Berufflech Weiderbildung

Déi berufflech Weiderbildung stellt eng gréisser Erausfuerderung duer, well d’Aarbechtswelt sech kontinuéierlech verännert. Iwwer d’Éischtausbildung eraus erlaabt si et, en Diplom ze kréien, seng Kenntnesser a Kompetenzen ze vervollstännegen oder ze perfektionéieren, sech berufflech nei ze orientéieren, am Beruff weiderzekommen, sech mat den neien Technologië vertraut ze maachen asw.

Déi berufflech Weiderbildung adresséiert sech virun allem un:

  • Leit, déi hir éischt Studien oder Éischtausbildung net fäerdeg gemaach hunn;
  • Titulairë vun engem Diplôme de technicien (DT), engem Diplôme d’aptitude professionelle (DAP) oder engem Certificat d’aptitude technique et professionnelle (CATP), déi eng Meeschterkaart virbereede wëllen;
  • Leit, déi eng Aarbecht sichen an hir Chancen op eng (Re)insertioun op den Aarbechtsmaart verbessere wëllen;
  • Leit, déi eng berufflech oder technesch Qualifikatioun hunn a sech doranner weiderbilde wëllen, fir hir Aarbechtsplaz ze behalen, hir Wettbewerbsfäegkeet ze vergréisseren, sech berufflech nei ze orientéieren asw.

 

Hei fannt Dir weider Informatiounen:

Aktualiséiert