edutalk – Podcasten iwwer Theemen aus der Educatioun

edutalk – EduTrends Digitalitéit

D’Editioun 2024 vun EduTrends, der grousser Konferenz iwwer d’Tendenzen an der Educatioun, war voll a ganz op d’Digitalitéit axéiert.

EduTrends Digitalitéit ass e Podcast vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dee sech mat de Chancen an Erausfuerderunge vun der Digitalisatioun an der Bildungslandschaft a mat den digitale Kompetenze beschäftegt, déi an der Schoul entwéckelt ginn.

#1 KI an der Educatioun



Dës Folleg vum Podcast EduTrends Digitalitéit (op Däitsch) behandelt d’kënschtlech Intelligenz an der Bildungslandschaft.

Fir doriwwer ze schwätzen, empfänke mir d’Dr. Isabell Baumann, Fuerscherin iwwer digital Educatioun a Fuerschung op der Uni Lëtzebuerg, de Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, an de Pavle Madzirov, Schouldirekter an Auteur vu Bestseller iwwer kënschtlech Intelligenz an der Educatioun.

#2 Léiere mat digitale Medien

 

An dëser Folleg vum Podcast EduTrends Digitalitéit (op Lëtzebuergesch) geet et ëm d’Digitaliséierung an der Bildungslandschaft.

Fir dëst d’Thema ze diskutéieren, empfänke mir den Dr. Bob Reuter, Proff a Fuerscher op der Universitéit Lëtzebuerg, de Chris Krier, Schoulmeeschter mat Spezialisatioun op digital Kompetenzen, an d’Daniela Hau, Head of Innovation beim Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT).

  • Weider Podcasten an dëser Serie: #3 Vum richtegen Ëmgank mat Ecranen

edutalk – Froen zum Lycée

Zu Lëtzebuerg kréien iwwer 50 000 Schülerinnen a Schüler eng ganz divers ëffentlech Offer vu Lycéeën an internationale Schoulen ugebueden.

Froen zum Lycée ass e Podcast vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, deen Iech hëlleft, déi Choixen ze treffen, déi de Bedierfnesser an Interessie vun Ärem Kand am beschten entspriechen.

#1 National oder international ëffentlech Schoul?

 



An der éischter Folleg vu Froen zum Lycée (op Lëtzebuergesch) stelle mir Iech déi ëffentlech Schouloffer vun de Lycéeën zu Lëtzebuerg vir an erklären Iech den Ënnerscheed tëscht den nationalen an den internationale Schoulprogrammer.

De Max Theis diskutéiert dëst Thema mam Mike Engel vun der Maison de l’orientation, mam Joëlle Garavelli vum Service de l’enseignement secondaire a mat dem Robert Hendel vum Service des offres internationales et européennes.

#2 Klassesche Lycée oder Général?

 



An der zweeter Episod vu Froen zum Lycée (op Lëtzebuergesch) erkläre mir Iech den Ënnerscheed tëscht dem Enseignement classique an dem Enseignement général an de Lycéeën, déi den nationale Schoulprogramm ubidden.

De Claude Karger empfänkt d’Annick Hoffmann an d’Mady Weber vum Service de l’enseignement secondaire, fir iwwert dëst Theema ze schwätzen.

#3 Wéi eng 7e fir mäi Kand?

 



An der drëtter Folleg vu Froen zum Lycée (op Lëtzebuergesch) erkläre mir Iech all déi méiglech Optioune fir Schülerinnen a Schüler, déi op 7e a Lycéeë ginn, déi den nationale Schoulprogramm ubidden.

De Max Theis diskutéiert dëse Sujet mam Joëlle Garavelli a mam Max Conzemius vum Service de l’enseignement secondaire.

#4 Wat fir e Lycée fir Schüler aus dem Ausland?

 



De véierten Episode vu „Froen zum Lycée” (op Franséisch) erkläert d’Méiglechkeeten, déi Studenten aus dem Ausland hunn, fir e Lycée zu Lëtzebuerg ze besichen, egal ob dësen en nationalen oder en internationale Programm ubitt.

D’Isabelle Conotte diskutéiert dëst Thema mam Mike Engel vun der Maison de l’orientation a mam Marco de Oliveira vum Service de l’intégration et de l’accueil scolaires.

 

 

 

Aktualiséiert