Méi wéi 40 000 Schüler besichen déi ëffentlech a privat Schoulen, déi d’Programmer vum Educatiounsministère applizéieren. Den Enseignement secondaire ënnersteet an direkter Weis dem Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend.
Déi ëffentlech Lycéeën adresséieren sech u Jugendlecher vun 12 Joer un. Aktuell ass ee bis zum 1. September no sengem 16. Gebuertsdag schoulpflichteg. Vun der Rentrée 2026/2027 u gëllt d’Schoulpflicht bis 18 Joer.
E komplette Lycéeszyklus (ouni Widderhuelung vun enger Klass) dauert siwe Joer.
Hei fannt Dir weider Informatiounen: