Organisatioun

D’Beruffsausbildung kann a Form vu verschiddene Systemer organiséiert sinn:

  • duale System (régime concomitant): Een Deel vun der Beruffsausbildung gëtt als Léier an engem Ausbildungsbetrib gemaach (mat engem Contrat d’apprentissage), deen aneren Deel (ee bis dräi Deeg an der Woch) an engem Lycée;
  • gemëschte System (régime mixte): De Léierbouf/d’Léiermeedche geet ee Joer laang Vollzäit an de Lycée an absolvéiert de Rescht vun der Ausbildung am duale System;
  • Vollzäitsystem (régime à plein temps): D’Ausbildung geschitt am Lycée selwer; dertëscht ginn et am Ganzen op d’mannst zwielef Woche Stage (mat engem Contrat de stage).

D’Formatioun am Ausbildungsbetrib

D’Beruffsausbildung ass konzipéiert an organiséiert, fir Erfarungen am konkreete berufflechen Ëmfeld ze fërderen.

Jee no Ausbildung mécht de Schüler:

  • eng Léier: De Schüler/d’Schülerin huet de Status vum Léierbouf/Léiermeedchen – et gëtt e Kontrakt mam Ausbildungsbetrib ofgeschloss, derniewent ginn dës Schüler eng festgeluechten Zuel vu Stonne pro Woch an d’Schoul;
  • e Stage: De Schüler huet de Status vun engem Stagiaire – de gréissten Deel vu senger Ausbildung geschitt an der Schoul, ma op d’mannst zwielef Woche si fir Stagen a Betriber virgesinn.

Partnerschaft mat der Aarbechtswelt

D’Beruffsausbildung baséiert op enger Partnerschaft tëschent der Schoul an der Aarbechtswelt: De Staat, d’Beruffschambere vum Patronat an vum Salariat schaffen, wat d’Beruffsausbildung ugeet, enk zesummen.

Déi sou genannten Équipes curriculaires, déi sech aus Vertrieder aus der schoulescher Welt an aus der Aarbechtswelt zesummesetzen, schaffen d’Kaderprogrammer (Beruffsprofil, Ausbildungsprofil, Carnet d’apprentissage, Carnet de stage a Programme directeur) an d’Bezuchssystemer fir d’Evaluatioun vun deenen eenzelen Ausbildungen aus.

D’Ausbildungsprogrammer gi vun nationalen Ausbildungskommissiounen ausgeschafft, déi sech aus Vertrieder vun all Lycée, an deem d’Formatioun ugebuede gëtt, an aus Vertrieder vun der Aarbechtswelt zesummesetzen.

Aktualiséiert