Modüllen an Evaluatioun

D’Schoul ass ronderëm den Opbau vu Kompetenze strukturéiert, dat heescht Kenntnesser, Fäegkeeten an Astellungen, déi ee spéider a sengem Beruff oder Handwierk brauch. Duerfir ass et nëmme kohärent, wann d’Evaluatioun an der Beruffsausbildung sech op dës Kompetenzen, méi genee d’Uneegne vun dëse Kompetenzen, baséiert.

Modüllen

Fir all Formatioun sinn d’Kompetenzen definéiert, déi sech de Schüler uneegne muss, fir spéider säi Beruff oder Handwierk ausüben ze kënnen. Dës Kompetenze ginn an d’Bezuchssystemer fir d’Evaluatioun an an d’Ausbildungsprogrammer iwwerdroen.

Den Unterrecht ass a Modüllen (an net a Fächer) ënnerdeelt. All Modüll ziilt op d’Entwécklung vu verschiddene Kompetenzen of an orientéiert sech u konkreete beruffleche Situatiounen. De Schüler eegent sech esouwuel dat theoreetescht wéi och dat praktescht Wëssen un.

Et ginn dräi Typpe vu Modüllen:

  • D’Basismodülle sinn obligatoresch. Wann de Schüler se net packt, muss en dës Modüllen am nächste Semester widderhuelen.
  • D’Komplementarmodülle sinn och obligatoresch. Wann de Schüler se net packt, kënne se spéider wärend der Ausbildung nogeholl ginn.
  • Déi fakultativ Modüllen an d’Virbereedungsmodüllen erweideren den Ausbildungsberäich oder bereeden op eventuell Héichschoulstudie vir.

Evaluatioun

Chiffréiert Evaluatioun op der Basis vun de Kompetenzen

Um Enn vun all Trimester gëtt et eng Zensur, déi d’Fortschrëtter vum Schüler dokumentéiert.

Op der Zensur sti fir all Modüll Punkten an um Enn vum Schouljoer d’Décision de progression. All Modüll gëtt op 60 Punkte bewäert. E Modüll besteet aus verschiddene Kompetenzen, déi eenzel op enger Skala vu 6, 12, 18 resp. 24 Punkte bewäert ginn.

E Modüll ass gepackt, wann op d’mannst 30 Punkten erreecht goufen.

D’Modüllen déi gepackt goufen, bleiwen e Liewe laang gülteg (et sief dann, de Schüler schreift sech nees an d’éischt Joer vun enger Ausbildung an).

Wann de Schüler e Modüll net gepackt huet, kann en dëse Modüll widderhuelen, ouni duerfir mussen dat ganzt Joer nach eemol ze maachen.

Bilan intermédiaire a Bilan final

E Bilan intermédiaire gëtt ausgestallt:

  • um Enn vum éischte Joer vun enger Ausbildung, déi normalerweis dräi Joer dauert;
  • um Enn vum zweete Joer vun enger Ausbildung, déi normalerweis véier Joer dauert.

Dës Bilane baséieren op de Resultater vum Schüler an den obligatoresche Modüllen, déi de Programm virgesäit, zanter dem Ufank vun der Ausbildung. D’Resultater vun eventuelle Stage-Modüllen a vum Projet intégré intermédiaire, deen eventuell duerchgefouert gouf, ginn net berücksichtegt.

Um Enn vun der Ausbildung gëtt e Bilan final ausgestallt.

D’Decisioun baséiert op de Resultater vum Schüler an den obligatoresche Modüllen, déi de Programm virgesäit, an deene leschten zwee Joer vun der Ausbildung.

Ëmorientéierung vun de Schüler

Schüler, déi net fir dat nächst Joer vun hirer Ausbildung zougelooss sinn, kënne vum Conseil de classe an eng aner Ausbildung mam selwechten Niveau oder eng Klass vun engem anere schouleschen Niveau ëmorientéiert ginn.

Wann de Conseil de classe fënnt, datt de Schüler d’Fäegkeeten huet, d’Ausbildung mat Erfolleg ofzeschléissen, kann en dem Schüler en zousätzlecht Ausbildungsjoer accordéieren, fir déi Modüllen, déi en net gepackt huet, nozehuelen.

Integréiert Projeten

Schüler mat engem Contrat d’apprentissage an der DAP- oder DT-Ausbildung realiséieren an der Hallschent vun hirer Ausbildung e Projet intégré intermédiaire (PII).

All d’Schüler (CCP, DAP an DT) realiséieren um Enn vun hirer Ausbildung e Projet intégré final (PIF).

Duerch dës integréiert Projete soll gekuckt ginn, ob de Schüler iwwer déi punktuell Kompetenzen eraus déi néideg komplex Kompetenzen entwéckelt huet, fir eng real oder simuléiert berufflech Situatioun ze meeschteren. En integréierte Projet kann iwwer e puer Deeg goen.

Fir zum Projet intégré final zougelooss ze ginn, muss de Schüler säi Bilan final gepackt hunn.

Formulaire: Demande de participation à la prochaine session du projet intégré final (PIF)

Zertifizéierung

D’Zertifizéierung geschitt op Basis vum reusséierte Projet intégré final an de gepackte Basismodülle wéi och eventuelle Stagen.

Aktualiséiert