De Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC) begleet Erwuessener aus dem ëffentlechen a private Secteur zu Lëtzebuerg bei der Entwécklung vun de Kompetenzen, déi fir déi haiteg an zukünfteg Beruffer noutwendeg sinn.
De CNFPC bitt Formatiounen un, déi un déi individuell Bedierfnesser ugepasst sinn, sief et, wat déi berufflech Entwécklung, d’Ëmschoulung oder d’Virbereedung op en neie professionelle Projet ubelaangt, dat Ganzt am Aklang mat de Besoine vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart.
Eng Offer vu Formatiounen, déi ronderëm dräi Schwéierpunkte strukturéiert sinn
Berufflech Weiderbildung
De CNFPC bitt e breede Spektrum vun theoreteschen a praktesche Formatioune mat engem Certificatiounsofschloss un, déi d’Niveaue vun der Aféierung, der Weiderbildung an der Expertis ofdecken. Dës Formatioune sinn an aacht spezialiséiert Polen opgedeelt, erméiglechen d’Entwécklung vun techneschen, digitalen a soziale Kompetenzen a riichte sech un d’Salariéen, d’Independanten, d’Féierungskräften an d’Mataarbechter an der Fonction publique.
Berufflech Ëmschoulung
De CNFPC bitt eng personaliséiert Begleedung fir Leit, déi an enger berufflecher Transitiounsphas oder op Aarbechtssich sinn, besonnesch fir Persounen, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn. D’Parcourse sinn op Schlësselsecteuren ewéi d’Digitaliséierung, d’Industrie 4.0, d’Kreeslafwirtschaft, d’Nohaltegkeet, d’Ëmwelt, d’Mobilitéit an essentiel technesch Beruffer ausgeriicht.
Schoulesch Offer
Am Kader vum Lëtzebuerger Schoulsystem proposéiert de CNFPC Formatiounsparcourse fir Erwuessener, déi op d’Praxis, d’Innovatioun an d’Professionaliséierung ausgeriicht sinn. Dës Formatiounsgäng erlaben et, sech déi technesch Kompetenzen, déi gefrot sinn, unzëeegnen, en Diplom, eng Zensur oder eng unerkannt Attestatioun ze kréien a sech effikass op d’Ausübe vun engem Beruff, eng Léier oder d’Fortsetzung vun de Studie virzebereeden.