Diplomer

Den ëffentlechen a private Secondaire général proposéiert eng 120 Ausbildungen.

Dës Formatioune sinn an dräi Bildungsweeër strukturéiert, déi mat dräi verschiddenen Diplomer ofgeschloss ginn:

Certificat de capacité professionnelle (CCP)

Normal Ausbildungsdauer: 3 Joer

D’Ausbildung, déi mam CCP ofgeschloss gëtt, erméiglecht et dem Schüler, sech berufflech a sozial Grondkenntnesser unzëeegnen, déi noutwendeg sinn, fir um Aarbechtsmaart Fouss ze faassen.

D’Dauer vun der Ausbildung läit, jee no Formatioun, bei 2 respektiv 3 Joer. Si ass a Modüllen opgedeelt, mat enger kontinuéierlecher Leeschtungsbewäertung (évaluation continue). Et ass eng Ausbildung mat engem Contrat d’apprentissage, d. h. e groussen Deel vun der Zäit verbréngt een an engem Ausbildungsbetrib an de Rescht vun der Zäit (ee bis dräi Deeg d’Woch) an der Schoul.

Wann ee säi CCP bis huet, kann ee mat der Ausbildung weidermaachen, fir en Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) an där nämmlechter Fachrichtung ze kréien.

Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP)

Normal Ausbildungsdauer: 3 Joer

D’Ausbildung, déi mam DAP ofgeschloss gëtt, erméiglecht den Zougang zum Aarbechtsmaart als qualifizéiert Aarbechtskraaft. Et ass eng Ausbildung mat engem Contrat d’apprentissage oder engem Contrat de stage (op d’mannst 12 Woche Stage wärend der Ausbildung). D’Ausbildung dauert am Prinzip dräi Joer.

Wann de Schüler säin DAP bis huet, kann en d’Technikerausbildung (DT) an där nämmlechter Fachrichtung maachen, déi iewescht Klasse vum Secondaire général besichen oder eng Meeschterkaart ustriewen.

Diplôme de technicien (DT)

Normal Ausbildungsdauer: 4 Joer

Den Diplôme de technicien ass eng berufflech Qualifikatioun, déi et dem Schüler erlaabt, direkt an d’Beruffsliewen eranzeklammen. Den Techniker huet am Géigesaz zum Titulaire vun engem CCP oder engem DAP méi fundéiert an diversifizéiert Kompetenzen an e bessert Allgemengwëssen.

D’Dauer vun der Ausbildung, déi zum DT féiert, läit am Prinzip bei 4 Joer. Et ass eng Ausbildung mat engem Contrat d’apprentissage oder engem Contrat de stage (op d’mannst 12 Woche Stage wärend der Ausbildung).

Den Titulaire vun engem DT ka seng Ausbildung och fortsetzen:

  • an den ieweschte Klasse vum Secondaire général;
  • mat engem techneschen Héichschoulstudium an der Fachrichtung, déi sengem Diplom entsprécht, ënner der Konditioun, datt en d‘Virbereedungsmodülle fir d’Héichschoulstudie gepackt huet. Dës Modülle kënne wärend der normaler Schoulzäit oder um Enn vun der Ausbildung absolvéiert ginn. Bescheinegt gëtt d’Reussite vun dëse Modüllen duerch d’Certificatioun fir den Accès zu den Héichschoulstudien an der Fachrichtung vum jeeweilegen Diplom.

Aktualiséiert