, an de Betreiungsstrukture fir kleng Kanner, de Maison-relaisen, dem Dispositif fir d’Betreiung vu Schüler mat spezifesche Besoinen oder de Servicer vun der Aide à l’enfance.
Entdeckt hei e puer Piste fir Är berufflech Zukunft, déi Äre Preferenzen an Ären Interessien an Talenter entspriechen. Informéiert Iech iwwer déi verschidde Beruffer, d’Formatiounen, fir Zougang zu dëse Beruffer ze kréien, an d’Karriären am Lëtzebuerger Bildungssystem.