Enseignement secondaire

Jee no de Sproochkenntnesser an dem Alter vun de Schüler, wa se op Lëtzebuerg kommen, stinn hinne verschidde Méiglechkeeten op.

Fir d’Lycéeën ze fannen, déi di verschidde Klassen ubidden, kënnt Dir dës Quellen notzen:

Enseignement secondaire classique

Am Lëtzebuerger Schoulsystem ass den Zougang zum Enseignement secondaire classique (ESC) am Prinzip fir déi Schüler reservéiert, déi gutt Kenntnesser an der Mathematik, am Däitschen an am Franséischen hunn. Fir Schüler mat enger gudder schoulescher Bildung, déi net déi néideg sproochlech Kenntnesser beherrschen, gëtt et aner Méiglechkeeten.

ALLET-Klassen – Däitsch als Friemsprooch (7e ESC - 5e ESC)

Dës Klassen huele Schüler op, déi d’Grondschoul mat gudde Kenntnesser am Franséischen an an der Mathematik ofgeschloss hunn, awer net esou gutt sinn am Däitschen. Hei gëtt Däitsch verstäerkt enseignéiert, mam Zil, datt de Schüler op 4e ESC an eng normal Klass wiessele kann.

  • Schüler aus der Grondschoul kënne sech direkt am Lycée aschreiwen.
  • Schüler, déi nei am Land sinn, kënne sech beim Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA) renseignéieren.

Klassen „Français Plus” (7e ESC - 5e ESC)

Dës Klassen huele Schüler op, déi d’Grondschoul mat gudde Kenntnesser am Däitschen an an der Mathematik ofgeschloss hunn, awer net esou gutt sinn am Franséischen. Hei gëtt Franséisch verstäerkt enseignéiert, mam Zil, datt de Schüler op 4e ESC an eng normal Klass wiessele kann.

  • Schüler aus der Grondschoul kënne sech direkt am Lycée aschreiwen.
  • Schüler, déi nei am Land sinn, kënne sech beim Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA) renseignéieren.

LVF-Klasse mat Franséisch als Unterrechtssprooch (7e ESC - 5e ESC)

Am Géigesaz zu den normalen ënneschte Lycéesklassen, wou déi meescht Fächer op Däitsch enseignéiert ginn, leeft an den LVF-Klassen den Unterrecht op Franséisch of. Den Niveau, deen am Däitsche verlaangt gëtt, ass dee vun engem Schüler, deen d’Lëtzebuerger Grondschoul ofgeschloss huet. Den Däitschunterrecht entsprécht dem Niveau vun de reguläre Lycéesklassen.

Dës Offer adresséiert sech u Schüler, déi aus der Lëtzebuerger Grondschoul kommen, awer léiwer en Unterrecht op Franséisch hunn.

Vun der 4e ESC u geet de Schüler erëm an eng regulär Klass, wou all d’Fächer op Franséisch enseignéiert ginn.

  • Schüler aus der Grondschoul kënne sech direkt am Lycée aschreiwen.
  • Schüler, déi nei am Land sinn, kënne sech beim Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA) renseignéieren.

Eng schrëttweis Integratioun fir 12- bis 16-järeg Schüler

De Lycée Aline Mayrisch bitt Schüler tëscht 12 a 16 Joer, déi d’Grondschoul oder och Secondairesklassen am Ausland besicht hunn, eng schrëttweis Integratioun an de Lëtzebuerger Enseignement secondaire classique.

Déi pedagogesch Prioritéit ass hei déi individuell Betreiung vum Schüler beim Léiere resp. dem Perfectionnement am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen an/oder Engleschen, déi och Unterrechtssprooche sinn.

D’Zil ass, datt déi jonk Leit spéider déi „normal“ Klasse vum Lëtzebuerger Enseignement secondaire classique kënne besichen a vun der Méisproochegkeet kënne profitéieren.

  • Informatiounen an Aschreiwung um Internetsite vum Lycée Aline Mayrisch
  • Schüler, déi nei am Land sinn, kënne sech beim Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA) renseignéieren.

Internationale Baccalauréat

Den Diplom vum Internationale Baccalauréat (IB) ass en Ofschloss vum klassesche Secondaire, deen an 3 628 Lycéeën an 190 Länner ugebuede gëtt (Stand: 31. August 2023). Den Diplom, deen an ëffentleche Schoulen zu Lëtzebuerg ugebuede gëtt, ass hei am Land gesetzlech unerkannt a gläichgestallt mam Diplôme de fin d’études secondaires. Den IB adresséiert sech esouwuel u jonk Leit, déi nei an d’Land koumen, wéi och u Schüler, déi en englesch- oder franséischsproochege Secondaire gewielt hunn an an der Lag sinn, un engem Enseignement secondaire op héijem Niveau deelzehuelen. Déi schrëftlech Ofschlossexamen, déi no der leschter Klass mussen absolvéiert ginn, ënnerleien enger externer Evaluatioun, déi sech op e weltwäit Netz vun 9 000 ausgebilte Préifer stäipt.

Internationale britteschen Unterrecht

De Lycée Michel Lucius proposéiert engleschsproocheg Klassen, déi zu de britteschen Ofschlossdiplomer féieren: International General Certificate of Secondary Education (IGCSE), Advanced Subsidiary level (AS-levels) an Advanced level (A-levels).

Ëffentlechen europäeschen Unterrecht

Verschidden international ëffentlech Schoule funktionéieren no de Programmer, Promotiounskrittären a Stonnepläng vum System vun den Europaschoulen. Jiddwer Schüler ka sech hei gratis aschreiwen. Dës Schoule bidden den europäeschen Enseignement secondaire (siwe Joer) un, an enger franséischer, englescher oder däitscher Sektioun, mam Baccalauréat européen als Ofschloss. Dës Schoule sinn:

Sektioune mat den aneren EU-Sprooche ginn an Europaschoulen ugebueden, déi net zum ëffentleche Schoulsystem gehéieren.

  • Schüler aus der Grondschoul kënne sech direkt am Lycée aschreiwen.
  • Schüler, déi nei am Land sinn, kënne sech beim Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA) renseignéieren.

Enseignement secondaire général

D’Klasse vum Enseignement secondaire général (ESG) huele Schüler op, déi mëttel bis gutt Kenntnesser an der Mathematik, am Däitschen an am Franséischen hunn. Et gëtt och verschidde Weeër mat Besonneschheeten a punkto Sproochen.

ALLET-Klassen – Däitsch als Friemsprooch (7e ESG - 5e ESG)

Dës Klassen huele Schüler op, déi d’Grondschoul mat mëttele Kenntnesser am Franséischen an an der Mathematik ofgeschloss hunn, awer net esou gutt sinn am Däitschen. Hei gëtt Däitsch verstäerkt enseignéiert, mam Zil, datt de Schüler op 4e ESG an eng normal Klass wiessele kann.

  • Schüler aus der Grondschoul kënne sech direkt am Lycée aschreiwen.
  • Schüler, déi nei am Land sinn, kënne sech beim Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA) renseignéieren.

Klassen „Français Plus” (7e ESG - 5e ESG)

Dës Klassen huele Schüler op, déi d’Grondschoul mat mëttele Kenntnesser am Däitschen an an der Mathematik ofgeschloss hunn, awer net esou gutt sinn am Franséischen. Hei gëtt Franséisch verstäerkt enseignéiert, mam Zil, datt de Schüler op 4e ESG an eng normal Klass wiessele kann.

  • Schüler aus der Grondschoul kënne sech direkt am Lycée aschreiwen.
  • Schüler, déi nei am Land sinn, kënne sech beim Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA) renseignéieren.

Klasse mat Franséisch als Unterrechtssprooch (7e ESG, 6e ESG, 5e ESG)

An LVF-Klassen (classes à langue véhiculaire française) ass d’Unterrechtssprooch Franséisch, am Géigesaz zu de reguläre Klassen, wou déi meescht Fächer op Däitsch enseignéiert ginn. De gefuerderten Niveau am Däitschen orientéiert sech un den Däitschkenntnesser vun engem Schüler, deen déi lëtzebuergesch Grondschoul besicht huet. Den Däitschunterrecht entsprécht deem vun de reguläre Klassen.

Dës Offer riicht sech u Schüler aus der Lëtzebuerger Grondschoul, déi en Unterrecht a franséischer Sprooch virzéien.

Vun der 4e ESG u besicht de Schüler dann eng regulär Klass oder eng Klass mat enger spezieller Sproochereegelung (RLS – classe à régime linguistique spécifique, cf. méi wäit ënnen).

  • Schüler aus der Grondschoul kënne sech direkt am Lycée aschreiwen.
  • Schüler, déi nei am Land sinn, kënne sech beim Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA) renseignéieren.

Classes d’accueil a classes d’insertion fir Schüler, déi nei am Land sinn

Eng Classe d’insertion ass eng ënnescht Klass (7e ESG, 6e ESG, 5e ESG) vum Enseignement secondaire général fir déi Schüler, déi e ganz gudde schouleschen Niveau an hirem Ursprongsland erreecht hunn, ma déi Sproochen, déi zu Lëtzebuerg an der Schoul um Programm stinn, wéineg oder guer net beherrschen. Si ginn do a franséisch oder däitsch Intensivcoursen (jee no hirem Wëssensstand an der jeeweileger Sprooch). Och déi aner Fächer, déi um Programm vun den ënneschte Klasse vum Enseignement secondaire général stinn, ginn enseignéiert.

Fir an eng Classe d’insertion opgeholl ze ginn, muss de Schüler eng Opnamprüfung gepackt hunn.

Eng Classe d’accueil (fir Jonker vun 12 bis 15 Joer) ass eng Iwwergangsklass fir Schüler, déi nei am Land sinn an déi net déi néideg Sproochekenntnesser hunn, fir an enger anerer Klass opgeholl ze ginn.

An der Classe d’accueil kréien si Intensivunterrecht am Franséischen an Aféierungscoursen an d’Lëtzebuergescht. De Klasserot evaluéiert d’Kenntnesser vum Schüler an decidéiert, wéini hien an déi Klass integréiert gëtt, déi senge Sproochkompetenzen a senger allgemenger Schoulbildung am beschten entsprécht.

D’Classes d’accueil fir jonk Erwuessener (CLIJA fir déi 16- bis 17-Järeg / CLIJAA fir déi 18- bis 24-Järeg) sinn Accueilsklasse fir jonk Erwuessener, déi nei am Land sinn. Hei kréien si eng Basisausbildung op Franséisch, déi hinnen den Accès an den Enseignement secondaire général erméiglecht an hinnen eng sozial a wirtschaftlech Autonomie gëtt.

Fir jonk Erwuessener am Alter vun 18 bis 24 Joer ginn „diversifizéiert“ Classes d’accueil a verschiddene Schoulen ugebueden:

Weider Informatioune gëtt et beim Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA) fir Schüler, déi nei am Land sinn, a beim jeeweilege Schoulinstitut.

Klasse mat enger spezieller Sproochereegelung

An den ieweschte Klasse vum Enseignement secondaire général (Schüler vu 15 Joer un) ginn et Klasse mat enger spezieller Sproochereegelung (classe à régime linguistique spécifique, RLS) fir déi Schüler, déi Schwieregkeete mam Däitschen oder Franséischen hunn. Eng RLS-Klass ass eng Klass, wou den Unterricht entweeder op Franséisch (fir déi frankofon Klassen) oder op Englesch (fir déi anglofon Klassen) gehale gëtt – vun de Sproochefächer ofgesinn. Den Unterrichtsprogramm ass dee selwechten wéi fir déi regulär Klassen. A verschiddene Klasse gëtt Däitsch als Friemsprooch enseignéiert. De Programm vun deenen anere Fächer ass dee selwechten.

D’Klasse mat spezieller Sproochereegelung féieren zu verschiddenen Diplomer/Certificaten:

  • Diplôme de fin d’études secondaires,
  • Diplôme de technicien (DT),
  • Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP),
  • Certificat de capacité professionnelle (CCP).

Weider Informatiounen zu den RLS-Klasse sinn an der Broschür Les classes à régime linguistique spécifique / The classes with a specific linguistic system (PDF, op Franséisch an Englesch) ze fannen.

Aktualiséiert