Dolmetscher an der Gebäerdesprooch iwwersetze fir héiergeschiedegt Persoune geschwate Sprooch a Gebäerdesprooch a fir Leit, déi héieren, d’Gebäerdesprooch a geschwate Sprooch. Zu Lëtzebuerg iwwersetzen d’Dolmetscher an der Gebäerdesprooch aus dem Lëtzebuergeschen, Däitschen oder Franséischen an déi däitsch Gebäerdesprooch (Deutsche Gebärdensprache – DGS) an ëmgedréint.
Aarbechtsplazen
- Centre de logopédie;
- Konferenzzenteren, Seminairen, Tëlee asw.
Aufgaben am Centre de logopédie
- Interventioun an de Klassen;
- Participatioun un der Betreiung an Ënnerstëtzung vu Schüler mat Héierschwiregkeeten;
- Dolmetsche vu Bilanen a Gespréicher tëschent gehéierlosen Elteren an Enseignanten;
- Dolmetsche vun offizielle Rendezvousen (z.B. Rieden an Debatten an der Chamber);
- Dolmetsche vu Konferenzen, déi vun engem Ministère organiséiert ginn;
- Dolmetsche vu Weiderbildungen fir Gehéierloser;
- Workshops a Gebäerdesprooch a Projete fir d’Bewosstsäinsbildung.
Studien
- Bachelor / Master Gebärdensprachdolmetscher
Méi Informatiounen iwwer Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland op mengstudien.lu, e Webportal vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR).
Dir hutt weider Froen?
Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg
Tel. (+352) 80 02 81 81
E-Mail: info@maison-orientation.public.lu
Internetsite: www.maison-orientation.lu
Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 10:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer (mat Ausnam vum Guichet „Études supérieures”, deen nëmmen nomëttes vun 13:00 bis 17:00 Auer op ass)
D’Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, déi ëffentlech Acteuren aus dem Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach gruppéiert. An hirem Beräich „Orientation” kënne Bierger ouni Rendez-vous d’ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) ënnert dem Respekt vum Anonymat en éischt Orientatiounsgespréich féieren.
De Portal mengstudien.lu
De Webportal mengstudien.lu vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR) riicht sech un all Lycées-Schüler a Studenten, déi Héichschoulstudië maache wëllen, awer och u jiddereen, deen erëm wëll e Studium ophuelen. Dir fannt do Informatiounen zu follgenden Themen:
- Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland, Admissiounscritèren an Aschreiwungsprozeduren op den Universitéiten asw.;
- d’finanziell Hëllefe fir Héichschoulstudien (Service Aides financières vum MESR);
- d’Demarchen fir kënnen engem reglementéierte Beruff nozegoen;
- Informatiounsreuniounen an Evenementer, déi een net sollt verpasse, wéi Webinairen, Portes ouvertes asw.;
- d’Studentefoire vum MESR, déi all Joer Enn Oktober stattfënnt;
- d’Publikatioune vun de Servicer Études supérieures (Info études) an Aides financières (AideFi) vum MESR.
Fir all Froen zur Unerkennung vun Héichschouldiplomer, kuckt w.e.g. d’Websäit vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul.