Heilpedagog (m/w)

D’Heilpedagogie riicht sech theoreetesch a praktesch un all Persoun, déi an hirer Entwécklung beanträchtegt ass. Et ka sech dobäi besonnesch ëm Leit mat engem Defizit, engem Handicap, mat Entwécklungsretarden oder Schwieregkeete bei der sozialer Upassung handelen.

 

Aarbechtsplazen

  • Grondschoulen (ESEB);
  • Secondaire (Service socio-éducatif, SePAS, ESEB);
  • Bildungs- a Betreiungsariichtungen (Maison relais, assistants parentaux, Dagesfoyer oder Internat, Crèche, Mini-Crèche);
  • Jugendhaiser, sozial-familiär a schoulesch Internater;
  • Kompetenzzentren a spezialiséierter Psychopedagogik;
  • Erwuessenebildung.

Missiounen

  • Hëllef an Ënnerstëtzung fir Schüler mat besonnesche Besoinen;
  • Fréierkennung an -interventioun;
  • psychopedagogesch Betreiung an Ënnerstëtzung, déi d’Inclusioun vu Schüler mat besonnesche Besoinen an de Beräicher Gesinn, Héieren asw. fërdert;
  • pedagogesch Berodung a Formatioun fir Bildungspersonal an Elteren;
  • Organisatioun, Koordinatioun a Leedung vu engem Service oder enger Ariichtung wéi ee Kompetenzzenter.

Studien

  • Bachelor / Master an Heilpedagogik

Accès zum Beruff

De Beruff vum Logoped ass reglementéiert. Dat heescht, dass e Gesetztext d’Konditioune fir d’Ausübung vum Beruff definéiert an een och och eng Autorisatioun vum Gesondheetsministère brauch, fir an dësem Beruff kënnen ze schaffen.

Méi Informatiounen iwwer Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland op mengstudien.lu, e Webportal vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR).

Dir hutt weider Froen?

Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

Tel. (+352) 80 02 81 81
E-Mail: info@maison-orientation.public.lu
Internetsite: www.maison-orientation.lu

Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 10:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer (mat Ausnam vum Guichet „Études supérieures”, deen nëmmen nomëttes vun 13:00 bis 17:00 Auer op ass)

D’Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, déi ëffentlech Acteuren aus dem Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach gruppéiert. An hirem Beräich „Orientation” kënne Bierger ouni Rendez-vous d’ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) ënnert dem Respekt vum Anonymat en éischt Orientatiounsgespréich féieren.

De Portal mengstudien.lu

De Webportal mengstudien.lu vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR) riicht sech un all Lycées-Schüler a Studenten, déi Héichschoulstudië maache wëllen, awer och u jiddereen, deen erëm wëll e Studium ophuelen. Dir fannt do Informatiounen zu follgenden Themen:

  • Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland, Admissiounscritèren an Aschreiwungsprozeduren op den Universitéiten asw.;
  • d’finanziell Hëllefe fir Héichschoulstudien (Service Aides financières vum MESR);
  • d’Demarchen fir kënnen engem reglementéierte Beruff nozegoen;
  • Informatiounsreuniounen an Evenementer, déi een net sollt verpasse, wéi Webinairen, Portes ouvertes asw.;
  • d’Studentefoire vum MESR, déi all Joer Enn Oktober stattfënnt;
  • d’Publikatioune vun de Servicer Études supérieures (Info études) an Aides financières (AideFi) vum MESR.

Fir all Froen zur Unerkennung vun Héichschouldiplomer, kuckt w.e.g. d’Websäit vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul.

Aktualiséiert