Sproochen an der Lëtzebuerger Schoul

Lëtzebuerg ass en dräisproochegt Land. D’Nationalsprooch ass Lëtzebuergesch, d’Gesetzer sinn op Franséisch verfaasst, administrativ Sprooche si Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch.

D’Sproochen, déi vun auslännesche Matbierger geschwat ginn, virun allem Portugisesch an Englesch, huelen u Bedeitung zou.

De Schoulsystem ass och méisproocheg; schonn an der traditioneller Grondschoul gi Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch benotzt. Dës Méisproochegkeet ass an eiser Welt ouni Grenzen ee vun de grousse Virdeeler fir d’Jugend. Gläichzäiteg ass se awer eng Erausfuerderung fir déi vill Schüler, déi ganz aner Mammesproochen hunn.

Eng Politik vun der Diversifizéierung vun der schoulescher Offer huet dozou geféiert, datt eng Rei ëffentlech international Schoulen opgaange sinn, déi déi traditionell schoulesch Landschaft zu Lëtzebuerg completéieren. Dës Schoule bidden de Schüler eng grouss Flexibilitéit, wat d’Sproocheléieren ugeet.

Traditionell Offer

An der Crèche

E Programm vun der méisproocheger Erzéiung gëtt an alle Betreiungsstrukturen, déi Prestataire vum Chèque-service-accueil sinn, fir Kanner vun 1 bis 4 Joer ugebueden. D’Kanner an dësem Alter kommen all a Kontakt mat der lëtzebuergescher an der franséischer Sprooch, an zwar op eng spilleresch Aart a Weis, hirem Alter a Rhythmus ugepasst. D’Sprooche ginn zwanglos an den Alldag integréiert: beim Iessen, beim Spadséieregoen, bei de Spiller, de Reimen asw.

Och d’Mammesprooche vun de Kanner ginn ënnerstëtzt.

An der Grondschoul

Am Cycle 1 (Kanner vun 3 bis 5 Joer) gëtt eng méisproocheg Approche mam Fokus op Lëtzebuergesch a Franséisch ëmgesat, woubäi awer och d’Mammesprooche vun de Kanner hir Plaz fannen. Kommunikatiounssprooch ass Lëtzebuergesch, verschidde Spillaktivitéiten an der Woch ginn op Franséisch organiséiert.

D’Kanner ginn esou op d’Schoul an déi méisproocheg Gesellschaft, an där se opwuessen, virbereet.

An de Cyclen 2 bis 4 (Kanner vu 6 bis 11 Joer) ass Däitsch d’Haaptunterrechtssprooch; all d’Fächer, ausser Franséisch, ginn op Däitsch enseignéiert. D’Kanner ginn op Däitsch alphabetiséiert.

Den Unterrecht fir dat mëndlecht Franséisch fänkt am Cycle 2 un. Vum Cycle 3.1 u steet och dat schrëftlecht Franséisch um Programm.

Am Secondaire classique

Bis op 5e ESC (3. Joer vum Enseignement secondaire classique) ass d’Unterrechtssprooch Däitsch, ausser fir d’Fächer Franséisch a Mathematik.

Englesch gëtt vun der 6e ESC moderne (3. Joer vum Enseignement secondaire classique) resp. 5e ESC latine un enseignéiert.

Vun der 4e ESC un (4. Joer vum Enseignement secondaire classique) ginn d’Fächer all op Franséisch enseignéiert, ausser Däitsch an Englesch, wou d’Zilsprooch och Unterrechtssprooch ass.

Vun der 3e ESC un (5. Joer vum Enseignement secondaire classique) kënnen d’Schüler eng véiert Sprooch derbäihuelen: Italieneesch, Spuenesch oder Portugisesch.

Am Secondaire général

An den ënneschte Klassen ass d’Unterrechtssprooch Däitsch, just d’Mathematik gëtt op Franséisch enseignéiert. Englesch steet vun der 6e ESG un um Programm.

An den ieweschte Klassen ass d’Unterrechtssprooch am Allgemengen Däitsch, et gëtt just e puer Fächer, déi op Franséisch enseignéiert ginn. Vun der 4e ESG u gëtt et Klasse mat spezieller Sproochereegelung (classes à régime linguistique spécifique), wou d’Unterrechtssprooch Franséisch ass.

Am Secondaire classique a général gëtt et Klasse mat enger spezifescher Sproochenoffer, jee no de Besoine vun de Schüler.

Vum Schouljoer 2021-2022 u steet fir d’Schüler vun der 4e ESC an ESG Lëtzebuergesch um Programm, mat dräi Schwéierpunkter: Lëtzebuerger Sprooch, allgemengt Wëssen iwwer d’Land, Lëtzebuerger Gesellschaft a Kultur.

Ëffentlech international Offer

Am ëffentlechen europäeschen Unterrecht

Verschidden ëffentlech international Schoulen funktionéieren no de Programmer, Promotiounskrittären a Stonnepläng vum System vun den Europaschoulen. D’Schüler kënne sech hei gratis aschreiwen. Dës Schoule bidden den Enseignement primaire (Grondschoul) européen an den Enseignement secondaire européen un, dee mam Baccalauréat européen ofschléisst:

An den europäesche Schoulen hunn d’Schüler e flexibele Sproocheprogramm, dee mat der Alphabetiséierung an hirer dominanter Sprooch (oder Mammesprooch) ufänkt.

Am europäesche Grondschoulunterrecht

Am éischte Joer vun der Grondschoul (P1) wielt de Schüler:

  • d’Sproochesektioun: zur Wiel stinn d’Sektioune Franséisch, Däitsch oder Englesch (d’Offer variéiert vu Schoul zu Schoul);
  • déi 1. Sprooch (Sproochunterrecht um Niveau Mammesprooch): zur Wiel sti Franséisch, Däitsch, Englesch, Portugisesch, Spuenesch an Italieenesch (d’Offer variéiert vu Schoul zu Schoul);
  • déi 2. Sprooch (Sproochunterrecht Niveau 1. Friemsprooch): zur Wiel sti Franséisch, Däitsch an Englesch.

Eng vun de Sproochen, also L1 oder L2, muss d’Sprooch vun der Sektioun sinn. Ausser de Sproochecoursë ginn d’Fächer all an der Sprooch vun der Sektioun enseignéiert.

Am Enseignement secondaire européen

De Schüler wielt:

  • déi 3. Sprooch (Sproochunterrecht Niveau 2. Friemsprooch): zur Wiel sti Franséisch, Däitsch, Englesch, Portugisesch, Spuenesch an Italieenesch (d’Offer variéiert vu Schoul zu Schoul);
  • déi 4. Sprooch, als Optiounsfach vun der S4 un.

Vum 3. Joer vum Secondaire u ginn d’Fächer all, ausser de Sproochen, an der 2. Sprooch enseignéiert.

Am Fondamental a bis zum 3. Joer vum Secondaire ginn d’Kanner op d’mannst zweemol d’Woch an e Lëtzebuergeschcours.

Am Enseignement international public

Verschidden ëffentlech Schoule bereeden d’Schüler op den internationale Baccalauréat (BI) a franséischer oder englescher Sprooch vir, dëst no de Bestëmmunge vun der „Organisation du baccalauréat international“, déi an de meeschte Länner unerkannt gëtt:

Am Enseignement britannique

D’International School Michel Lucius bitt de Fondamental an den Enseignement secondaire op Englesch un, nom brittesche Léierplang, dee vun der Universitéit Cambridge approuvéiert ass.

Am Enseignement germano-luxembourgeois

Den Unterrecht am Schengen-Lycée (Deutsch-luxemburgisches Schengen-Lyzeum) kombinéiert Elementer vum lëtzebuergeschen an däitsche Bildungssystem. D’Unterrechtssprooch ass an de meeschte Fächer Däitsch.



Aktualiséiert