Iwwergank vun der Grondschoul an de Lycée

D’Orientéierungsprozedur (procédure d’orientation) fir de Wiessel vun der Grondschoul an de Lycée fänkt am éischte Joer vum Zyklus 4 un. Si bezitt d’Eltere mat an d’Decisioun an. Den Enseignant gëtt hinnen eng éischt Prognos an informéiert si iwwer d’Offer vum Secondaire classique a vum Secondaire général. Um Enn vum 4. Zyklus huelen d’Eltere mam Enseignant zesummen eng Decisioun, wat den zukünftege Wee vum Kand betrëfft.

D’Roll vun den individuelle Gespréicher

Vum éischte Joer am Zyklus 4 u gesinn sech d’Elteren an den Enseignant um Enn vun all Trimester, fir iwwer den zukünftege Wee vum Schüler ze beroden. Den Enseignant stellt am drëtten Trimester eng éischt Prognos. Hien/Si informéiert gläichzäiteg d’Elteren iwwer d’Offer vum Secondaire classique a vum Secondaire général, an zwar och déi méi spezifesch Offer: europäesche Léierplang an ëffentleche lëtzebuergesche Schoulen, ALLET-Klassen (Däitsch als Friemsprooch), franséischsproocheg Klassen, engleschsproocheg Klassen, däitschsproocheg Klassen, internationale BAC an englescher oder franséischer Sprooch…

Am Kader vun der Orientéierung sind zwee individuell Gespréicher tëscht dem Enseignant an den Eltere virgesinn. Dat éischt ass am Ufank vum drëtten Trimester vum zweete Joer vum Zyklus 4; hei ass och e Psycholog derbäi, wann d’Elteren dat gefrot hunn. D’Eltere ginn iwwer d’Resultater vun den allgemengen Tester informéiert, iwwer déi schoulesch Leeschtungen (Tëschebilan / Bilan intermédiaire) an d’Resultater vun den Tester, déi de Psycholog, falls noutwenneg, gemaach huet. Méi genee Informatioune fannt Dir um Site skil.lu.

Beim nächsten individuelle Gespréich geet et ëm d’Orientéierung vum Schüler. D’Elteren an den Enseignant als Vertrieder vun der pedagogescher Ekipp huelen an dësem Gespréich eng gemeinsam Decisioun, wat den zukünftege Wee vum Schüler betrëfft. Ginn sech déi zwou Parteien net eens, dann deelen den Enseignant an d’Elteren dem President vun der concernéierter Kommissioun dësen Desaccord an engem spezielle Formulaire mat.

Déi gemeinsam Orientéierungsdecisioun

Um Enn vum Zyklus 4 huelen d’Elteren zesumme mat dem Enseignant eng gemeinsam Decisioun iwwer déi definitiv Orientéierung vum Schüler. Dës Decisioun baséiert op:

  • den Aarbechte vum Schüler, déi am Laf vum 4. Zyklus zesummekomm sinn a seng Léierfortschrëtter wéi och seng Interessien a Wënsch an Ambitiounen dokumentéieren;
  • de Resultater vun der Evaluatioun vum Schüler senge Léierfortschrëtter;
  • de Resultater vun den Épreuves communes (national Schoulleeschtungstester am Zyklus 4.2), déi vum Ministère op nationalem Plang organiséiert ginn. Si weisen, wou de Schüler mat senge Leeschtungen am Verglach zur nationaler Moyenne steet a wéi sech seng Kompetenzen entwéckelt hu par rapport zum Kompetenzniveau, deen um Enn vun dësem Zyklus soll erreecht sinn;
  • den Informatiounen, déi de Psycholog gesammelt huet, wann d’Elteren ëm dës Ënnerstëtzung gebieden hunn (méi genee Informatioune fannt Dir um Site skil.lu).

Am Fall vun engem Desaccord

Wann sech d’Elteren an den Enseignant net eens sinn, gëtt eng Orientéierungskommissioun aberuff, fir zu enger Decisioun ze kommen. De Virsëtz huet den Direkter vun der Grondschoul; d’Kommissioun setzt sech zesummen aus engem Enseignant aus dem 4. Zyklus, engem Professer aus dem Secondaire classique, engem Professer oder enger anerer Léierkraaft aus dem Secondaire général an engem Psycholog vum CePAS (Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires). D’Eltere vum Schüler, den Enseignant vum Schüler an de Psycholog (falls d’Elteren een ugefrot hunn) ginn an d’Kommissioun invitéiert.

D’Aschreiwung am Lycée

Déi heiten Dokumenter gi gebraucht fir d’Aschreiwung am Lycée:

  • e korrekt ausgefëllten Aschreiwungsformulaire (dëse gëtt vum Enseignant un all Schüler verdeelt);
  • eng Kopie vum Ofschlossbilan vum 4. Zyklus (bilan de fin de cycle);
  • eng Kopie vun der Orientéierungsdecisioun (décision d’orientation);
  • en erweiderte Certificat de résidence mam Numm vum Schüler (ass bei der Gemeng unzefroen).

Den Aschreiwungszäitraum geet vun Enn Juni bis Ufank Juli.

Aschreiwungsformulairen:

Nëtzlech Linken

Informatioune fir d’Enseignanten:

Zousätzlech Informatiounen:

 

 

 

Aktualiséiert