D’Bekämpfung vum Aarmutsrisiko vun de Kanner

Zu Lëtzebuerg, genee ewéi an deenen anere Länner vun der Europäescher Unioun, sinn d’Kanner dem Aarmutsrisiko méi ausgesat ewéi déi Erwuessen. „Dëse Risiko stellt net just eng Negatioun vun de fundamentale Rechter vun de Kanner duer, mee e belaascht och dat zukünftegt Wuelbefanne vun den europäesche Gesellschaften, well d’Kanner, déi an der Aarmut opwuessen, manner Chancen hunn, fir hiert vollt Potenzial ze erreechen. Wärend se opwuessen, wäerte se de Risikoe vu Krankheeten, Aarbechtslosegkeet an nidderegem Akommes méi ausgesat sinn. Déi meescht Memberstaaten hunn de Froen iwwer d’Aarmut vun de Kanner eng héich Prioritéit an hiren nationalen Aktiounspläng iwwer déi sozial Inclusioun accordéiert.“ (Europarot)

Déi nei global Strategie vun der EU betreffend d’Rechter vun de Kanner an déi europäesch Garantie fir d’Kandheet si gréisser politesch Initiativen, déi vun der Europäescher Kommissioun proposéiert goufen, fir all d’Kanner besser ze schützen, fir hinnen ze hëllefen, hir Rechter ze realiséieren, a fir se an de Mëttelpunkt vum Ausschaffe vun de Politicke vun der EU ze setzen. Dës zwou Initiative sinn d’Resultat vun enger wäitleefeger Consultatioun vun de Bierger, de Partie-prenanten an, virun allem, vu méi ewéi 10 000 Kanner.

Ënner der Initiativ vum Europäesche Parlament an opgrond vun de Verflichtungen, déi fir d’Reduzéiere vun der Kanneraarmut an den Ongläichheeten agaange gi sinn, huet de Projet fir d’Garantie vun der Kandheet sech als Zil gesat, fir all Kand den Zougang zu fënnef essentielle Servicer zouzesécheren:

  • eng gratis Educatioun;
  • eng gratis Gesondheet;
  • eng adaptéiert Ernärung;
  • en anstännegt Logement;
  • e Betreiungsservice fir déi Jéngst.

D’Recommandatioun offréiert de Memberlänner Zilsetzungen iwwer déi integréiert Strategië vun der Bekämpfung vun der Aarmut vun de Kanner an der Promotioun vum Wuelbefanne vun de Kanner. Se geet iwwer d’Politicke fir sozial Hëllef an iwwer den Aarbechtsmaart eraus, fir den Zougang zu qualitative Servicer an zur aktiver Bedeelegung vun de Kanner selwer ze promovéieren, an ënnersträicht d’Wichtegkeet vun der Kohäsiounspolitik vun der EU, wat d’Mobiliséierung vun de Reformen ubelaangt.

Aktualiséiert