Organisatioun

Den Enseignement secondaire ënnersteet an direkter Weis dem Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend.

Déi ëffentlech Lycéeën adresséieren sech u Jugendlecher vun zwielef Joer un. Bis siechzéng Joer ass ee schoulflichteg. E komplette Lycéeszyklus (ouni Widderhuelung vun enger Klass) dauert siwe Joer.

Aschreiwung am Lycée

Nom Ofschloss vun der Orientéierungsprozedur fir de Wiessel vun der Grondschoul an de Lycée schreiwen d’Elteren hiert Kand an de Secondaire an.

Den Enseignant vun der leschter Grondschoulklass gëtt den Elteren déi néideg Dokumenter fir d’Aschreiwung an de Lycée:

  • eng Kopie vum Ofschlossbilan vum 4. Zyklus (bilan de fin de cycle)
  • e korrekt a komplett ausgefëllten Aschreiwungsformulaire
  • eng Kopie vum Orientéierungsbescheed
  • eng rezent Passfoto vum Schüler

Fir d’Europaschoulen, déi international, britesch an däitsch-lëtzebuergesch Schoule kënnen d’Aschreiwungsprozeduren an d’Zougangskonditiounen ënnerschiddlech sinn. Hei ass et besser, sech direkt beim betreffende Lycée ze informéieren.

D’Direktioun vum Lycée

Den Direkter vum Lycée ass zoustänneg fir de gudde Fonctionnement vum Lycée. Hien ass den direkte Chef vum Personal, de pedagogesche Responsablen an de Verwaltungschef vun der Schoul. Den Direkter heescht och de Schoulentwécklungsplang gutt.

De stellvertriedenden Direkter (directeur adjoint) ënnerstëtzt den Direkter, andeems en eng Rei Aufgaben iwwerhëlt, déi den Direkter him iwwerdréit. Hien ersetzt den Direkter, wann deen net do ass.

Den Direkter ka sech fir d’Organisatioun vum Unterrecht an d’Ëmsetzung vun der Autonomie vum Lycée vun Enseignanten ënnerstëtze loossen, déi der Direktioun dann zougedeelt ginn. Den Direktiounsattaché ka virun allem de Kontakt mat den Elteren an de Schüler assuréieren.

D’Servicer vun de Lycéeën

De SePAS – Service psychosocial et d’accompagnement scolaires

An den ëffentleche Lycéeën an och verschiddene private Lycéeën iwwerhëlt de Service psychosocial et d’accompagnement scolaires (SePAS) verschidden Aufgaben, déi de Schüler zegutt kommen:

  • e bitt de Schüler eng psychologesch, perséinlech a sozial Berodung;
  • en ass un der Gestaltung vun der Orientéierungsprozedur vum Lycée bedeelegt;
  • e begleet d’Schüler bei hirer schoulescher a berufflecher Orientéierung;
  • en hëlleft de Schüler a schwierege schouleschen, psychologeschen oder familiäre Situatiounen;
  • en ass bei de Klassekonferenzen derbäi, fir sécherzestellen, datt Moossnamen, déi fir de Schüler decidéiert goufen, weider assuréiert sinn;
  • en ënnerstëtzt d’Léierpersonal, wa Schüler mat Problemer opgeholl ginn;
  • en organiséiert Preventiounsaktivitéiten.

De SePAS vun de Lycéeë setzt sech zesummen aus Psychologen, Sozialaarbechter, Léierkräften, Erzéier (Educateurs gradués).

D’Concertatioun tëscht den verschiddenen SePASen, den Austausch vu Praktiken, déi sech bewäert hunn, d’Bereetstelle vu Ressourcen an d’Joresevaluatioun vun der psychosozialer Begleedung an de Lycéeë gi vum CePAS – Centre psychosocial et d’accompagnement scolaires – organiséiert. De CePAS geréiert och d’Ufroe fir finanziell Ënnerstëtzungen (a Form vu Subventioune fir akommesschwaach Stéit a Subventiounen, fir datt d’Schüler am Schoulsystem bleiwe kënnen), déi vun de SePAS un de CePAS weidergereecht goufen.

Den SSE - Service socio-éducatif

Zu den Aufgabe vum Service socio-éducatif (SSE) vum Lycée gehéiert et:

  • Betreiungsaktivitéiten, ausserschoulesch Aktivitéiten (kulturell Aktivitéiten, Sportevenementer asw.) an Hausaufgabebetreiung ze organiséieren,
  • déi sozial a perséinlech Kompetenze vun de Schüler ze fërderen, dat duerch sozialpedagogesch Projeten an enker Zesummenaarbecht mat dem Léierpersonal,
  • en Décrochage scolaire (Schoulofbroch) ze verhënneren,
  • dofir ze suergen, datt et net zu Gewalt a Konflikter kënnt,
  • Schüler mat Problemer ze hëllefen.

Dës Aktivitéiten an Interventioune gi baussent de Schoulstonnen organiséiert oder wärend deene Schoulstonnen, wou de regulären Enseignant net do ass.

De CDI – Centre de documentation et d’information

All Lycée huet en Centre de documentation et d’information (CDI), deen Deel vum pedagogesche Schoulkonzept ass. Am CDI kréien d’Schüler gewisen, wéi een Informatioune sicht, virun allem mat Hëllef vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien. D’Mataarbechter vum CDI betreien an hëllefen de Schüler, déi hei wärend deene Stonne schaffen, wou se keng Coursen hunn. De CDI ass och fir d’Liesfërderung zoustänneg.

D‘Cellule d’orientation et d’intégration scolaires

D’Cellule d‘orientation et d’intégration scolaires ass fir d’Bildungs- a Beruffsorientéierung am Lycée zoustänneg. Et geet drëms, d’Schüler iwwer de Schoulsystem, déi méiglech Ausbildungen an Héichschoulstudien ze informéieren, hinnen dat sozio-ökonomescht Ëmfeld a virun allem den Aarbechtsmaart ze erklären an hir Kompetenzen auszebilden, fir datt si hire Bildungswee wielen an e perséinleche Studieprojet ausschaffe kënnen.

D’Studieberodung besteet aus Membere vum Léierpersonal an dem pedagogeschen oder psycho-soziale Personal.

De CIS - Commission d’inclusion scolaire de l’enseignement secondaire

De CIS (Inclusiounskommissioun vum Enseignement secondaire) definéiert, op Ufro vun den Elteren oder dem Direkter, d’Modalitéite vun der Betreiung vu Kanner oder Jugendleche mat spezifesche Bildungsbesoinen an iwwerwaacht d’Ëmsetzung vun de Betreiungsmoossnamen.

De CDS - Cellule de développement scolaire

De CDS (Schoulentwécklungsbüro) soll d’Schouldaten analyséieren an interpretéieren, déi prioritär Besoinen identifizéieren an d’Strategien zur Schoulentwécklung definéieren. E schafft eng Schoulcharta aus, de Schoulentwécklungsplang a -profil, dëst an Zesummenaarbecht mam Bildungsrot.

De Schoulentwécklungsbüro setzt sech zesummen aus Membere vun der Direktioun an der Conférence du lycée (Lycéeskonferenz), déi vum Direkter fir eng Dauer vun dräi Joer – déi verlängert ka ginn – genannt ginn.

Déi verschidde Gremien

De Conseil de classe

Fir all Klass gëtt et e Conseil de classe oder Klasserot, deen sech iwwer d’Ëmsetzung vum Unterrechtsprogramm austauscht an iwwer d’Fortschrëtter, d’Aarbechtsverhalen an d’Disziplin vun de Schüler diskutéiert. Dës Klassekonferenz decidéiert, ob e Schüler an déi nächst Klass ka wiesselen, gëtt Orientéierungsavisen eraus a recommandéiert oder operleet dem Schüler Nohëllef bei schoulesche Schwieregkeeten.

De Conseil de classe besteet aus dem Direkter oder sengem Vertrieder an alle Professere vun de Fächer, déi an där Klass um Programm stinn. D’Membere kommen allkéiers zesummen, wann de gudde Fonctionnement vum Unterrecht an den Erhalt vun der Diziplin an der Klass dëst néideg maachen.

D’Conférence du lycée

An der Conférence du lycée kommen d’Membere vum Léierpersonal an d’Membere vun de Servicer vun der Schoul zesummen. Dës Lycéeskonferenz gëtt hiren Avis of zu allen Theemen, déi de Minister oder den Direkter un si erundréit. Si deliberéiert aus eegener Initiativ iwwer all weesentlech Sujeten, déi den Unterrecht an d’Erzéiung am Lycée betreffen.

Le conseil de discipline

De Conseil de discipline oder Disziplinarrot muss sech concertéiere bei Verstéiss, déi dozou kéinte féieren, datt de Schüler d’Schoul muss verloossen. E setzt sech zesummen aus zwee Membere vun der Direktioun, dräi Enseignanten, engem Member vum SePAS an engem Elterevertrieder.

D’Vertriedungen

D'Lycéeskonferenz

D'Lycéeskonferenz (Comité de la conférence du lycée) vertrëtt d’Enseignantë bei der Direktioun, dem Minister, dem Schülercomité an dem Elterecomité. En ënnerbreet dem Direkter Proposen zu alle Froen, déi den Unterrecht an d’Erzéiung am Lycée betreffen, a mécht Virschléi fir d’Weiderbildung vum Personal.

De Schülercomité

De Schülercomité (Comité des élèves) vertrëtt d’Schüler bei der Direktioun, dem Comité de la conférence du lycée an dem Elterecomité. En informéiert d’Schüler – iwwer de Klassendelegéierten – iwwer hir Rechter a Flichte bannent der Schülergemeinschaft a formuléiert Proposen zu allem, wat mam schoulesche Liewen a mat der Aarbecht vun de Schüler ze dinn huet. En organiséiert och kulturell, sozial a sportlech Aktivitéiten am Lycée.

D’Membere vum Schülercomité gi vun alle Schüler vun der Schoul ënner deene Schüler gewielt, déi sech fir de Schülercomité gemellt hunn.

D’Schülercomitéë vun deene verschiddene Lycéeë schécken all een Delegéierten an d’national Schülerkonferenz, d’Conférence nationale des élèves (CNEL). Der CNEL hir Aufgabe bestinn doran, d’Schüler an d’Schülercomitéë beim Minister ze vertrieden, Avisen zu Froen, déi de Minister dem CNEL stellt, a Proposen zum schoulesche Liewen an der Aarbecht vun de Schüler ze formuléieren.

Den Elterecomité

Den Elterecomité (Comité des parents d'élèves) vertrëtt d’Eltere vun de Schüler bei der Direktioun, dem Comité de la conférence du lycée an dem Schülercomité. En informéiert d’Elteren, wann se Froen zum Unterrecht am Lycée hunn. Den Elterecomité kann och kulturell a sozial Aktivitéiten organiséieren a Propose formuléieren, déi d’Organisatioun vum Unterrecht an der Aarbecht vun de Schüler betreffen.

De Comité schéckt Elterevertrieder an de Conseil d’éducation, designéiert de Vertrieder am Conseil de discipline a wielt zwee Vertrieder, déi hirersäits bei de Wale fir den nationalen Elterecomité (Représentation nationale des parents d’élèves) matmaachen.

De Bildungsrot

De Bildungsrot (Conseil d’éducation) hëlt d’Schoulcharta un a gëtt seng Zoustëmmung zu autonome Moossnamen, zur Organisatioun vun de Wochestonnepläng an der Verdeelung vum Budget, deen d’Schoul zougedeelt krut. En heescht d’Betreiungskonzept gutt a formuléiert Proposen zu alle Froen, déi mam schoulesche Liewen an der Organisatioun vun der Schoul ze dinn hunn. E gëtt säin Avis of zum Budgetsplang an ass un der Ausschaffung vum Schoulentwécklungsplang (PDS) bedeelegt.

De Bildungsrot besteet aus dem Direkter an den Delegéierte vun der Lycéeskonferenz, dem Schülercomité an dem Elterecomité. E ka Vertrieder vun de lokalen Autoritéiten, aus der Wirtschaft, dem Veräinsliewen oder dem kulturelle Liewe mat bäihuelen.

Aktualiséiert