Schoulesch a berufflech Orientéierung

Et ginn Zäitpunkten am Liewen, wou e Schüler sech decidéiere muss, wéi ee Wee e wëll aschloen am Hibléck op eventuell Studien, eng Ausbildung oder zukünfteg berufflech Aktivitéiten.

Fir déi aktuell Politik gëlle virun allem dës zwou Definitioune vun Orientéierung:

„D'Orientéierung bezitt sech op eng Rei vun Aktivitéiten, déi et dem Bierger erlaben, zu all Moment vu sengem Liewen seng Fäegkeeten, Kompetenzen an Interessien ze identifizéieren, fundéiert Decisiounen ze huelen am Hibléck op de Choix vu sengen Studien an Ausbildungen wéi och senge berufflechen Aktivitéiten an dëst an engem duebelen Interessi: sech selwer weiderzeentwéckelen, awer och e Bäitrag zur Entwécklung vun der Gesellschaft ze leeschten.“ (FORUM Orientation)

„D’Orientéierung begleet a fërdert e liewenslaangt Léieren an hëlleft deem Eenzelnen, Aarbechtslosegkeet ze vermeiden oder op d’mannst op e Minimum ze reduzéieren. Eng schoulesch a berufflech Orientéierung op héijem Niveau beschränkt sech net dorop, déi perséinlech Entwécklung ze ënnerstëtzen an d’Chancen op eng Aarbechtsplaz ze verbesseren, si dréit am Ganzen zu enger méi breeder a méi staarker sozialer a wirtschaftlecher Entwécklung bäi.“ (Association internationale de l’orientation scolaire et professionnelle)

Am Lëtzebuerger Schoulsystem ginn et verschidde Momenter, wou eng Orientéierung noutwenneg gëtt. An der Grondschoul gëtt et eng éischt Orientéierung um Enn vum Zykel 4, entweeder a Richtung Enseignement secondaire classique oder Enseignement secondaire général (cf. Passage de l’enseignement fondamental à l’enseignement secondaire classique et secondaire général – Iwwergang vun der Grondschoul an den Enseignement secondaire).

Dann, um Lycée, sollen d’Schüler, op Grond vun hire Resultater an Intressien, hir d’Spezialisatioun wielen. All Schoul muss eng Demarche fir d’Orientéierung vu senge Schüler ausschaffen, fir datt jiddwer Jugendlechen dee fir hie richtege Choix kann treffen, deen also sengem Profil gerecht gëtt an him déi beschtméiglech Chancen op Erfolleg garantéiert. Et kënnen och aner Servicer zousätzlech zu Rot gezu ginn. Déi meescht dovu sinn an der Maison de l’orientation regruppéiert.

D’Lycéeë bidden hire Schüler eng schoulesch a berufflech Orientéierung un.

All Lycée muss e Schouletwécklungsplang aussschaffen (PDS), an deem en ënner anerem eng Orientéierungsprozedur definéiert, dee senger Schülerpopulatioun ugepasst ass. Dës Prozedur soll jiddwer Schüler dobäi hëllefen, dee Choix ze treffen, dee sengem Profil am beschten entsprécht an him déi beschtméiglech Chancen op Erfolleg garantéiert.

D’Orientéierung am Lycée

Fir d’Lycéesschüler ginn am Laf vun de Joren am Secondaire an och op lokalem a regionalem Plang eng Rei vun Orientéierungs-, Informatiouns- a Berodungsaktivitéiten ugebueden:

  • um Niveau vun der Informatioun an der Berodung:
    • Publikatiounen an Informatiounsmaterial
    • Websäiten
    • Informatiounen iwwer Héichschoulstudien an den Aarbechtsmaart
    • Evenementer wéi d’„Foire de l’étudiant“
    • Informatiounsveranstaltunge fir d’Schüler vun enger Klass oder engem Lycée an hir Elteren
    • Diskussioune mat den Diploméierten vun deene verschiddene Studiegäng
  • um Niveau vun der Begleedung an der Ausschaffung vu Formatiounsprojeten:
    • pedagogesch Projeten, déi an enger Klass oder alle Klasse vum selwechte Joer realiséiert ginn
    • Tutoratsprogrammer a verschiddene Lycéeën
    • Bildungs- a Beruffsberodung
    • individuell Berodungen
    • eng individuell Begleedung, psychologesch Tester an Ausschaffe vu beruffleche Projeten

Parallel dozou hëllefen d’Compléments aux bulletins an den ënneschte Klassen de Schüler, sech hire Kompetenzen an hirem Potenzial bewosst ze ginn.

Bestëmmten Aktivitéite si méi spezifesch op d’Beruffswiel ausgeriicht:

  • Stagen an de Betriber, virun allem um Enn vun der 5e vum Enseignement secondaire général
  • Informatioun a Sensibiliséierung fir Handwierks- an aner Beruffer:
    • BiZ – Beruffsinformatiouns-Zentrum (Centre de documentation sur les métiers et professions)
    • Websäiten (z. B. beruffer.anelo.lu)
    • Evenementer (z. B.. Girls’ Day – Boys’ Day)
    • Diskussioune mat Vertrieder aus Firmen oder Absolvente vu verschiddene Beruffsausbildungen
    • Mini-Stagen (z. B. Job Shadow Day)
    • Besichtegunge vun Entreprisen
    • Fërderung vum Initiativgeescht (Jonk Entrepreneuren)

SePAS a CePAS

An all Lycée gëtt et e Service psychosocial et d'accompagnement scolaires (SePAS), deen aus enger multidisziplinärer Ekipp (Psychologen, Assistants sociaux, Éducateurs gradués, Professeren, déi als Schoul- a Beruffsberoder fungéieren) besteet. Zu sengen Aktivitéite gehéieren déi psychologesch, psychopedagogesch a sozial Betreiung vum Schüler, d’Preventioun (Sucht-, Gewalt- an AIDS-Preventioun, Verhënnerung vum Schoulofbroch asw.), d’Mediatioun tëscht de Partner vun der Schoul (Schüler, Elteren, Professeren, offiziell Instanzen …).

D’SePAS schaffen all enk mat externen Akteuren zesummen, fir deene Jonken den Zougang zum Aarbechtsmaart ze erliichteren an hinnen ze hëllefen, an der sozialer Wierklechkeet Fouss ze faassen.

D’SePAS gi vum Centre psychosocial et d'accompagnement scolaires (CePAS) ënnerstëtzt.

Antennes locales pour jeunes (ALJ)

D’Antennes locales pour jeunes (ALJ) gehéieren zum Service national de la jeunesse (SNJ). Hir Aufgab ass et, déi Jonk beim Iwwergang tëscht dem Schoul- an dem Beruffsliewen ze ënnerstëtzen. D’ALJ fënnt een op 11 Plazen am Land; doduerch ass een no bei deene Jonken. D’Mataarbechter si spezialiséiert an der Betreiung vu Jugendlechen an der Ëmsetzung vu Programmer, déi hinnen de Wee an en aktiivt Liewen erméiglechen.

Hir Ënnerstëtzung adresséiert sech u Jonker, déi

  • nach an der Schoul sinn, awer um Punkt sinn, dës ze verloossen, ouni awer ze wëssen, wat si da solle maachen,
  • d’Schoul ouni Diplom ofgebrach hunn.

D’ALJ bitt deene Jonken:

  • Rotschléi an Informatiounen iwwer méiglech Formatiounen an d’Beruffsliewen
  • eng individuell Betreiung am Hibléck op weider Studien oder d’Beruffsliewen
  • Alternativen zur Inaktivitéit

Fräiwëllegendéngscht vum SNJ

De Fräiwëllegendéngscht erlaabt et jonke Leit bis drësseg Joer, sech fir e konkrete Projet am Interessi vun der Allgemengheet ze engagéieren. Et ass eng Méiglechkeet, eppes Neits ze léieren an sech iwwer praktesch Erfarungen ze orientéieren. Beim Fräiwëllegendéngscht handelt et sech ëm eng zäitlech begrenzte Vollzäitaktivitéit vun op d’mannst dräi Méint bis maximal engem Joer. Jee no Programm sinn d’Aktivitéiten hei am Land, si kënnen awer anzwousch anescht an Europa oder soss an der Welt stattfannen.

Servicer Info études an AideFi (www.meng-studien.lu)

D’Servicer Information études supérieures (Info études) an Aides financières (AideFi) vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung (ministère de l'Enseignement supérieur et de la recherche, MESR) riichte sech u Schüler, Studenten a Persounen, déi sech fir e Studium interesséieren oder hiert Studium rëm weiderféiere wëllen.

De Service Info études informéiert iwwer Studien a Beruffer souwéi d’Zouloossungsbedéngungen an d’Aschreiwungsprozeduren op den Universitéiten.

De Service AideFi geréiert d’finanziell Bäihëllefe vum Staat fir d’Héichschoulstudien.

Beruffsberodung vun der ADEM (ADEM-OP)

D’Beruffsberodung vun der ADEM (Service d’orientation professionnelle de l’ADEM – ADEM-OP) bitt Jugendlechen an Erwuessenen individuell Orientéierungsgespréicher a kollektiv Informatiounsveranstaltungen un, fir si bei hirer Beruffswiel ze ënnerstëtzen. Zur Beruffsberodung vun der ADEM gehéiert och de BiZ – Beruffsinformatiouns-Zentrum, deen eng grouss Auswiel u Medien iwwer d’Beruffer an hir Ufuerderungen zur Verfügung stellt. D‘ADEM-OP vermëttelt och Léierplazen fir déi berufflech Éischtausbildung an d’Erwuessenenausbildung.

Maison de l’orientation

D’Maison de l’orientation regruppéiert ënner engem Daach déi meescht staatlech Servicer, déi sech ëm d’Beruffsorientéierung këmmeren, wat den Zougang zu den Informatiounen an enger perséinlecher Ënnerstëtzung vereinfacht.

  • De Centre psychosocial et d’accompagnement scolaires (CePAS) këmmert sech ëm Schüler, déi eng ëmfaassend Begleedung a psycho-sozial Ënnerstëtzung brauchen an huet zu deem Zweck verschidden Outilen (Atelieren, kreativ Raim, Interventiounsgruppen, alternativ Léiermethoden asw.) entwéckelt, fir datt sech d’Schüler am schouleschen Ëmfeld wuelfillen.

Tel. (+352) 247-75910
E-Mail: info@cepas.lu
Websäit: www.cepas.lu

  • De Service d’orientation professionnelle de l’Agence pour le développement de l’emploi (ADEM-OP) informéiert iwwer Handwierker/Beruffer a Léierplazen.

Tel. (+352) 247-85480
E-Mail: info.op@adem.public.lu
Websäit: www.adem.lu

  • D’Antennes locales pour jeunes (ALJ) bidden eng individuell Ënnerstëtzung u bei der Ëmsetzung vu schouleschen oder beruffleche Projeten.

Regionalbüro Lëtzebuerg:
Tel. (+352) 247-75941, (+352) 247-75942, (+352) 247-75943, (+352) 247-75944
E-Mail: alj@men.lu

  • De Service national de la jeunesse hëlleft jonke Leit, praktesch Erfarungen am Kader vum Fräiwëllegendéngscht ze sammelen.

Antenne Zentrum
Tel. (+352) 247-86481, (+352) 247-86480
E-Mail: secretariat.transitions@snj.etat.lu
Websäit: www.snj.lu

  • De Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA) begréisst Famillen, déi nei zu Lëtzebuerg ukomm sinn an informéiert a beréit de Schüler a seng Elteren zu alle Froen am Zesummenhang mat de Lëtzebuerger Schoulen.

Tel. (+352) 247-75274
E-Mail: secretariat.sia@men.lu
Websäit: Scolarisation des élèves étrangers : Information et accueil

  • Am selwechten Haus renseignéiert d’Fédération des associations de parents d'élèves (FAPEL) iwwer d’Kooperatioun tëscht Elteren a Schoulen.

Websäit: www.fapel.lu

Aktualiséiert