Prioritéite vun der Bildungspolitik

D’Bildung ass a bleift eng zentral Erausfuerderung, op där d’Zukunft vun eise Kanner an eiser Gesellschaft opbaut. Dofir wäert d’Bildungspolitik och weiderhin d’Ambitioun hunn, all Acteuren zesummenzebréngen, fir gemeinsam dofir ze suergen, datt all Kand, all Jugendlechen an all Erwuessenen déi bescht Chancë kritt, fir säi Parcours, seng perséinlech Entwécklung a säi Wuelbefannen ze ënnerstëtzen, mam Zil, sech erfollegräich an der Gesellschaft vun haut a vu muer ze integréieren.

An de leschten zéng Joer ass zu Lëtzebuerg vill an eng Bildung investéiert ginn, déi d’Kand an de Mëttelpunkt stellt, dat souwuel an der formaler wéi och an der nonformaler Bildung. Och an deenen nächste fënnef Joer wäert et d’Ambitioun sinn, déi formal an déi nonformal Bildung als gläichberechtegte Partner zesummenzeréckelen an d’Qualitéit a béide Beräicher gläichwäerteg ze entwéckelen. Fir d’Kanner an déi Jonk ze stäerken, wäert d’Regierung och an deene kommende fënnef Joer eis Bildungslandschaft konsequent ausbauen, vernetzen an developpéieren.

Eng Bildungspolitik, déi wëssenschaftlech begleet gëtt: Fir de Bildungssystem weider deenen diversen Entwécklungen zu Lëtzebuerg unzepassen, ass et wichteg, déi bestoend Projeten an Initiative reegelméisseg ze iwwerpréiwen an nei Reformen oder Pilotprojete vun Ufank u wëssenschaftlech ze begleeden. De Monitoring vum Bildungssystem mam Zil, fuerschungs- a faktebaséiert politesch Entscheedungen treffen ze kënnen, ass de Grondstee vun enger moderner Bildungslandschaft.

Eng Bildungspolitik am Dialog mat allen Acteuren: De Bildungssystem vum 21. Joerhonnert gëtt vu ville Schëllere gedroen. Fir all Kand déi bescht Chancen op seng schoulesch a perséinlech Entwécklung ze bidden, mussen all Bildungspartner un engem Strang zéien. De reegelméissegen Echange mat allen Acteuren aus de Beräicher Educatioun, Kanner a Jugend genee wéi e strukturéierten Dialog iwwer geziilt Sujete gi weidergefouert, fir datt d’Bildungspolitik op engem breede Konsens baséiert.  

E gudde Start op de Bildungswee

Kleng Kanner solle scho kënne vun enger qualitativ héichwäerteger Bildungs- a Betreiungsoffer profitéieren. Dëst ass immens wichteg fir hir Zukunftschancen. Dofir gëtt weider an d’Qualitéit vun de Crèchen investéiert, andeems virun allem de Betreiungsschlëssel progressiv verbessert gëtt. An engems ginn d’Formatioune vum Personal an d’Qualitéitskontrollen an de Strukturen ausgebaut an innovativ Betreiungskonzepter gefërdert.

Beim Start an d’Grondschoul befannen sech d’Kanner an enger entscheedender Phase vun hirer Entwécklung. Dofir wäert d’Regierung net nëmmen dofir suergen, dass all Kand eng Plaz am Precoce soll kënne kréien, mee dass et och am ganze Cycle 1 optimal begleet gëtt. An deem Sënn gëtt niewent dem Precoce och an de Klasse vum Cycle 1.1 an 1.2 no an no en zweeten Intervenant agefouert, deen Hand an Hand mam Enseignant doru schafft, den Unterrecht un d’Besoine vum Kand unzepassen, sou dass et déi beschte Startchancen op sengem schoulesche Wee kritt.

Gutt an de schoulesche Parcours starte bedeit och, an där Sprooch kënnen alphabetiséiert ginn, an där een sech wuelfillt. De Pilotprojet vun der fakultativer Alphabetiséierung op Franséisch gëtt weiderhi wëssenschaftlech begleet an evaluéiert an d’Enseignante gi landeswäit weiderforméiert en Vue vun enger schrëttweiser Generaliséierung um nationale Plang vun der d’Rentrée 2026/2027 un.

Net nëmme bei de klenge Kanner ass et wichteg, datt déi formal an déi nonformal Bildung Hand an Hand schaffen. D’Regierung wäert zesumme mat de Gemengen dofir suergen, datt all Kand vun 2030 un e Recht op eng Ganzdaags-Bildungsoffer huet.

Eng Schoul mat moderne Programmer a Contenuen

D’Schoul un d’Ufuerderunge vun der Gesellschaft upassen ass de But vum neie Léierplang, fir deen 2022 e breede Consultatiounsprozess mat allen Acteure gestart gouf, fir d’Kompetenze vum 21. Joerhonnert méi staark an de Programmer ze verankeren. De Projet neie Léierplang am Fondamental gëtt elo vun der neier Regierung weidergefouert a vun der Rentrée 2026/2027 un ëmgesat, fir esou ganz ënnerschiddlech Kompetenze wéi Kreativitéit, Kollaboratioun, kritescht Denken, awer och eis Méisproochegkeet an d’Digitalitéit méi staark ze fërderen.

Wéi am Enseignement fondamental gëtt och am Secondaire eng breet ugeluechte Consultatioun iwwer d’Moderniséierung vun de Schoulprogrammer gestart. Unterrechtsmethode wéi den Enseignement par projets gi gefërdert an aktuell Thematiken, wéi d’Digitaliséierung, d’nohalteg Entwécklung, awer och zum Beispill den Ëmgang mat Finanzen oder d’gesond Ernierung, gi verstäerkt an de Programmer verankert.

Eng Opwäertung vun der Beruffsausbildung mat enger méi breeder a moderner Offer

Fir d’Handwierk ze valoriséieren, sollen d’Kanner scho fréi d’Vilfalt vun de Beruffer kënnen entdecken, dat an der Grondschoul, am Lycée an och an der nonformaler Bildung vun Ufank un. Nëmmen esou si se prett, fir hire spéidere schouleschen a beruffleche Wee a beschtméigleche Konditiounen anzeschloen.

Och an der Beruffsausbildung ginn d’Formatioune weider moderniséiert an dynamiséiert, thematesch, sproochlech, mee och duerch d’Aféierung vun neie Qualifizéierungsweeër, wéi d’Première DAP. Dëse Parcours gëtt och Schülerinnen a Schüler aus den ieweschte Klasse vum Enseignement classique a général d’Méiglechkeet, eng Léier unzefänken an hiren Diplôme d’aptitude professionelle (DAP) am Joer ofzeschléissen, nodeems si hire Premières-Diplom kritt hunn.

Fir munch Formatioune méi no bei d’Schüler ze bréngen, wäert d’École d’hôtellerie et de tourisme du Luxembourg en zweete Standuert am Süde vum Land kréien. D’Offer vum Lycée privé Emile Metz am Süde vum Land gëtt iwwerdeems ausgedeent. Donieft sinn zwee weider Centres nationaux de formation professionnelle continue (CNFPC) geplangt.

D’Regierung wäert zesumme mat de Beruffskummeren eng Formation professionelle supérieure schafen, fir deene Jonken och nom Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) an dem Diplôme de technicien (DT) weiderféierend Ausbildungen unzebidden.

Eng Sproochenoffer, déi der Diversitéit vun der Schoulpopulatioun Rechnung dréit

International ëffentlech Schoulen: All Joer komme vill Kanner an déi ëffentlech Schoul, déi hir Scolaritéit an engem anere Land ugefaangen hunn. Fir dëser grousser Demande gerecht ze ginn, wäerten an den nächste Joren dräi weider ëffentlech europäesch Schoulen opgoen. An engems gëtt weiderhin analyséiert, wéi sech den Enseignement an dëse Schoulen entwéckelt an d’Erfarungen am Ëmgang mat enger heterogener Schoulpopulatioun am internationale System ginn analyséiert. Déi Schoule mam nationale Programm an déi ëffentlech europäesch Schoule solle vunenee kënne léieren, fir de Schülerinnen a Schüler deen Enseignement kënnen unzebidden, deen si brauchen.

Flexibilitéit vun de Sproochen am nationale System: Esou wéi an der Grondschoul de Projet vun der fakultativer Alphabetiséierung op Franséisch versicht, der Erausfuerderung vun engem un d’Entwécklung vun der Populatioun adaptéierte Sproochenunterrecht gerecht ze ginn, sollen d’Schülerinnen an d’Schüler och am Lycée méi Choix bei de Sprooche kréien. Dofir gëtt zesumme mat alle Partner e globaalt Konzept fir ee méi flexibele Sproochenunterrecht am Secondaire ausgeschafft.

E Bildungssystem, deen sech këmmert

D’schoulesch Inclusioun ass a bleift eng vun de grousse Prioritéiten. Dofir ginn d’Équipes de soutien des enfants à besoins éducatifs spécifiques (ESEB) weider gestäerkt a méi spezialiséiert Personal agestallt, fir d’Kanner mat besonnesche Besoine kompetent ze begleeden. Dës Kanner sollen och ouni Restriktioun Zougang op d’nonformal Bildungsoffer kréien. Dofir ginn och an dësem Beräich d’Inclusiounsefforte gestäerkt.

An engems gëtt d’Netzwierk vu regionalen Antenne vun de Kompetenzzentren ausgebaut, fir dass all Kand op hir Offer kann zeréckgräifen, egal wou et wunnt. All Kand an all Jonken huet d’Recht op eng beschtméiglech Entwécklung an hiert Ëmfeld soll si dobäi ënnerstëtzen.

A wann d’Eltere mol Rot an Hëllef brauchen, da sollen si déi bei enger moderner Kanner- a Familljenhëllef fannen. Dofir ass et wichteg, dass d’Mesuren, haaptsächlech déi preventiv ambulant Offeren, ausgebaut ginn an och méi accessibel ginn. D’Vernetzung mat der Schoul, do, wou d’Kanner an déi Jonk sech all Dag begéinen, ass dobäi en zentrale Punkt, fir dass d’Ënnerstëtzung och schnell do ukënnt, wou se gebraucht gëtt.

D’Aarbechte ronderëm de Gesetzesprojet zum Jugendschutz gi weidergefouert a schnellstméiglech ëmgesat.

De Kampf géint den Décrochage scolaire ass och an dëser Legislatur eng grouss Prioritéit. De Réseau vun de Centres d’insertion socio-professionnelle (CISP) gëtt ausgebaut, fir Schülerinnen a Schüler, déi riskéieren hir Scolarisatioun ofzebriechen, trotzdeem zu engem Schoulofschloss ze begleeden. Iwwerdeems gëtt eng spezifesch Schouloffer fir Lycées-Schülerinnen a -Schüler mat Verhalensopfällegkeete geschaf.

Wuelbefanne fërderen, fir Kanner a Jonker ze stäerken

Jiddereen, deen am Bildungssystem ass, soll sech hei gutt a gebuerge spieren a bei Problemer direkt an onkomplizéiert Hëllef kréien. Dofir ginn déi psychosozial Ekippen an de Lycéeë gestäerkt geneeësou wéi d’Zesummenaarbecht mat de Professionellen aus dem nonformale Secteur. Wee mat Kanner a Jugendleche schafft, soll Coursë kënne maachen, fir psychesch Problemer ze erkennen an de Betraffenen eng éischt Hëllef kënnen unzebidden. De Mobbing ze bekämpfen, ass eng Aufgab vun eis all. Dofir gëtt an dëser Legislatur en nationalen Anti-Mobbing-Programm op d’Bee gestallt.

Jonker mussen och ausserhalb vun der Schoul attraktiv Méiglechkeete fannen, fir hir Fräizäit ze gestalten an sech am Kontakt mat anere Jonken an enger gudder Ambiance weiderentwéckelen ze kënnen. Dofir gëtt d’Netzwierk vun de Jugendhaiser am Zesummespill mat de Gemengen ausgebaut an et ginn zousätzlech Offere geschaf, wéi de pedagogeschen Zenter Vivre les langues, wou Kanner a Jugendlecher de Räichtum vun de Sproochen an de Kulturen op spilleresch Aart a Weis kenne léiere kënnen.

Fir Jonker, déi wéinst engem schwéiere familiären Ëmfeld net méi doheem kënne wunnen, solle genuch Wunnenge mat engem fachlechen Encadrement geschafe ginn.

Eng kontinuéierlech Weiderentwécklung vum System duerch Pilotprojeten

Vill wichteg Reformen am Bildungswiesen hu mat Pilotprojeten ugefaangen. Et ass e Kader, fir innovativ Konzepter ze testen, ze evaluéieren a weiderzëentwéckelen. Bestoend Pilotprojete wéi déi fakultativ Alphabetiséierung op Franséisch gi weidergefouert, evaluéiert a gegeebenenfalls generaliséiert. An engems ginn nei Pilotprojete gestart.

Esou wäert d’Regierung nieft der Evaluéierung vun de regionalen Direktiounen an der Grondschoul och ee Pilotlycée an enger Grondschoul lancéieren, wou d’Direktioun direkt an der Schoul present ass.

Och sollen déi verschidden Aspekter vum Gesetz vun 2009 iwwer d’Grondschoulen evaluéiert an eventuell adaptéiert ginn. Gläichzäiteg gëtt op den ënneschte Klasse vum Secondaire général de Bewäertungs- a Promotiounssystem ënnert d’Lupp geholl.

Fir déi iewescht Klasse gëtt zesumme mat de Schoulpartneren en neit Organisatiounskonzept ausgeschafft. Dëst Konzept, dat a Pilotlycéeë getest wäert ginn, soll de Schülerinnen a Schüler méi Choix tëschent de Fächer bidden a soumat d’Sektiounen ersetzen.

 

Aktualiséiert