Pedagog a Sonderpedagog (m/w)

De Pedagog ass e Spezialist fir d’Entwécklung a fir d’Léiere vu Kanner, Jugendlechen an Erwuessenen. E begleet Eenzelpersounen oder Gruppen an hirem Léier- an Entwécklungsprozess a suergt dofir, datt d’Léierëmfeld methodesch an inhaltlech op déi differenzéiert Besoine vum Zilgrupp ofgestëmmt ass.

 

Aarbechtsplazen

  • Grondschoulen (ESEB)
  • Secondaire (Service socio-éducatif, SePAS, ESEB)
  • Centre psychosocial et d'accompagnement scolaires (CePAS)
  • Bildungs- a Betreiungsariichtungen (Maison relais, assistants parentaux, Dagesfoyer oder Internat, Crèche, Mini-Crèche)
  • Jugendhaiser, sozial-familiär a schoulesch Internater
  • Kompetenzzentren a spezialiséierter Psychopedagogik
  • Erwuessenebildung

Missiounen

  • Berodung, Betreiung, Unterrecht an Erzéiung vu Leit an ënnerschiddleche Liewensberäicher
  • Entwécklung vu Fërderprogrammer a Gestaltung vu Bildungsprozesser

Studien

  • Master an der Pedagogie/ Bildungswëssenschaften
  • Master an der Sonderpedagogik

Méi Informatiounen iwwer Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland op mengstudien.lu, e Webportal vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR).

 

#SiefEducatioun ! Däin Job fir d'Zukunft - D'Jeia, Professer an der Logopedie

Dir hutt weider Froen?

Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

Tel. (+352) 80 02 81 81
E-Mail: info@maison-orientation.public.lu
Internetsite: www.maison-orientation.lu

Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 10:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer (mat Ausnam vum Guichet „Études supérieures”, deen nëmmen nomëttes vun 13:00 bis 17:00 Auer op ass)

D’Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, déi ëffentlech Acteuren aus dem Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach gruppéiert. An hirem Beräich „Orientation” kënne Bierger ouni Rendez-vous d’ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) ënnert dem Respekt vum Anonymat en éischt Orientatiounsgespréich féieren.

De Portal mengstudien.lu

De Webportal mengstudien.lu vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR) riicht sech un all Lycées-Schüler a Studenten, déi Héichschoulstudië maache wëllen, awer och u jiddereen, deen erëm wëll e Studium ophuelen. Dir fannt do Informatiounen zu follgenden Themen:

  • Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland, Admissiounscritèren an Aschreiwungsprozeduren op den Universitéiten asw.
  • d’finanziell Hëllefe fir Héichschoulstudien (Service Aides financières vum MESR)
  • d’Demarchen fir kënnen engem reglementéierte Beruff nozegoen
  • Informatiounsreuniounen an Evenementer, déi een net sollt verpasse, wéi Webinairen, Portes ouvertes asw.
  • d’Studentefoire vum MESR, déi all Joer Enn Oktober stattfënnt
  • d’Publikatioune vun de Servicer Études supérieures (Info études) an Aides financières (AideFi) vum MESR

Fir all Froen zur Unerkennung vun Héichschouldiplomer, kuckt w.e.g. d’Websäit vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul.

Aktualiséiert