Educateur gradué (m/w)

Den Educateur gradué ass e Sozialaarbechter, deem säin Zil et ass, e Projet ze entwéckelen, fir enger Persoun oder engem Grupp ze hëllefen. Jee no Zilgrupp a Plaz vun der Interventioun kann hien Aktivitéiten ubidden, déi kreativ, kulturell, sportlech, entspanend sinn oder déi op d’sozial Integratioun oder op d’Aarbechtsëmfeld ausgeriicht sinn. Den Educateur schafft un de Schnëttstellen tëschent verschiddene Welten: Medezin, Psychologie, Sozialberäich, Kultur, Droit, Pedagogie. Hie stellt Verbindungen tëschent dëse Secteuren hir.

 

Aarbechtsplazen

  • Grondschoulen (Précoce, ESEB);
  • Secondaire (Service socio-éducatif, SePAS, ESEB);
  • Centre psychosocial et d’accompagnement scolaires (CePAS);
  • Bildungs- a Betreiungsariichtungen (Maison relais, assistants parentaux, Dagesfoyeren oder Internat, Crèche, Mini-Crèche);
  • Jugendhaiser, sozial-familiär a schoulesch Internater;
  • Kompetenzzentren a spezialiséierter Psychopedagogik.

Missiounen

  • Ëmfank, Betreiung a Begleedung vu Gruppe vu Kanner a Jugendlechen;
  • Ënnerstëtzung vu Kanner an hirer Entwécklung;
  • Ausaarbechtung an Duerchféierung vu soziopedagogesche Projeten;
  • Virschloen an Duerchféierung vun erzéiereschen a spillereschen Aktivitéiten;
  • Betreiung vu Mënschen fir hinnen ze hëllefen ze léieren, wéi si selwer fir sech suergen;
  • Zesummenaarbecht mat pedagogeschen, sozialen, administrativen a politischen Instanzen fir d’Integratioun vu Mënsche mat Schwieregkeeten ze erliichteren.

Studium

  • Akademesch Ausbildungen an Erzéiungs- oder Sozialwëssenschaften;
  • Professionelle Bachelor a Sozial- an Erzéiungswëssenschaften;
  • spezialiséierte Bachelor (z. B. a Kandheetspedagogik).

Méi Informatiounen iwwer Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland op mengstudien.lu, e Webportal vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR).

 

#SiefEducatioun ! Däin Job fir d'Zukunft - De Vlady, Educateur gradué

Dir hutt weider Froen?

Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

Tel. (+352) 80 02 81 81
E-Mail: info@maison-orientation.public.lu
Internetsite: www.maison-orientation.lu

Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 10:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer (mat Ausnam vum Guichet „Études supérieures”, deen nëmmen nomëttes vun 13:00 bis 17:00 Auer op ass)

D’Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, déi ëffentlech Acteuren aus dem Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach gruppéiert. An hirem Beräich „Orientation” kënne Bierger ouni Rendez-vous d’ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) ënnert dem Respekt vum Anonymat en éischt Orientatiounsgespréich féieren.

De Portal mengstudien.lu

De Webportal mengstudien.lu vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR) riicht sech un all Lycées-Schüler a Studenten, déi Héichschoulstudië maache wëllen, awer och u jiddereen, deen erëm wëll e Studium ophuelen. Dir fannt do Informatiounen zu follgenden Themen:

  • Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland, Admissiounscritèren an Aschreiwungsprozeduren op den Universitéiten asw.;
  • d’finanziell Hëllefe fir Héichschoulstudien (Service Aides financières vum MESR);
  • d’Demarchen fir kënnen engem reglementéierte Beruff nozegoen;
  • Informatiounsreuniounen an Evenementer, déi een net sollt verpasse, wéi Webinairen, Portes ouvertes asw.;
  • d’Studentefoire vum MESR, déi all Joer Enn Oktober stattfënnt;
  • d’Publikatioune vun de Servicer Études supérieures (Info études) an Aides financières (AideFi) vum MESR.

Fir all Froen zur Unerkennung vun Héichschouldiplomer, kuckt w.e.g. d’Websäit vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul.

Aktualiséiert