De sozialpedagogeschen Agent bedeelegt sech un der Betreiung vu Puppelcher, Kanner a Jugendlechen am Aklang mam Nationale Referenzkader fir déi non-formal Bildung vu Kanner a Jugendlechen, deen an alle Strukture vum Chèque-service accueil applizéiert gëtt.
Aarbechtsplazen
- Bildungs- a Betreiungsariichtungen (Maison relais, Dagesfoyeren oder Internat, Crèche, Mini-Crèche)
- Foyere fir Kanner a Jonker
Missiounen am Bildungssystem
- Kanner an ënnerschiddlechem Alter observéieren an hier Besoinen erkennen
- sech mat Precautioun em Bëbee këmmeren
- d’Entwécklung vu (Kleng-)Kanner begleeden an dozou bäidroen, e Raum ze schafen, an dem si fräi experimentéieren a sech sou fräi entfale kënnen
Studien
D’Formatioun, déi zum Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) Agent socio-pédagogique féiert, dauert dräi Joer a Vollzäit an der Schoul. Fënnef Stage vu véier bis sechs Wochen erlaben et, d’Aarbecht mat de Kanner ze entdecken.
Déi erwuesse Léierpersoune verbréngen zwee Deeg an der Woch an der Schoul an dräi Deeg am Ausbildungsbetrib. An der Erwuesseneformatioun ass e Léiervertrag an enger Struktur fir Kannerbetreiung néideg.
D’initial Formatiounen op Däitsch am DAP Agent socio-pédagogique sinn an dëse Lycéeën disponibel:
- Lycée du Nord
- Nordstad-Lycée
- École privée Sainte-Anne
- Bouneweger Lycée Luxembourg
- École privée Fieldgen
- Lycée Guillaume Kroll
- École privée Marie-Consolatrice
- Maacher Lycée Grevenmacher
D’initial Formatiounen op Franséisch am DAP Agent socio-pédagogique sinn an dëse Lycéeën disponibel:
- École privée Sainte-Anne
- Lycée technique du Centre
- Lycée Mathias-Adam
- Lycée Nic Biever
D’Formatiounen DAP Agent socio-pédagogique fir Erwuessener sinn an der École nationale pour adultes (ENAD) disponibel.
Dir hutt weider Froen?
Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg
Tel. (+352) 80 02 81 81
E-Mail: info@m-o.lu
Internetsite: www.maison-orientation.lu
Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 8 bis 17 Auer (ouni Rendez-vous)
Rendez-vouse kënnen op MyGuichet.lu geholl ginn.
D’Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, déi ëffentlech Acteuren aus dem Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach gruppéiert. An hirem Beräich „Orientation” kënne Bierger ouni Rendezvous d’ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) ënnert dem Respekt vum Anonymat en éischt Orientatiounsgespréich féieren.