Informatiounen an Accueil

Sidd Dir grad zu Lëtzebuerg ukomm oder wëllt Dir Iech hei nidderloossen? Den Educatiounsministère ass do, fir Iech bei der Aschoulung vun Ärem Kand ze ënnerstëtzen.

De Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA):

  • begréisst Famillen, déi nei zu Lëtzebuerg ukomm sinn;
  • informéiert a beréit de Schüler a seng Elteren zu alle Froen am Zesummenhang mat de Lëtzebuerger Schoulen;
  • bitt en individuelle Suivi fir zwee Joer un.

Den Accueil vun de Schüler, déi nei zu Lëtzebuerg ukomm sinn, fënnt a véier Etappe statt:

  1. Rendez-vous: Ufro fir e Rendez-vous duerch d’Famill (virun der Arrivée zu Lëtzebuerg besteet d’Méiglechkeet, de SIA ze kontaktéieren);
  2. Ënnerstëtzung: De SIA informéiert an ënnerstëtzt d’Famill, wann néideg mat engem interkulturelle Mediateur;
  3. Orientéierung: Et gëtt eng Orientéierung fir eng passend Schoulklass ugebueden;
  4. Suivi: Suivi vum Schüler wärend zwee Joer.

E Rendez-vous ufroen

Fir vun dëser SIA-Offer ze profitéieren, kënnt Dir e Rendez-vous online ausmaachen. De Formular ass online verfügbar op Arabesch, Bosnesch/Kroatesch/Montenegrinesch/Serbesch, Chinesesch, Däitsch, Englesch, Farsi, Franséisch, Portugisesch, Russesch, Spuenesch, Tigrinesch an Ukrainesch:

D’Rendez-vouse fannen am SIA-Büro an der Stad Lëtzebuerg statt oder, wann néideg, per Videokonferenz.

Info-Flyer

Den Info-Flyer vum SIA ass an enger Rei vu Sprooche verfügbar:

 



Zum letzten Mal aktualisiert am