Äert Kand an enger Schoul aschreiwen

Jee nodeems, wéi al se sinn, ginn d’Kanner, déi nei zu Lëtzebuerg sinn, an d’Grondschoul, de Lycée oder an den ëffentlechen internationalen Enseignement. D’Elteren oder d’Tuteure kënnen hir Kanner och, wa se dat wëllen, an enger privater Schoul aschreiwen.

Grondschoul

Umeldung an Orientéierung vu Kanner am Alter vu 4 bis 11 Joer, déi nei an d’Land koumen, ginn duerch de Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA) virgeholl:

  • Kanner vu 4 bis 5 Joer: Zyklus 1
  • Kanner vu 6 bis 11 Joer: Zyklen 2 bis 4

Verschidden ëffentlech international Schoule bidde Grondschoulklassen an och heiansdo Precoce-Klassen un.

Eng Rei Privatschoule bidde verschidde Bildungsméiglechkeeten un.

Weider Informatiounen:

Enseignement secondaire classique an Enseignement secondaire général

Fir d’Aschreiwung an d’Orientéierung vun de Jugendleche vun 12 Joer un, déi nei an d’Land koumen, ass de Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA) zoustänneg. Fir d’Klass an den Niveau ze bestëmmen, déi de Kompetenze vum Schüler entspriechen, evaluéiert de SIA säi Schoulwëssen an seng Sproochkenntnesser. Fir den éischte Rendez-vous beim SIA mussen dës Dokumenter matbruecht ginn:

  • Carte d’identité oder Pass;
  • Zensure vun de leschten zwee Schouljoren;
  • wa méiglech eng Kopie vum Certificat de résidence (ze kréie bei der Gemeng) oder eng Bestätegung, datt een eng Demande op internationale Schutz agereecht huet.

Weider Informatiounen:

International Schoulen

Eng Politik, déi op eng breet Bildungsoffer ausgeluecht ass, fir der Vilfalt vun der Lëtzebuerger Schülerschaft gerecht ze ginn, schaaft eng räich Bildungslandschaft. Jee no Begabung, Besoinen a Wonschvirstellungen hunn d’Schüler Zougang zum klasseschen, allgemengen, europäeschen, internationalen, ëffentlechen oder private Sekundarunterrecht.

Weider Informatiounen:



Aktualiséiert