Edukatiounsberuffer

Dir interesséiert Iech fir de Beruff vum Enseignant? Dir hutt Freed drun, Kanner a Jugendlecher ze begleeden, wärend si sech entwéckelen an entfalen? Dir sidd motivéiert, an der Ekipp ze schaffen an de Beräich vun der Educatioun inspiréiert Iech? Dir sidd bereet, Äert ganzt Liewe laang un der Säit vun de jonke Schüler an zesumme mat aneren Enseignanten ze léieren?

Op de follgende Säite fannt Dir all d’Informatiounen iwwer d’Studien, déi méiglech an néideg sinn, iwwer d’Rekrutementsprozeduren an iwwer d’Entwécklung vun de Karriären an der Grondschoul an am Secondaire.

Et gëtt eng breet Panoplie vu Méiglechkeeten, déi sech ubidden. De Beruff vum Enseignant ass zukunftsorientéiert: Dir vermëttelt Äre Schüler Wëssen, awer och wichteg Wäerter a Kompetenzen, an hëlleft hinnen, sech ze entfalen an hiert Potenzial ze entdecken.

Et ass och e Beruff, deen Zukunftsaussiichte bitt an Ärer Kreativitéit genee ewéi Ärer berufflecher a perséinlecher Weiderentwécklung vill Raum léisst.

Entdeckt dee Wee, deen am beschte bei Är Talenter a bei Är individuell Zukunftspläng passt!

Dernière mise à jour