Berufflech Grond- an Éischtausbildung

D’berufflech Éischtausbildung erméiglecht deene Jonken, iwwer en allgemengen theoreeteschen a prakteschen Unterrecht eng berufflech Qualifikatioun ze kréien, déi duerch en offiziellen Diplom oder en offizielle Certificat bescheinegt gëtt.

Zu Lëtzebuerg fënnt d’berufflech Éischtausbildung am Kader vum Secondaire statt. Se proposéiert iwwer 140 Formatiounen, déi op d’Beruffswelt ausgeriicht sinn.

D’berufflech Éischtausbildung gëtt an den ëffentlechen a private Lycéeën ugebueden.

D’Orientatioun a Richtung Beruffsausbildung erfollegt um Enn vun der 5e, op der Basis vum Avis vum Conseil de classe, genee ewéi vun de schoulesche Resultater a vun den Interessie vum Schüler.

Mam geännerte Gesetz vum 19. Dezember 2008 iwwer d’Reform vun der Beruffsausbildung gouf dës déifgräifend reorganiséiert. D’Reorganisatioun ziilt besonnesch drop of:

  • deene Jonken an Erwuessenen et duerch eng besser Qualifikatioun méi einfach ze maachen, sech an d’ekonomescht a soziaalt Liewen ze integréieren;
  • den Zougang zum Lifelong Learning ze vereinfachen;
  • den Taux vun de Mësserfolleger an d’Zuel vun de Jonken, déi d’Schoul ouni Ofschloss verloossen, erofzesetzen.

 

Hei fannt Dir weider Informatiounen:

Aktualiséiert