D’Léierforme variéiere mam Typ vum Enseignement secondaire an de Klassen. Den Enseignement secondaire classique an den Enseignement secondaire général ëmfaasse siwe Schouljoer, dovunner dräi „ënnescht Klassen“, an zwar 7e, 6e a 5e, a véier „iewescht Klassen“: 4e, 3e, 2e a 1re.
D’Evaluéierung miesst an zertifizéiert d’Schülerleeschtungen ëmmer zu engem spezifesche Moment. Am Enseignement secondaire classique (ESC) an am Enseignement secondaire général (ESG) baséiert se sech op Prüfungen an der Klass a Kontrollen a Form vu schrëftlechen oder mëndleche Froen, Hausaufgaben, Gruppenaarbechten asw.
Hei liest Dir weider Informatiounen: