Accessibilitéit

D'Organ "Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend" verflicht sech dozou säin Internetsite accessibel ze maachen, konform zum Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwert d’Accessibilitéit vu Websäiten a mobillen Appe vun Organer aus dem ëffentleche Secteur. Dës Accessibilitéitserklärung betrëfft: https://men.public.lu/

Wat ass d'digital Accessibilitéit?

Jidderee muss déi op enger Websäit oder Applikatioun ugewisen Informatiounen einfach ofruffe kënnen, besonnesch Persoune mat enger Behënnerung an/oder déi eng Assistenz-Software oder spezialiséiert Material (blann Persounen, Persounen mat enger Behënnerung un den Aen oder engem aneren Handicap) benotzen.

Konformitéitsstatut

Dësen Internetsite ass partiell konform mat der europäescher Norm EN 301 549 an dem RGAA v4.1 .

Net-accessibele Contenu

De folgende Contenu ass net accessibel aus folgende Grënn:

Net konform

Mir engagéieren eis, dës Punkten esou séier ewéi méiglech ze verbesseren

  • Verschidde Repèrë musse verbessert ginn, fir den Zougrëff vun den Assistenztechnologien ze vereinfachen (zum Beispill: d'Beschrëftung vun de Sichberäicher, d'Kennzeechnung vun de Paginatiounsberäicher)
  • Ännerunge vun der Sprooch si bei verschiddenen engleschen, däitschen a franséische Begrëffer net uginn.
  • Verschidden Inhalter verännere sech op eng dynamesch Manéier, ouni datt de Benotzer doriwwer informéiert gëtt (Beispill: d’Sichresultater vum Agenda).
  • Op verschiddene Säiten ass déi hierarchesch Reiefolleg vun den Titelen net pertinent;
  • A verschiddenen Inhalter, déi vun iframe agebett sinn, si Feeler (net autoriséiert Attributer, Identifizéierungen).

Onverhältnesméisseg Belaaschtung

  • In der Site-Kopfzeile unterscheidet sich die Reihenfolge der Tastaturnavigation von der visuellen Reihenfolge zwischen dem Menü, den Sprachen und dem Suchformular
  • D'Linken an den ënnergeuerdente Menüe vun der Haaptnavigatiounsläischt kënnen net vun der Navigatiounsläischt aus mat der Tastatur erreecht ginn. Den Zougrëff op dës Säiten ass awer vun der Navigatiounsläischt a vun der Fousszeil aus méiglech.
  • Vereenzelt Komponente vum Interface weise Lacunnen op, wat d'Manipulatioun duerch d'Assistenztechnologien ugeet:
    • An der mobiller Versioun, d'Felder fir de Menü an d'Filteren opzeruffen;
    • an der Sich, d'Manipulatioun vun de Filteren.
  • Dëst däerft den Zougang zur Informatioun allerdéngs net blockéieren. Ausserdeem wäerten dës Komponenten an enger zukünfteger Versioun iwwerschafft ginn, fir d'Erliefnes vum Utilisateur ze verbesseren a komplett kompatibel ze sinn, wat d'Accessibilitéit ugeet;
  • Déi redigéiert Inhalter, a virun allem déi eelst, kënnen Net-Konformitéiten opweisen:
    • schlecht formatéiert Lëschten an Tëschentitelen.
    • ongëeegent Titele vu Linken an Alternative fir Biller,
    • net identifizéiert Ännerunge vun der Sprooch
    • eidele Paragraf
  • Verschidde Videoen, déi nom 23. September 2020 verëffentlecht goufen, hu keng adaptéiert Texttranskriptioun. Mir beméien eis, fir d’Messagen, déi am Video iwwermëttelt ginn, an den Texter dernieft zur Verfügung ze stellen.
  • Verschidde Validitéitsfeeler beim HTML-Code kënnen Assistenz-Technologië stéieren.
  • All déi op der Websäit disponibel Dokumenter sinn net onbedéngt konform mat der Norm EN 301 549 V2.1.2. Mir beméien eis, Iech op Nofro d'Informatioune fir eng accessibel Alternativ zoukommen ze loossen.

Inhalter, op déi sech d'Gesetz vum 28. Mee 2019 net applizéieren

  • D'Downloaden, déi vun anere Verwaltunge bereetgestallt ginn, ënnerleien net eiser Kontroll. 
  • All d'Videoen, déi virum 23. September 2020 op eisem Site verëffentlecht gi sinn.
  • All déi interaktiv Kaarte sinn net concernéiert, virausgesat, déi weesentlech Informatioune ginn an engem zougänglechen digitale Format zur Verfügung gestallt. Mir beméien eis, datt se kënne weiderhin identifizéiert ginn an iwwerpréiwen, datt se keng Fale verursaachen.

Virbereedung vun dëser Accessibilitéitserklärung

Dës Erklärung gouf den 9.8.2021 erstallt. D'Angaben an dëser Erklärung si korrekt a baséieren op enger effektiver Konformitéitsbewärtung vum Internetsite mat den am RGAA 4.1 fixéierten Ufuerderungen, wéi eng Evaluatioun duerch e drëtt Organ: Service information et presse. Déi lescht Reevaluatioun vun der Erklärung war den 29/03/2022.

Feedback a Kontakt

  • schrëftlech an engem Dokument oder per E-Mail;
  • mëndlech an engem Gespréich oder per Telefon.

Prozeduren fir sécherzestellen, dass d'Dispositiounen agehale ginn

Am Fall wou d'Äntwert net zefriddestellend ass, hutt Dir och d'Méiglechkeet den Informatiouns- a Pressedéngscht (Service information et presse), dee fir d'Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, doriwwer z'informéieren, entweder iwwert den Online-Formulaire fir Reklamatiounen, oder den Ombudsmann, Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg.

 

 

 


Dës Erklärung baséiert op deem an der der Implementéierungsdecisioun (EU) 2018/1523 definéiertem Virlag-Dokument. Dës Virlag gehéiert der Europäescher Unioun, a steet ënnert enger Creative Commons Attribution 4.0 International Lizenz.

Aktualiséiert