National Elterevertriedung

Déi national, demokratesch gewielten Elterevertriedung soll d’Kultur vun der Zesummenaarbecht vu Schoul a Schülereltere stäerken. D’Elterevertriedung fungéiert als Porte-parole vun den Elteren an huet eng berodend Funktioun vis-à-vis vum Educatiounsminister.

Si kann Avisen zu Gesetzesproposen oder pedagogesche Projeten ofginn, Propose maachen, wat den Unterricht an d’Schoul betrëfft, oder allgemeng sech zu all Thema äusseren, dat fir Elteren a Schüler vun Intressi ass.

Sektoriell an national Vertriedung

Déi national Vertriedung implizéiert all d’Schoulniveauen, Grondschoul an Enseignement secondaire. Fir d’Representativitéit ze garantéieren, si sektoriell an national Wale virgesinn.

Sektoriell Vertriedung

Fir d’Vertrieder vun den Eltere vu Grondschoulkanner:

D’Wale gi regional duerchgefouert. D’Direktere vun deene fofzéng Regioune ruffen d’Elterevertrieder, déi an de Grondschoule vun hirer Regioun gewielt goufen, zesummen.

All Regionalversammlung wielt zwee sektoriell Vertrieder. D’Privatschoulen an déi international oder europäesch Schoulen (privat oder ëffentlech) wielen och ee sektorielle Vertrieder.

Fir d’Vertrieder vun den Eltere vu Lycéeskanner:

All Lycée wielt seng Vertrieder. Den Elterecomité vun all Lycée wielt ënnert senge Memberen zwee sektoriell Vertrieder. E sektorielle Vertrieder gëtt och vu private Schoulen esouwéi ëffentlechen oder privaten internationalen oder europäesche Schoule gewielt.

Fir d’Eltere vu Kanner mat spezifesche Besoinen:

All Schüler, dee vun engem Kompetenzzenter betreit gëtt, bleift a senger regulärer Schoul ageschriwwen (Grondschoul oder Lycée).

D’Eltere vun dëse Kanner sinn also sektoriell entweeder iwwer d’Schoul, an där hiert Kand ageschriwwen ass, oder iwwer de Kompetenzzentrum, vun deem d’Kand betreit gëtt, vertrueden.

Am Prinzip ginn an all Kompetenzzentrum zwee sektoriell Vertrieder gewielt.

National Vertriedung

Déi dräi sektoriell Vertriedungen ernennen d’Membere fir déi national Vertriedungen.

Déi national Vertriedung setzt sech zesummen aus:

  • véier Vertrieder vun Eltere vu Kanner aus der Grondschoul,
  • sechs Vertrieder vun Eltere vu Kanner aus dem Enseignement secondaire an
  • zwee Vertrieder vun Eltere vu Kanner oder Jonke mat spezifesche Besoinen.

Dauer vum Mandat an extra Congé

D’Vertrieder op nationalem Plang gi fir e Mandat vun dräi Joer gewielt, dat verlängert ka ginn. Si kënnen aacht Deeg Congé fir Vertriedungsflichte pro Joer accordéiert kréien, fir datt si hiert Mandat kënnen erfëllen.



Aktualiséiert