Museksunterrecht

De Museksunterrecht gehéiert zu den Aufgabeberäicher vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, dee sech duerfir asetzt, datt dës Bildungsoffer fir méiglechst vill Kanner, Jugendlecher an Erwuessener zougänglech gemaach gëtt.

Ënner Museksunterrecht versteet een de Museksunterrecht op Gemengenniveau an de Beräicher Musek, Danz a Sproochgestaltung. De Museksunterrecht dréit zur perséinlecher Entwécklung a Verwierklechung bäi. Am Laf vu senger Ausbildung schafft de Schüler u senger Konzentratioun, Kreativitéit, sengem Virwëtz a sengem Selbstwäertgefill.

Mat der breeder Offer u Coursë sollen dräi Ziler erreecht ginn:

  • bei jonke Leit den Interessi u Musek, Danz a Sproochgestaltung stëppelen an hinne Kenntnesser an dëse Beräicher vermëttelen, fir datt se um musikaleschen a kulturelle Liewe kënnen deelhuelen;
  • jonke Leit eng allgemeng an eng fachlech Ausbildung an de verschiddenen Disziplinnen ubidden, fir datt se herno op enger Héichschoul oder Universitéit kënne studéieren;
  • Erwuessenen Aus- a Weiderbildungscoursen ubidden.

Gratis Offer: d'Museksausbildung fir jiddereen zougänglech maachen

Vum Schouljoer 2022–2023 u bitt de Ministère e groussen Deel vun de Museks-, Danz- a Sproochgestaltungscoursen an de Musekschoule vun de Gemenge gratis un – am Allgemenge vun der Fréierzéiung (vu véier Joer un) bis zum Diplôme du premier cycle (oder equivalent), fir jiddwer Kand a Jugendleche bis 18 Joer.

Wann de Schüler iwwer 18 ass oder e Cours besicht, deen iwwer dësen Niveau erausgeet, sinn d’Gemengen an d’Gemengesyndikater verflicht, den Aschreiwungstarif op maximal 100 Euro pro Fach a Schouljoer ze begrenzen. Dat gëllt och fir d’Coursë fir Erwuessener.

Stéit mat engem méi niddregen Akommes (déi net méi wéi 3,5-mol den onqualifizéierte Mindestloun verdéngen) kréien d’Sue vun der Aschreiwung fir Coursen, déi net gratis sinn, integral erëm, wann se eng entspriechend Demande un de Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend schécken. Famillen, deenen hiert Akommes bis zu 20 % iwwer dëser Grenz läit, kënne vum Schouljoer 2022–2023 un en Deel vun de Käschten erëmkréien.

D’Altersgrenz, fir Suen erëmzekréien, gëtt vum Schouljoer 2022–2023 op 18 Joer eropgesat.

Eng breet gefächert Offer op Gemengenniveau

De Museksunterrecht gëtt op Gemengenniveau organiséiert; ronn 900 Léierkräften ënnerriichten eng 20.500 Schüler vu véier Joer un. D’Coursë ginn an de lokalen a regionale Museksschoulen an an de Conservatoirë gehalen. Eng komplett Lëscht vun de Musekschoulen a Conservatoiren an hir Offer fannt Der ënner https://portal.education.lu/em/Etablissements

D’musikalesch Ausbildung deckt d’Beräicher Musek, Sproochgestaltung an Danz of. An de jeeweilegen Departementer ginn ë. a. déi heite Coursen ugebueden:

Departement Musek

  • musikalesch Fréierzéiung
  • allgemeng Museksausbildung
  • allgemeng Museksausbildung am Jazz
  • Musekstheorie a Kompositioun
  • Musekstheorie Jazz
  • Instrumentalausbildung
  • Jazz-Instrumentalausbildung
  • Stëmmbildung
  • Jazz-Stëmmbildung
  • Kammermusek a Combo
  • Improvisatioun
  • Chouer- an Orchesterdirektioun
  • Coursë fir Erwuessener

Departement Sproochgestaltung

  • Theaterausbildung (fir Kanner vu 7 bis 13 Joer)
  • Diktioun (Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch)
  • Schauspillkonscht (Däitsch, Franséisch)
  • Coursë fir Erwuessener

Departement Danz

  • dänzeresch Fréierzéiung
  • Museksausbildung fir Dänzer
  • Danz (Ballet, modern, Jazz)
  • Coursë fir Erwuessener

Hei fannt Dir weider Detailer zu de Coursë.

Dem Schüler säi Parcours am Museksunterrecht

Déi musikalesch Fréierzéiung, instrumental Fréierzéiung an dänzeresch Fréierzéiung vu véier resp. fënnef Joer u geet iwwer maximal dräi Joer a soll de Kanner de Goût fir d’Musek an d’Freed, sech mat Musek an Danz auszedrécken, vermëttelen, entwéckelen a fleegen. D’Kand léiert ze sangen, sech zur Musek ze beweegen (musikalesch Fréierzéiung), fänkt un, en Instrument ze spillen (instrumental Fréierzéiung) an ze danzen (dänzeresch Fréierzéiung).

D’Beschäftegung mat der Musek an dësem Alter dréit vill zur allgemenger Entwécklung bäi, zur Bildung vun intellektuellen a manuelle Fäegkeeten an zur Entwécklung vun der Perséinlechkeet vum Kand.

Dës Coursë vun der Fréierzéiung bereeden d’Kanner op d’Museks-, d’Instrumental- an d’Danzausbildung vir.

D’Zil vun der Museks-, Instrumental an Danzausbildung an den ënneschte Klassen ass et,

  • de Goût, d’Freed an den Intressi un der Musek ze entwéckelen,
  • fir Grondlagen an der Musek ze suergen,
  • déi instrumental a vokal Studien ze begleeden.

Déi allgemeng Museksausbildung ass obligatoresch bis zum Certificat de la division inférieure, wann een Instrumental-, Gesangs- oder Danzcoursë wëll besichen oder domat wëll weidermaachen.

Am Beräich vun der Sproochgestaltung sti fir d’Kanner d’éischt Theatercoursen um Programm (vu 7 Joer un a bis 13 Joer), ier se am Alter vu 14 Joer mat den Diktiounscoursen ufänken. D’Basiscoursë „Bün“ sinn obligatoresch, fir an d’Diktiounscoursen däerfen ze goen.

Den Unterrecht an deene verschiddene Coursë ka sech, wa gewënscht, iwwer de mëttelsten Niveau (division moyenne), de spezialiséierte mëttelsten Niveau (division moyenne spécialisée) an den ieweschten Niveau (division supérieure) fortsetzen.

Organisatioun vum Museksunterrecht

De Museksunterrecht gëtt vun de Gemengen organiséiert an ënnersteet dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend.

De Regierungskommissär fir d’Museksausbildung

Fir d’Koordinéierung, d’Kontroll an d’Opsiicht vun der musikalescher Ausbildung ass de Regierungskommissär fir d'Museksausbildung (commissaire du gouvernement à l’enseignement musical) zoustänneg, dee vun engem bäigeuerdente Regierungskommissär ënnerstëtzt gëtt.

De Regierungskommissär beréit och den zoustännege Minister an déi aner Membere vun der Regierung zu alle Froen, déi d’musikalesch Ausbildung betreffen. E befaasst sech mat alle Froen zur musikalescher Ausbildung, iwwer déi d’Regierung muss befannen; e beréit d’Gemengen an d’Gemengesyndikater an hir Musekschoulen.

D’Programmkommission

D’Programmkommissioun gëtt Avisen a mécht Proposen zu den Unterrechtsfächer, den Niveauen, déi gefuerdert sinn, der Dauer vun de Coursen an dem Studien- a Prüfungsprogramm.

D’Membere vun der Kommissioun gi vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend genannt. D’Kommissioun setzt sech aus engem Vertrieder vu jiddwer Conservatoire, zwee Vertrieder vu Musekschoulen, déi an der Association des écoles de musique (AEM) vertruede sinn, zwee Vertrieder vun de Musekschoulen, déi ënner d’Zoustännegkeet vun der Union Grand-Duc Adolphe falen, an engem Vertrieder vum Syndicat intercommunal des villes et communes luxembourgeoises (Syvicol) zesummen.

Aktualiséiert