Grondschoul

Kanner vun 3 bis 11 Joer ginn an déi ëffentlech Grondschoul. Dës néng Schouljore sinn a véier Léierzyklen ënnerdeelt. All Kand, dat zu Lëtzebuerg wunnt a virum 1. September 4 Joer huet, muss an eng Grondschoul goen.

Den 1. Zyklus besteet aus engem Joer Precoce, dee fakultativ ass (3 bis 4 Joer) an zwee Joer Éducation préscolaire, déi obligatoresch sinn (4 bis 5 Joer). D’Kanner léieren, Lëtzebuergesch ze verstoen a sech op Lëtzebuergesch auszedrécken. Lëtzebuergesch ass d’Haaptkommunikatiounssprooch an der Klass. D’Sproochen, déi d’Kanner doheem schwätzen, gi valoriséiert an d’Kanner ginn un dat mëndlecht Franséisch erugeféiert.

Kanner vu sechs bis eelef Joer, déi nei an d’Land koumen, ginn an den Zyklen 2 bis 4 an eng regulär Klass (classe d’attache) integréiert, dëst op Basis vun hire Kenntnesser (opgrond vun den Zensuren aus hire jeeweilege Länner), hirem schoulesche Parcours, hirem Alter an de Resultater aus den Evaluéierungstester an der Mathematik an an hirer Mammesprooch. Si ginn och an den Integratiounscours, fir hir Kompetenzen am Däitschen an am Franséischen ze verbesseren. Si kënnen och an eng ëffentlech international Schoul goen.

Weider Informatiounen:

Integratiounscoursen

D’Gemenge bidde Cours-d’appuien (Nohëllefstonnen) bei schoulesche Schwieregkeeten oder Integratiounscoursen (cours d’accueil – intensiv Sproochcoursë fir Kanner, déi nei am Land sinn) un.

Dës Coursë gi vum 2. Joer vum Zyklus 2 un organiséiert. D’Kanner ginn an Däitsch- an/oder Franséischcoursë resp. Aféierungscoursen an d’Lëtzebuerger Sprooch. D’Zuel vun den intensive Sproochcoursë variéiert jee no Kenntnisstand, Léierfortschrëtt an Alter.

D’Haaptzil vun den Integratiounscoursen ass et, d’Kanner esou wäit ze bréngen, datt se sech am schoulesche Kontext kënnen ausdrécken an am regulären Unterrecht op Däitsch an/oder Franséisch nokommen. D’Kanner mussen also genuch Kompetenzen entwéckelen, fir:

  • an Alldagssituatioune kënnen ze kommunizéieren;
  • no an no bei pedagogeschen Aktivitéiten, déi an der Klass proposéiert ginn, matmaachen ze kënnen, d. h. ze verstoen, wourëms et an deenen eenzelen Aktivitéite geet.

Zil ass, datt de Schüler esou séier wéi méiglech an eng regulär Klass kann integréiert ginn. Sou gëtt en direkt, nodeems en an d’Land kënnt, an eng regulär Klass ageschriwwen (och nach classe d’attache genannt). De reegelméissege Kontakt mat deenen anere Schüler aus senger Klass dréit dozou bäi, datt en d’Landessprooche méi séier léiert: Wat de Schüler méi dacks mat der Zilsprooch a Kontakt ass, wat e méi séier léiert, a sech méi séier an d’schoulescht Liewen integréiert.

An den Integratiounscoursë riicht sech d’Wiel vun de Sproochen, déi geléiert ginn, an d’Reiefolleg vun dëse fir d’Kand neie Sproochen nom Kenntnisstand vum Kand, sengem Alter, de vun den Elteren oder Tuteure geschwatene Sproochen an dono, wéi no d’Mammesprooch der éischter Friemsprooch, déi et ze léiere gëllt, kënnt.

Am Ufank beschränkt sech den Unterrecht op eng eenzeg Sprooch (Däitsch oder Franséisch). Am Prinzip fänkt ee mat där Sprooch, déi dem Kand méi no ass, un. D’Zil ass, datt d’Kand esou séier wéi méiglech mat sengem Ëmfeld ka kommunizéieren. Soubal et eenegermoossen eens gëtt mat der éischter Sprooch, déi et an der Klass geléiert huet, fänkt den Unterrecht an der zweeter Friemsprooch un.

Coursen a portugisescher Sprooch

Ergänzungscoursen an der portugisescher Sprooch

D’Portugiseschcoursen, déi zousätzlech zu der regulärer Schouloffer ugebuede ginn, wende sech u portugisesch Kanner aus den Zyklen 2 bis 4.

D’Coursen:

  • sinn an där Schoul, an där d’Kand ageschriwwen ass;
  • ginn zwou Stonnen d’Woch baussent dem regulären Unterrecht organiséiert.

Den Unterrecht vun der portugisescher Sprooch hält sech un e spezifesche Programm, dee mam Léierplang vun der Lëtzebuerger Grondschoul an dem Unterrechtsplang fir Portugisesch am Ausland konform ass. Dës Ergänzungscoursë maachen de Lien tëscht de Sproochen an de Fächer vun der Lëtzebuerger Schoul an der portugisescher Sprooch.

Wat d’Evaluéierung ugeet, sou ginn d’Kompetenzen an der portugisescher Sprooch am Entwécklungs- a Léierbericht (bilan intermédiaire) vum Schüler festgehalen.

D’Portugiseschcoursë kënnen och als Friemsproochenunterrecht ugebuede ginn (wa genuch Aschreiwunge virleien). Dës Offer riicht sech u Schüler, déi ufänken, Portugisesch ze léieren.

Weider Informatiounen:

Integratiounscoursen a portugisescher Sprooch

D’Integratiounscoursë si fir portugisesch Kanner aus den Zyklen 1 bis 4. Si gehéieren zum Léierplang.

An den Zyklen 2, 3 a 4 hëllefen dës Coursen de Kanner, verschidde Fächer vun der Lëtzebuerger Schoul besser ze verstoen. Zwou Stonnen d’Woch gëtt de Programm vun der Aféierung an d’Wëssenschaften (éveil aux sciences; 2. an 3. Zyklus) an den Human- an Naturwëssenschaften (4. Zyklus) op Portugisesch erkläert. De Programm ass fir all d’Kanner deen nämmlechten, sou wéi en am Léierplang vun der Grondschoul festgehalen ass.

Wat d’Evaluéierung ugeet, sou ginn d’Kompetenzen an der portugisescher Sprooch am Entwécklungs- a Léierbericht (bilan intermédiaire) vum Schüler festgehalen.

Weider Informatiounen:

Parallelcoursë fir déi portugisesch Sprooch a Kultur

D’Parallelcoursë riichte sech un d’Schüler vun den Zyklen 2 bis 4.

Dës Portugiseschcoursë gi baussent de Schoulzäiten organiséiert.

Dräi Stonnen d’Woch ginn d’Schüler a Coursen, déi sech un de Portugiseschprogramme vum Camões – Instituto da Cooperação e da Língua, I.P. (Ëffentlecht Institut fir Zesummenaarbecht a Sprooch) – an dem Referenzkader fir de Portugiseschunterrecht am Ausland QuaREPE orientéieren.

Wat d’Evaluéierung ugeet, sou kënnen d’Schüler e Certificat kréien, deen hinnen hir Kompetenzen an der portugisescher Sprooch bescheinegt.

Des Weidere ginn a verschiddene Lycéeë fir d’Sekundarschüler Parallelcoursen an ausserschoulesch Aktivitéiten ugebueden.

Assistent fir d’portugisesch Sprooch am Zyklus 1

Fir am Precoce a Prescolaire d’Integratioun an de Klasse mat ville portugisesche Kanner a Kanner, déi doheem Portugisesch schwätzen, ze ënnerstëtzen, kann d’Schoul op e portugiseschen Assistent zeréckgräifen, deen op reegelméisseger Basis mam Enseignant zesummeschafft (zwou Stonnen d’Woch, an der Klass). Erfarungen, déi a verschiddene Gemenge gemaach goufen, weisen, datt d’Kanner esou d’Theemen, déi am Unterrecht behandelt goufen, méi séier verstinn, sech méi sécher spieren a méi motivéiert sinn.

D’Sproochen, déi d’Kanner schwätzen, ginn all als Ressourcë betruecht. Dem Assistent fir déi portugisesch Sprooch seng Roll besteet doran, d’Mammesprooch vun de portugisesche Kanner ze fërderen an hir sproochlech Kompetenzen ze notzen, fir se ze encouragéieren, weider Sproochen ze léieren.

Den Assistent fir déi portugisesch Sprooch:

  • steet der Léierpersoun beim Accueil vun de portugisesche Kanner zur Säit;
  • schwätzt sech mat der Léierpersoun beim Plange vu pedagogeschen Aktivitéiten of (z. B. Geschichten a verschiddene Sproochen erzielen, Rollespiller maachen);
  • informéiert d’Elteren iwwer déi sproochlech Entwécklung vun hirem Kand;
  • ass, falls néideg, bei Elteregespréicher dobäi.

D’Sproochen, déi d’Kanner schwätzen, ginn an der Klass gefërdert. D’Beherrsche vun enger Sprooch stäerkt de Kanner hiert Selbstvertrauen, et motivéiert se, aner Sproochen ze léieren a mécht, datt si sech an der Schoul wuelfillen.

Interkulturell Bildung a Sproochesensibiliséierung

Fir d’Kontakter an den Dialog ze fërderen, bitt de Centre d’éducation interculturelle (IKL) pedagogesch Projeten un.

Dem Léierpersonal gëtt recommandéiert, Aktivitéite fir d’Sproochesensibiliséierung fir all d’Kanner an enger Klass ze organiséieren. Heibäi kënne se d’Broschür Ouverture aux langues à l’école zu Rot zéien.

Zil vun den Aktivitéiten ass et:

  • de Virwëtz vun de Kanner ze stëppelen, andeems ee se op Änlechkeeten an Ënnerscheeder tëscht de Sproochen opmierksam mécht;
  • hir Fäegkeeten, Sproochen ze analyséieren an driwwer nozedenken, ze fërderen;
  • d’Kanner ze motivéieren, Sproochen ze léieren;
  • eng positiv Haltung vis-à-vis vun der sproochlecher a kultureller Diversitéit bei de Kanner ze erreechen.

De Projet „Sac d’histoires“ soll d’Liesen an déi gemeinsam Aktivitéiten ëm d’Bicher an d’Geschichte bannent der Famill fërderen. De „Sak voller Geschichten“ gëtt an der Schoul „gefëllt“ an d’Kanner huelen en da mat heem. Am Sak ass e Kannerbuch mat enger Iwwersetzung an der jeeweileger Mammesprooch, en Audio-CD, op där d’Geschicht an deene Sprooche virgelies gëtt, déi an der Klass am heefegste sinn, an e puer Erklärunge fir d’Elteren.

Aktualiséiert