Validation des acquis de l'expérience

Dir wëllt an Ärer Karriär weiderkommen? Äre beruffleche Parcours consolidéieren? Eng nei Aarbecht fannen oder nei Verantwortung iwwerhuelen?

D'Validation des acquis de l’expérience (VAE) ass en Dispositif, mat deem ee seng berufflech an/oder perséinlech Erfarung valoriséiere loosse kann, fir iwwer dee Wee eng Qualifikatioun ze kréien.

D’VAE-Prozedur ëmfaasst zwou Etappen:

Éischt Etapp: Demande de recevabilité (15 % vun der Prozedur)

Fir eng Demande de validation unerkannt ze kréien, muss se fir d’éischt als zoulässeg unerkannt ginn. Fir datt seng Demande fir zoulässeg erkläert gëtt an den Accès zu der Demarche erlaabt gëtt, muss de Kandidat noweise kënnen, datt hien iwwer berufflech an/oder ausserberufflech Erfarung verfüügt, déi:

  • op d’mannst dräi Joer gedauert huet (oder 5 000 Stonnen), kontinuéierlech oder net kontinuéierlech; an
  • e Lien mat der gewënschter Qualifikatioun huet.

Fir datt Är VAE-Demarche e Succès gëtt an Dir déi Qualifikatioun auswielt, déi Äre Kenntnesser an Erfarungen entsprécht, ass et wichteg, Är perséinlech a professionell Besoinen ze preziséieren.

Wann Dir zweiwelt oder onsécher sidd, wat fir e Certificat, Diplom oder Brevet Dir sollt wielen, bidden d’Cellule VAE an de Service de la formation des adultes (SFA) Iech un, Iech bei der Orientatioun am Kader vun engem Rendez-vous oder iwwer Telefon ze beroden.

Zweet Etapp: Demande de validation sur le fond (85 % vun der Prozedur)

Wann d'Demande de recevabilité akzeptéiert ass an Dir fir zoulässeg erkläert gouft, musst Dir elo eng d'Demande de validation sur le fond zesummestellen. Dës besteet an enger redaktioneller Aarbecht, an där Dir déi Aktivitéiten, déi e Rapport mam Programm (programme cadre) vum gewënschte Certificat, Diplom oder Brevet hunn, detailléiert beschreift.

D'Demande de validation gëtt dann enger Commission de validation ënnerbreet, déi d’Demande analyséiert an eng Decisioun hëlt.

Fir eng global Unerkennung ze kréien, muss de Kandidat noweisen, datt hie sämtlech Kenntnesser, Fäegkeeten a Kompetenzen huet, déi um Programm vun der betreffender Qualifikatioun stinn.

Wann dat net de Fall ass, kann d'Validatioun nëmme partiell sinn. De Kandidat huet dann dräi Joer Zäit, fir déi Kompetenzen, déi feelen, nozehuelen.

D’Kommissioun kann och decidéieren, näischt unzëerkennen, wann d’Acquisen, déi de Kandidat a senger Demande uginn huet, net mam Programm vun der viséierter Qualifikatioun iwwerteneestëmmen.

Virdeeler vun der Demarche

D'Qualifikatioun, déi eventuell iwwer de Wee vun der VAE erreecht gëtt, kann Iech hëllefen:

  • eng nei Plaz ze fannen;
  • de Beräich ze wiesselen;
  • an Ärer aktueller Karriär weiderzekommen;
  • d'Dauer vun der Ausbildung, déi Dir gär maache wëllt, ze verkierzen;
  • är berufflech an/oder ausserberufflech Erfarung valoriséieren ze loossen.
Déi verfügbar Qualifikatiounen

D’Cellule VAE vum Educatiounsministère bitt déi follgend Qualifikatiounen un*:

  • Certificat de capacité professionnelle (CCP);
  • Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP);
  • Diplôme de technicien (DT);
  • Ofschlossdiplom vum Enseignement secondaire général;
  • Meeschterbréif am Handwierk.

D’CCPen, d’DAPen an d’DTen, déi am Kader vun der VAE unerkannt kënne ginn, fannt Dir um Site eSchoolBooks.

Déi grenziwwerschreidend Ausbildungen (apprentissage transfrontalier - TRF) ginn net mat engem Lëtzebuerger Certificat iwwer eng berufflech Qualifikatioun ofgeschloss an deemno och net am Kader vun der VAE-Demarche ugebueden.

D’Ofschlossdiplomer vum Enseignement secondaire général, déi am Kader vun der VAE unerkannt kënne ginn, fannt Dir um Site eSchoolBooks.

D’Meeschterbréiwer, déi am Kader vun der VAE unerkannt kënne ginn, fannt Dir um Site vun der Chambre des Métiers.

D’Héichschouldiplomer sinn net iwwer dës Demarche disponibel. D’Zougangskonditiounen an d’Prozedur fir déi eenzel Niveauen (BTS, Bachelor a Master) si jeeweils ënnerschiddlech. Dir fannt se um Site lifelong-learning.lu.

Nëmme Qualifikatiounen, bei deene schonn en éischte Joergang an der Éischtausbildung diploméiert gouf, sinn am Kader vun der VAE-Demarche zougänglech. Dëst gëllt fir déi reforméiert Programmer vun der Chambre des Métiers an déi nei Qualifikatiounen, déi an der Éischtausbildung vun der Beruffsausbildung (SFP) an am Enseignement secondaire général (ESG) vum Educatiounsministère ugebuede ginn. Wann Dir Zweiwel hutt, kënnt Dir Iech gär un d’Cellule VAE wenden, fir méi Informatiounen ze kréien.

* op Basis vum geännerte Gesetz vum 19. Dezember 2008 iwwer d’Reform vun der Beruffsausbildung

Wéi wielt een déi richteg Qualifikatioun aus?

Dir kënnt d'Schoul- an d’Formatiounsprogrammer vun de verfügbaren Diplomer op de follgenden Internetsitten ze consultéieren, fir genee gewuer ze ginn, wéi eng Erwaardungen an Ufuerderungen (indispensabel Kompetenzen a Kenntnesser) un déi jeeweileg Qualifikatioune geknëppt sinn:

Wat d’Sproochen ubelaangt: Et muss een déi Sprooche beherrschen, déi am Programm vun der gewielter Qualifikatioun stinn. Fir de Meeschterbréif huet de Kandidat d’Wiel tëschent Däitsch a Franséisch.

Fir gewuer ze ginn, wéi eng Qualifikatioun am beschten zu Ärer Erfarung passt, rode mir Iech dréngend:

  1. virdrun e Rendez-vous bei eiser Cellule VAE unzefroen. Hei gëtt d'Demarche erkläert an Dir kritt en Iwwerbléck iwwer déi verschidde Qualifikatiounen;
  2. Iech am Service de la formation des adultes (SFA) orientéieren ze loossen. Hei kritt Dir Ënnerstëtzung an Hëllef bei der Definitioun vun Ärem beruffleche Projet;
  3. Iech fir all weider Froe bei de verschiddene Partner am Beräich vun der VAE (Chambre de Commerce, Chambre des Salariés, Chambre des Métiers, Chambre d’Agriculture, INFPC, Maison de l’orientation) ze informéieren.

 An dëse Servicer stinn Iech Beroder zur Verfügung, déi Iech nolauschteren an Är Froe beäntweren.

Virbereedung vun Ärer Demande de validation

D’Ufro fir d’Validation des acquis de l’expérience geschitt an zwou Etappen.

Éischt Etapp (15 % vun der Prozedur)

Dir fëllt fir unzefänken den éischten Deel vun der Demande aus, nämlech d'Demande de recevabilité:

  • entweeder online an Ärem private Beräich um Internetsite MyGuichet.lu;
  • oder andeem Dir de PDF-Formulaire Demande de recevabilité (op Franséisch oder op Däitsch) ausfëllt, deen Dir da mat engem ageschriwwene Bréif per Post un eis zeréckschéckt oder perséinlech bei eis ofgitt:
    • Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et la Jeunesse
      Service de la formation professionnelle
      Cellule VAE
      29, rue Aldringen
      L-2926 Luxembourg

An dëser éischter Demande liwwert Dir och Informatiounen iwwer Är Erfarung, besonnesch d’Beruffserfarung, déi benevole oder privat Erfarung, Äre schoulesche Parcours an Är Beruffsausbildung. An Ärer Demande gitt Dir un, fir wéi e Brevet, Diplom oder Certificat Dir Är Erfarung wëllt unerkannt kréien. Wann Dir d’Demande op der Hand ausfëllt, da schreift gutt lieserlech. Féiert alles kuerz a präzis aus a vergiesst och näischt.

Dir musst déi néideg Dokumenter bäileeën, déi Är Behaaptunge beleeën. Dat kënne ganz ënnerschiddlech Dokumenter sinn. Dir fannt d'Lëscht vun deene jeeweilegen Dokumenter direkt an Ärem Formulaire oder an der Online-Demarche op Guichet.lu. Si gi vum betreffende Service vum Ministère ganz genee gepréift.

Opgrond vun dësen Informatiounen an den Ënnerlagen, déi Dir bäileet, fir dëst ze beleeën, iwwerpréift d'Cellule VAE, ob Är Erfarung Iech fir eng VAE qualifizéiere kann an Är Demande fir zoulässeg erkläert ka ginn.

Fir Är Demande braucht Dir:

  • offiziell Dokumenter, wéi eng Kopie vun Ärem Aarbechtsvertrag oder e Certificat de travail oder d’Paiziedelen, déi beweisen, datt Dir enger bezuelter Aarbecht nogitt;
  • e Certificat, datt Dir sozialverséchert sidd (Certificat d’affiliation à la sécurité sociale), wann Dir selbstänneg sidd;
  • Certificate vum President vun deem Veräin, wou Dir Iech benevole engagéiert;
  • Deklaratiounen op Éierewuert fir privat Aktivitéiten;
  • Fotokopië vun Äre Certificaten, Diplomer oder Breveten, Zensuren, Bescheinegungen iwwer Modüllen oder soss schoulesch Leeschtungen, vun de VAE-Decisiounen, Certificate vu Participatiounen u Stagen oder Certificaten iwwer den Ofschloss vun der Ausbildung;
  • eng Kopie vun der Carte d’identité oder dem Pass;
  • eng Kopie vun der Iwwerweisung: fir eng Demande de recevabilité kënnen anzereechen, musst Dir eng Iwwerweisung vun 25 Euro op de Postscheckkont vun der Administration de l'enregistrement, des domaines et de la TVA maachen (IBAN LU76 0019 5955 4404 7000, BIC-Code: BCEELULL), mat der Kommunikatioun „virement, validation des acquis de l’expérience (Rgd du 11 janvier 2010)” an Ärem Numm a Virnumm.

Wann Är Dokumenter an enger anerer Sprooch wéi Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch verfaasst sinn, muss eng certifiéiert Iwwersetzung vun engem assermentéierten Iwwersetzer derbäileien.

Opgepasst: Déi Dokumenter, déi Dir bäileet, kritt Dir net erëm. Schéckt also vun Ären Diplomer, Zensuren, Aarbechtskontrakter, Paiziedelen asw. just Kopië mat.

Mir weisen och op d'Dateschutzpolitik am Beräich vun der Validation des acquis de l'expérience hin.

D’Qualitéit vun den Informatiounen, déi Dir liwwert, ass fir d’Demande vu grousser Bedeitung.

De Ministère préift d’Zoulässegkeet vun der Demande. E ka weider Renseignementer froen. D'Cellule VAE vum Ministère kann eventuell d’Originaldokumenter vun Iech froen.

Zweet Etapp (85 % vun der Prozedur)

Wann Är Demande ugeholl gëtt (als zoulässeg unerkannt gëtt), musst Dir den zweeten Deel vun der Demande ausfëllen: d'Demande de validation sur le fond.

Wéi geet dat mat der Ufro fir eng Validation sur le fond?

Déi zweet Etapp fir d'Validation des acquis de l'expérience besteet doranner, eng Demande de validation sur le fond anzereechen. De Formulaire kann an der Rubrik „Formulairen an Online-Demarche” erofgeluede ginn:

De Froebou, oder Questionnaire guidé, féiert Iech duerch d’Demande de validation sur le fond, soudatt Dir ouni Problemer Är Kenntnesser, Fäegkeeten a Kompetenzen, déi e Rapport hunn zu den Ufuerderunge vun deem Diplom, fir deen Dir gär eng Unerkennung hätt, detailléiert beschreiwe kënnt.

Dir hutt d'Méiglechkeet, Ären Dossier an engem separate Word-Dokument opzestellen, dat awer déi offiziell Struktur vum Dossier fir d'Demande de validation sur le fond bäibehale muss:

  • Äre „Parcours“ (P1, P2, P...)
  • Är „Beschäftegungen (Emplois) (E1, E2, E...)
  • an Är „Aktivitéiten (Activités) (A1, A2, A...)

D'Validatioun vun Ären Acquisen ass eng redaktionell Aarbecht, déi op der Beschreiwung vun Ären Erfarunge baséiert. Dës Beschreiwunge mussen detailléiert genuch sinn, fir Är Kenntnesser, Fäegkeeten an Astellungen nozeweisen. Dir musst Iech Gedanken iwwer dat Geleeschtent maachen an Iech un Eenzelheeten erënneren, Situatioune fannen, déi als Beispill kënnen déngen, a präzis beschreiwen, wéi an ënner wat fir enge Konditiounen Dir déi eng oder aner Aufgab erleedegt hutt, andeem Dir konkreet Beispiller ugitt.

Fir datt d’Commission de validation aschätze kann, a wéi engem Kontext Dir Äert Kënnen an Är Erfarungen entwéckelt an agesat hutt, musst Dir am Detail op d’Froe vun den Blieder zu Ärem „Parcours“ (P1, P2, P...), Ären „Beschäftegeungen“ (E1, E2, E…) an Ären „Aktivitéiten“ (A1, A2, A...) äntweren.

Fir déi pertinent Aktivitéiten ze wielen, rode mir Iech, Iech de Formatiounsprogramm vum Certificat, Diplom oder Brevet, fir deen Dir wëllt eng Unerkennung kréien, ganz genee unzekucken. Dir musst Iech op dëse Programm baséieren, fir Är Demande de validation sur le fonds zesummenzestellen an ze redigéieren. Ënnert der Fro weider uewen „Fir wéi eng Qualifikatioun kann ech d'VAE ufroen?” kritt Dir Accès zu dëse Formatiounsprogrammer.

D’Qualitéit vun den Informatiounen, déi Dir liwwert, ass fir d’Demande vu grousser Bedeitung. Sidd wgl. bei Ären Angabe präzis a faasst Iech kuerz.

Am Deel „Annexen(Annexes) gitt Dir opgefuerdert, all d'Dokumenter (Formatiounscertificaten, Fotoen, Bescheinegungen, Zensuren ...) bäizeleeën, déi Är Erfarung an Äert Wëssen a Kënnen illustréieren.

Dir kënnt och Hëllef an Usproch huelen, fir Är Demande de validation sur le fond zesummenzestellen. All Kandidat, deem seng Demande fir zoulässeg erkläert gouf, kritt e Formulaire, fir eng Ënnerstëtzung bei dësem zweeten Deel vun der Demande unzefroen.

D’Qualitéit vun den Informatiounen, déi Dir liwwert, ass fir d’Demande vu grousser Bedeitung.

Op Basis vun all dësen Informatiounen evaluéiert d’Commission de validation Är Fäegkeeten a vergläicht se mat deenen, déi den Diplom, Brevet oder Certificat verlaangt.

Virgeschriwwen Delaien

Fir d'Demande de recevabilité gëtt et keen Delai fir d'Areeche vun der Demande.

Fir d'Demande de validation sur le fond ginn d'Delaien Iech an deem Schreiwes matgedeelt, mat deem Ären Dossier als zoulässeg unerkannt gëtt.

D’Delaie vun de Sessiounen, fir eng Demande de validation sur le fond anzereechen, sinn:

  • entweeder den 28. Februar fir d’Sessioun Mee-Juni;
  • oder den 31. Juli fir d’Sessioun Oktober-November.

Dir musst dës Datumer anhalen. Wann d’Demande de validation sur le fond per Post un di follgend Adress geschéckt gëtt, gëllt de Poststempel.

Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et la Jeunesse
Service de la formation professionnelle
Cellule VAE
29, rue Aldringen
L-2926 Luxembourg

Wann Dir Är Demande de validation sur le fond bannent de genannten Delaien areecht, gëtt de Ministère Är Demande un déi entspriechend Commission de validation weider.

De Ministère deelt Iech d’Decisioun spéitstens ee Mount, nodeem e vun der Commision de validation informéiert gouf, mat.

Fir Ënnerstëtzung unzefroen, musst Dir eis Äre Wonsch, vun engem Beroder begleet ze ginn:

  • entweeder direkt iwwer MyGuichet.lu matdeelen;
  • oder eng Fiche ausfëllen, déi Dir zesumme mat der Matdeelung, datt Är Demande de recevabilité akzeptéiert gouf, geschéckt krut.
D'Ënnerstëtzung

Fir Iech bei der VAE-Demarche zur Säit ze stoen, stellt d'Cellule VAE vum Service de la formation professionnelle Iech eng Rei vun Ënnerstëtzungsmoossnamen* zur Verfügung, déi an enger methodologescher Orientatioun fir d'Zesummestellung vun Ärem Dossier bestinn. Dës Ënnerstëtzung ka verschidde Formen unhuelen:

  1. e kollektiven Atelier oder eng Informatiounsseance, déi vun der Cellule VAE organiséiert gëtt;
  2. een oder méi perséinlech Gespréicher mat engem Beroder.

D'Ënnerstëtzung ëmfaasst eng Rei vu Gespréicher, sief et perséinlech an/oder per Telefon oder iwwer E-Mail. D’Ënnerstëtzung gëtt dréngend recommandéiert. Si gëtt an de Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch ugebueden.

D'Cellule VAE deelt Iech den Numm vun engem Beroder mat, dee wärend der ganzer Zesummestellung vun Ärem Dossier Ären Uspriechpartner ass. Et ass dann un Iech, Kontakt opzehuelen an e Rendez-vous auszemaachen an domat den Ufank vun der Ënnerstëtzung ze markéieren.

Ärem Beroder seng Missioun ass et, Iech eng Technik ze vermëttelen, mat där Dir Är Beruffspraxis analyséiere kënnt, an Iech nëtzlech Pisten ze weisen, wéi Dir Äert Kënnen a Wëssen, dat Dir Iech duerch d'Erfarung ugëeegent hutt, formaliséiere kënnt, fir datt Dir an der Lag sidd, déi Elementer auszewielen, déi Dir an Ärem Dossier beschreiwe wëllt. D'VAE ass eng reng perséinlech Demarche. Dir sidd eleng dofir verantwortlech, wéi eng Entscheedungen Dir trefft a wéi eng Dokumenter Dir virleet. Et ass wichteg, drop hinzeweisen, datt de Beroder den Dossier net an Ärer Plaz zesummestellt a keng Inhalter erstellt, déi an Ären Dossier opgeholl kéinte ginn. Seng Interventioun beschränkt sech dorop, Iech bei Ären Iwwerleeungen zu de Kompetenzen, déi Dir Iech am Laf vun Ärem berufflechen, ausserberufflechen a perséinleche Parcours ugëeegent hutt, ze guidéieren, andeem hien Iech beréit, wéi Dir dës Kompetenze systematesch an Ärem Dossier fir d'Validation sur le fond duerstelle kënnt.

Ofschléissend sief gesot, datt et ëm Äert Liewen an ëm Är Erfarung geet. Et ass deemno un Iech, d'Kommissioun ze iwwerzeegen, andeem Dir hir Äre Parcours mat Ären eegene Wierder duerstellt, fir sou Zougang zum ugestriefte Certificat, Diplom oder Brevet ze hunn.

* Groussherzoglecht Reglement vum 15. Dezember 2017 iwwer d'Ënnerstëtzung duerch perséinlech Gespréicher vu Kandidaten, déi eng Validation des acquis de l'expérience ufroen

D'Commission de validation an hir Decisiounen

Är Demande de validation gëtt de Membere vun der Commission de validation ënnerbreet, déi d’Demande analyséieren an eng Decisioun huelen. Dës Kommissioune kommen zweemol d’Joer zesummen, am Mee/Juni an am Oktober/November.

D’Kommissioun besteet aus sechs Memberen: zwee Vertrieder vum Patronat, zwee Vertrieder vum Salariat an zwee Vertrieder aus dem schoulesche Beräich. Et gëtt fir all Qualifikatioun eng eege Commission de validation. D’Kommissioun vergläicht d’Kompetenzen, déi Dir an Ärer Demande uginn hutt, mat deenen, déi fir déi Qualifikatioun, déi Dir ustrieft, néideg sinn.

D'Commission de validation evaluéiert Är Fäegkeeten a vergläicht se se mat deenen, déi den Diplom, Brevet oder Certificat verlaangt. Si baséiert sech dobäi op de jeeweilege Programm (programme cadre).

No der Analys vum Dossier kann, wann d’Commission de validation dat fir néideg fënnt, en Entretien mam Kandidat gefrot ginn. Et kann och sinn, datt de Kandidat sech an enger reeller oder nogestallter Aarbechtssituatioun muss beweisen.

D’Kommissioun ka Follgendes decidéieren:

  • eng global Unerkennung (validation totale) ;
  • eng partiell Unerkennung (validation partielle): Wann d’Kommissioun der Meenung ass, datt Dir nëmmen en Deel vun de gefuerderte Kompetenzen hutt, kënnt Dir eng partiell Unerkennung kréien. Dir hutt dann dräi Joer Zäit, fir déi Kompetenzen, déi feelen, nozehuelen (z. B. duerch eng Formatioun oder zousätzlech Erfarung).
  • Är Demande ze refuséieren, wann d’Acquisen, déi Dir an Ärer Demande uginn hutt, net mam Programm vun der viséierter Qualifikatioun iwwerteneestëmmen.

Fir eng global Unerkennung ze kréien, musst Dir noweisen, datt Dir sämtlech Kenntnesser, Fäegkeeten an Kompetenzen hutt, déi um Programm vun der betreffender Qualifikatioun stinn. Et ass deemno wichteg sécherzestellen, datt Ären Dossier komplett ass, éier Dir en der Commission de validation zur Evaluatioun virleet.

Aktualiséiert