Erwuessenebildung

D’Erwuessenebildung gëtt groussjärege Leit d’Méiglechkeet, eng Beruffsausbildung fäerdeg ze maachen, ze ergänzen oder unzefänken. Si ass domat Deel vum Konzept vum „liewenslaange Léieren”, dem Lifelong Learning.

Am Kader vun der Erwuessenebildung ginn, jee no Ausbildung, déi follgend Ofschlëss ugebueden: 

  • Certificat de capacité professionnel (CCP);
  • Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP);
  • Diplôme de technicien (DT).

OPGEPASST: D’Erwuessenebildung kann nëmmen am duale System (régime concomitant) absolvéiert ginn: Een Deel vun der Beruffsausbildung gëtt als Léier an engem Ausbildungsbetrib gemaach (mat engem Contrat d’apprentissage), deen aneren Deel (ee bis dräi Deeg an der Woch) an engem Lycée.

D’Erwuessenebildung gëtt an Zesummenaarbecht mam Service de l’orientation professionnelle vun der ADEM organiséiert, deen och d’Aschreiwunge geréiert.

All Kandidat muss déi follgend Bedéngungen erfëllen:

  • op d’mannst 18 Joer al sinn;
  • zanter mindestens 12 Méint net méi am initiale Schoulsystem oder am Kader vun engem éischte Contrat d’apprentissage beschäftegt sinn;
  • zanter mindestens 12 Méint mat oder ouni Ënnerbriechung beim Centre commun de la Sécurité sociale affiliéiert sinn, an dat op d’mannst fir 16 Stonnen d’Woch.

Erwuessener, déi sech fir dëse Wee decidéieren, kréien de soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter.

Aktualiséiert