Elteren, Tuteuren, Léierpersonal an Akteuren aus dem Bildungsberäich kënnen eng gratis Ënnerstëtzung vun engem interkulturelle Mediateur ufroen.
D’Mediateuren hëllefen de Schüler, déi nei am Land sinn, an hiren Elteren a follgende Situatiounen:
- beim éischten Accueil iwwersetzen se Informatiounen iwwer dem Schüler säi schoulesche Parcours an sengem Heemechtsland,
- si iwwersetze bei Gespréicher tëscht Elteren a Léierpersonal zum Beispill,
- si hëllefe punktuell oder reegelméisseg an der Klass asw.
Am Allgemenge suergen d’interkulturell Mediateure fir eng besser Kommunikatioun tëscht de Famillen, de Schüler an den Akteuren aus dem Bildungssektor an assuréieren, datt sech d’Parteie géigesäiteg verstinn.
Eng Ufro online areechen
All Ufro fir eng interkulturell Mediatioun muss iwwer dësen Online-Formulaire agereecht ginn:
D’Ufro muss op d'mannst siwen Aarbechtsdeeg am Viraus agereecht ginn.
No der Interventioun vum Mediateur kënnen d’Demandeuren e Feedback-Formulaire ausfëllen, fir hir Erfarung ze deelen an zur kontinuéierlecher Verbesserung vun dësem Service bäizedroen:
Wéi eng Sprooche si verfügbar?
Nieft de gängege Sprooche vum Land schwätzen d'Mediateuren eng oder méi vun de folgende Sproochen:
- Albanesch
- Arabesch
- Armenesch
- Bengalesch
- Bosnesch
- Bulgaresch
- Katalanesch (Spuenien)
- Chinesesch (Kantonesesch)
- Chinesesch (Mandarin)
- Koreanesch
- Kreolesch (Kap Verde)
- Kreolesch (Guinea-Bissau)
- Kroatesch
- Spuenesch
- Farsi
- Filipino
- Griichesch
- Hindi
- Ungaresch
- Italienesch
- Japanesch
- Kurdesch (Kurmandschi)
- Kurdesch (Sorani)
- Mancagne
- Montenegrinesch
- Nepalesesch
- Urdu
- Punjabi
- Persesch / Dari
- Polnesch
- Portugisesch
- Rumänesch
- Russesch
- Serbesch
- Slowakesch
- Tschechesch
- Thai
- Tigrinja
- Tierkesch
- Ukrainesch
- Vietnamesesch