Psychomotoriker (m/w)

D’Psychomotorik, e Beruff aus dem paramedezinesche Beräich, befaasst sech mat alle kierperlechen a psycheschen Ausdrocksforme vun enger Persoun. Si berücksiichtegt dobäi motoresch, kognitiv, affektiv an tëschemënschlech Aspekter. Si riicht sech un all Mënsch a senger Gesamtheet, vum Bëbee bis bei déi eeler Persoun. D’Zil vun enger psychomotorescher Betreiung ass et, d’Persoun dozou ze bréngen, sech hire Kierper nees unzëeegnen a sech besser un hir Ëmwelt upassen ze kënnen. De Psychomotoriker ass e Professionellen aus dem Gesondheetsberäich, e sougenannten auxiliaire de médecine, deen op Ordonnance vum Dokter schafft. A sengem psychomotoresche Bilan analyséiert hien déi verschidde psychomotoresch Funktioune vun der betraffener Persoun. Nodeem hien d’Fäegkeeten an d’Schwieregkeeten erfaasst huet, schafft hien en Therapieplang aus.

 

Aarbechtsplazen

  • Grondschoulen (ESEB);
  • Secondaire (Service socio-éducatif, SePAS, ESEB);
  • Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires (CePAS);
  • Bildungs- a Betreiungsariichtungen (Maison relais, assistants parentaux, Dagesfoyer oder Internat, Crèche, Mini-Crèche);
  • Jugendhaiser, sozial-familiär a schoulesch Internater;
  • Kompetenzzentren a spezialiséierter Psychopedagogik.

Missiounen

  • Bewäertung vun de Kapazitéiten an Analys vu besonnesche Besoinen;
  • Upassung vun den Hëllefsmëttel a vum schouleschen a berufflechen Ëmfeld;
  • Training am Ëmgank mat spezifeschem Material;
  • Ënnerstëtzung a Formatioun vu Léierkräften;
  • Virbereedung vu Formatiounen (intern an extern);
  • Sensibiliséierung a Guidance  vum familiären a pedagogeschen Ëmfeld.

Studien

  • Ofschloss als Bachelor (Belsch);
  • Ausbildung an der Psychomotorik, déi zum Diplôme d'État féiert (Frankräich);
  • Bachelor of Arts in Psychomotor Therapy (Schweiz).

Accès zum Beruff

De Beruff vum Psychomotoriker ass reglementéiert. Dat heescht, dass e Gesetztext d’Konditioune fir d’Ausübung vum Beruff definéiert an een och och eng Autorisatioun vum Gesondheetsministère brauch, fir an dësem Beruff kënnen ze schaffen.

Méi Informatiounen iwwer Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland op mengstudien.lu, e Webportal vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR).

 

#SiefEducatioun ! Däin Job fir d'Zukunft - D'Anne Psychomotricienne

Dir hutt weider Froen?

Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

Tel. (+352) 80 02 81 81
E-Mail: info@maison-orientation.public.lu
Internetsite: www.maison-orientation.lu

Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 10:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer (mat Ausnam vum Guichet „Études supérieures”, deen nëmmen nomëttes vun 13:00 bis 17:00 Auer op ass)

D’Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, déi ëffentlech Acteuren aus dem Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach gruppéiert. An hirem Beräich „Orientation” kënne Bierger ouni Rendez-vous d’ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) ënnert dem Respekt vum Anonymat en éischt Orientatiounsgespréich féieren.

De Portal mengstudien.lu

De Webportal mengstudien.lu vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR) riicht sech un all Lycées-Schüler a Studenten, déi Héichschoulstudië maache wëllen, awer och u jiddereen, deen erëm wëll e Studium ophuelen. Dir fannt do Informatiounen zu follgenden Themen:

  • Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland, Admissiounscritèren an Aschreiwungsprozeduren op den Universitéiten asw.;
  • d’finanziell Hëllefe fir Héichschoulstudien (Service Aides financières vum MESR);
  • d’Demarchen fir kënnen engem reglementéierte Beruff nozegoen;
  • Informatiounsreuniounen an Evenementer, déi een net sollt verpasse, wéi Webinairen, Portes ouvertes asw.;
  • d’Studentefoire vum MESR, déi all Joer Enn Oktober stattfënnt;
  • d’Publikatioune vun de Servicer Études supérieures (Info études) an Aides financières (AideFi) vum MESR.

Fir all Froen zur Unerkennung vun Héichschouldiplomer, kuckt w.e.g. d’Websäit vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul.

Aktualiséiert