Den Educateur ass am edukativen an am soziale Beräich täteg, säin Haaptatout ass seng Villsäitegkeet. D’Entwécklung vun de Studie vum Educateur ass enk mat der Entwécklung vum Bildungs- a Sozialwiesen zu Lëtzebuerg verbonnen. Sou huet sech säin Tätegkeetsberäich permanent erweidert an ëmfaasst haut ënner anerem: all Forme vu Kannerbetreiung a -fleeg, Foyere fir Kanner a Jugendlecher, Jugendhaiser, de Secteur vum Handicap an de Secteur vun den eelere Leit.

Aarbechtsplazen
- Bildungs- a Betreiungsariichtungen (Maison relais, assistants parentaux, Dagesfoyer oder Internat, Crèche, Mini-Crèche)
- Jugendhäuser
- Kompetenzzentren a spezialiséierter Psychopedagogik
- Secondaire an international Schoulen
- Wunnheemer
Missiounen am Bildungssystem
- Empfang, Betreiung a Begleedung vu Gruppe vu Kanner a Jugendlechen
- Ënnerstëtzung vu Kanner an hirer Entwécklung
- Ausaarbechtung an Duerchféierung vu soziopedagogesche Projeten
- Virschloen an Duerchféierung vun erzéiereschen a spillereschen Aktivitéiten
Studien
Ausbildung zum Educateur (GED) am Secondaire (3 Joer), déi zum staatlechen Erzéierdiplom féiert:
- Grondausbildung:
- Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES)
- Lycée Bel-Val (LBV)
- beruffsbegleedend Formatioun:
- École nationale pour adultes (ENAD)
Grondausbildung a beruffsbegleedend Ausbildung si momentan op Däitsch. Den LBV an d’ENAD bidden se vum Schouljoer 2025/2026 och op Franséisch un.


Dir hutt weider Froen?
Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg
Tel. (+352) 80 02 81 81
E-Mail: info@maison-orientation.public.lu
Internetsite: www.maison-orientation.lu
Ëffnungszäiten:
- méindes, denschdes, mëttwochs a freides vun 13 bis 17 Auer (ouni Rendezvous)
- donneschdes vun 8 bis 17 Auer (op Rendezvous; mat Ausnam vum Guichet „Études supérieures”, deen nëmmen déi uewe genannte Wochendeeg vun 13 bis 17 Auer op ass)
D’Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, déi ëffentlech Acteuren aus dem Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach gruppéiert. An hirem Beräich „Orientation” kënne Bierger ouni Rendezvous d’ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) ënnert dem Respekt vum Anonymat en éischt Orientatiounsgespréich féieren.