Meeschterkaart

Mat enger Meeschterkaart huet een d’Recht, sech an deem betreffenden Handwierk selbstänneg ze maachen a Léierbouwen a -meedercher auszebilden. Si gëtt engem och d’Méiglechkeet, e Poste mat Verantwortung an engem handwierklechen, industriellen oder kommerzielle Betrib ze iwwerhuelen. Mat der Meeschterkaart gëllt een als Meeschter (maître-artisan) a sengem Handwierk.

D’Virbereedungscoursë fir d’Meeschterkaart gi vun der Chambre des métiers organiséiert.

Fir sech an dës Coursë kënnen anzeschreiwen, muss de Kandidat en Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) oder als equivalent unerkannten Dokumenter kënne virleeën. Ugeholl ginn och déijéineg, déi en Diplôme de fin d’études secondaires oder en Diplôme de technicien virweise kënnen, genee ewéi all d’Titulairë vun engem Ofschloss aus dem Post-Secondaire (BTS, Bachelor, Master, Dokter asw.).

Aktualiséiert