Institut national pour le développement de la formation professionnelle continue (INFPC)

Den Institut national pour le développement de la formation professionnelle continue (INFPC) ass en Établissement public, deen dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnersteet.

Als zentraalt Informatiounsorgan a Schlësselacteur am Beräich vum liewenslaange Léieren informéiert a begleet den INFPC d’Entreprisen an d’Privatpersounen an hire Formatiounsdemarchen.

En ass och eng wichteg Ulafstell fir d’Formatiounsinstituter an d’Institutiounen, déi am Lifelong-Learning-Beräich aktiv sinn.

Seng Aktivitéite si ronderëm dräi Achsen organiséiert:

D’Portal lifelong-learning.lu

lifelong-learning.lu, dat nationaalt Portal fir d’liewenslaangt Léieren, erméiglecht den Zougang zu iwwer 10 000 Formatiounen, déi sämtlech Aktivitéitsberäicher vun der Lëtzebuerger Ekonomie ofdecken. Dës Sichmaschinn fir Formatioune gëtt vun 300 Member-Formatiounsinstituter gespeist. Zilgrupp si Salariéen, Demandeurs d’emploi, Professioneller aus dem Human Resources-Beräich, Responsabeler fir d’Formatioun, Professioneller aus de Beräicher Orientatioun a Beschäftegung ...

Nieft der Sich no Formatioune bitt lifelong-learning e breetgefächerte redaktionellen Inhalt: Bäihëllef fir d’Formatioun, alternativ Weeër, fir en Diplom ze kréien, Validation des acquis de l’expérience, Evenementer, Legislatioun, News ...

De Kofinanzement vun der Formatioun am Betrib

Entreprisen aus dem Privatsecteur, déi zu Lëtzebuerg etabléiert sinn, kënnen eng steierflichteg Bäihëllef fir d’Formatioun an Héicht vu 15 % vum Joresbetrag, deen an d’Formatioun investéiert gëtt, kréien. D’Bedeelegung vum Staat geet op eng steierflichteg Participatioun vun 20 % erop, wann et sech ëm d’Lounkäschte vu Participanten handelt, déi um Ufank vum Formatiounsplang déi follgend Krittären erfëllen:

  • si hunn entweeder keen unerkannten Diplom a sinn zanter manner ewéi 10 Joer am Betrib;
  • oder si hunn en unerkannten Diplom bzw. sinn zanter méi ewéi 10 Joer am Betrib a sinn iwwer 45 Joer al.

Den INFPC bitt Ënnerstëtzung u fir d’Entreprisen, déi de Kofinanzement an Usproch huele wëllen.

Den Observatoire de la formation

Den Observatoire de la formation féiert Etüden duerch a stellt säi Fachwëssen zur Verfügung, fir ëffentlech a privat Decideuren dobäi ze ënnerstëtzen, wirtschaftleche Changementer virzegräifen an hir Formatiouns- a Beschäftegungspolitik ze steieren. Seng Aarbechte befaasse sech mat:

  • de Formatiounspraktike vun den Entreprisen;
  • der Offer vun de Formatiounsinstituter;
  • de Beschäftegungsaussiichte vun de Jugendlechen no der Schoul, iwwer d’Etüd Transition École-Vie Active (TEVA);
  • dem Verfaasse vu Rapporten an Artikele fir de Cedefop am Kader vum Dispositif ReferNet.

Aktualiséiert