Pilotage a Kontrollmoossnamen

D’Kontrollmoossname gi vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend bereetgestallt a vun der Division du traitement de données sur la qualité de l'encadrement et de l'offre scolaire et éducative vum SCRIPT (Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques) koordinéiert. Si bestinn aus enger Rei vun nationalen an internationalen Tester.

D’Zil vun de Kontrollmoossnamen ass, iwwer d’Tester eng Bilanz vun de Schüler hire Léierresultater an deene verschiddene Kompetenzberäicher zu Schlësselmomenter an hirem schoulesche Parcours maachen ze kënnen. Betraff sinn den Enseignement fondamental an déi ënnescht Klasse vum Enseignement secondaire classique a secondaire général.

D’Resultater vun den Tester sinn deemno eng Momentopnam vun de Schüler hire schoulesche Kompetenzen a verschiddene Fächer, am Géigesaz zu de Prüfungen an der Klass, déi de Schüler hir Fortschrëtter wärend dem Joer dokumentéieren.

D’Ëmsetzung vun de Kontrollmoossname geschitt an e puer Etappen:

  1. d’Inhalter vun de Tester zesummestellen;
  2. d’Tester duerchféieren;
  3. d’Tester verbesseren an d’Resultater auswäerten;
  4. d’Tester den Enseignanten zeréckginn; an
  5. eventuell d’Tester an d’Resultater fir Interesséierter bereetstellen.

D’Verwendung vun den Tester a Resultater geschitt op verschiddenen Niveauen:

  • um Niveau vum Schoulsystem: Gestaltung vun der Bildungspolitik;
  • um Niveau vun der Schoul: Schoulentwécklungsplang
  • um Niveau vun der Klass: pedagogeschen Austausch
  • op individuellem Plang: Orientéierung oder och Betreiung vun de Schüler

D’Kontroll geschitt an enker Zesummenaarbecht mat de Schoulen, souwuel beim Ausschaffe vun den Tester wéi och an hirer Organisatioun.

 

Hei fannt Dir weider Informatiounen:

Aktualiséiert