Scolarisatioun vun auslännesche Schüler

Zënter engem Joerhonnert spillt d’Immigratioun eng wichteg Roll an der Entwécklung vun der Lëtzebuerger Wirtschaft. En immens héije Prozentsaz vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung besteet aktuell aus auslännesche Matbierger: Den 1. Januar 2024 hate 47,3 % vun der Bevëlkerung net déi Lëtzebuerger Nationalitéit.

De Sproochenunterrecht hëlt eng wichteg Plaz am lëtzebuergesche Bildungssystem an. Déi offiziell Sproochen zu Lëtzebuerg si Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch. D’Kommunikatiounssprooch vun de Lëtzebuerger ass Lëtzebuergesch; Haaptkommunikatiounssprooch tëscht de Lëtzebuerger an den auslännesche Matbierger ass Franséisch.

Zu Lëtzebuerg sinn d’Kanner vu 4 bis 16 Joer schoulflichteg. D’Kanner ginn all 12 Joer laang an d’Schoul, d’éischt an d’Grondschoul, dann an de Lycée.

Jiddwer Kand am schoulflichtegen Alter muss an enger Schoul ageschriwwe sinn, onofhängeg vum Status vun den Elteren. All Kand muss ugeholl ginn.

Déi grouss Majoritéit vun de Kanner a Jugendleche besicht eng ëffentlech Schoul. Et gi Privatschoulen, déi entweeder dee selwechte Programm enseignéiere wéi déi ëffentlech Schoulen oder awer sproochlech oder pedagogesch Varianten ubidden.

 

Hei kritt Dir weider Informatiounen:

Aktualiséiert