Ofschlossexamen

Um Enn vun der 1re vum Secondaire classique (ESC) an dem Secondaire général (ESG) maachen d’Schüler en Examen, fir hiren Diplôme de fin d’études secondaires ze kréien. Mat dësem Diplom kann ee seng Studie weiderféieren, zum Beispill op eng Héichschoul goen, oder awer säi Beruffsliewe starten.

Modalitéite vum Examen

Am Ofschlossexame gi sechs Fächer gepréift, et gëtt sechs schrëftlech an zwou mëndlech Prüfungen.

Am Secondaire classique kann de Schüler seng sechs Fächer no dësem Schlëssel zesummestellen:

  • zwee Fächer am Beräich „Sproochen a Mathematik“
  • dräi Fächer am Beräich „Spezialiséierung“
  • ee Fach am Beräich „Allgemengbildung“

Am Secondaire général wielt de Schüler sechs Fächer no de vun der Sektioun festgeluechte Prioritéiten aus.

D’Modalitéite pro Fachrichtung a Sektioun sinn an de Broschüre beschriwwen, déi d’Prüfungskandidate kréien.

Souwuel am Secondaire classique wéi och am Secondaire général setzt sech d’Ofschlossnott vun all Examensfach zu engem Drëttel aus der Joresnott an zu zwee Drëttel aus der Examensnott zesummen. Déi mëndlech Prüfung zielt fir e Véierel an der Examensnott vum betreffende Fach.

Bei deene Fächer, déi net am Ofschlossexame gepréift ginn, gëllt d’Joresmoyenne als Schlussnott. Dës Fächer gi bei der Zertifizéierung berücksichtegt an d’Nott gëtt am Diplom festgehalen.

Zertifizéierung

De Schüler kritt nom Ofschloss eng detailléiert Zertifizéierung, déi säi schoulesche Parcours dokumentéiert, seng Leeschtunge valoriséiert an him déi beschte Chancë gëtt, op der gewënschter Héichschoul ugeholl ze ginn oder de Beruffswee anzeschloen.

Mat sengem Diplom kritt all Schüler e puer Complementen. Esou kann hie bis zu 5 Dokumenter erstellen:

  • den Diplom vum Secondairesofschloss, ausgestallt an dräi Sproochen (Franséisch, Däitsch an Englesch), deen den Ordre d'enseignement (Enseignement classique oder général) ugëtt, d'Divisioun grad ewéi d'Sektioun an déi erreechte Mentioun;
  • de Certificat vun den Notten, deen e Gesamtabléck an d'Endnotte vun de Fächer vun der Première gëtt an an d'Fächer, déi op Deuxième beluecht waren, ouni hei awer den Detail vun den Notten ze weisen;
  •  d'Beschreiwung vum schoulesche Parcours, mat der Zilsetzung vun der Sektioun an de Fächer, déi de Schüler beluecht hat, d'Dauer vun de Studien um Niveau vun de Sproochen a vun der Mathematik, d'Kompetenzniveauen an de Sproochen;
  • dee vun der Direktioun ausgestallte Certificat fir ausserschoulesch Aktivitéiten, an deem d'Bedeelegung u Coursen, Projeten oder fakultativen Aktivitéiten an de perséinlechen Engagement vum Schüler festgehal ginn.
  • e personaliséierte Portfolio vu sengen ausserschouleschen Aktivitéiten, dee vum Schüler selwer zesummegestallt gëtt, an deem säin Engagement am Veräinsliewen, Sproochopenthalter, Vakanzenjobben asw. dokumentéiert ginn.

Organisatioun

Et ginn zwou Examenssessiounen, eng am Juni an eng am September. D’Kandidate mussen sech fir déi éischt Sessioun presentéieren. Fir zum Examen zougelooss ze ginn, mussen se reegelméisseg a kontinuéierlech d’Coursë besicht hunn an d’Prüfungen an alle Fächer, déi um Programm stinn, gemaach hunn.

Déi Kandidaten, déi d’Exame vun der éischter Sessioun net gepackt hunn, kënne sech fir déi zweet Sessioun vum selwechte Joer presentéieren, wann si iwwert d’Joer eng Moyenne pondérée vun op d’mannst 36 haten an si eng Demande agereecht hunn.

Aktualiséiert