De Schutz vun de Kanner viru kierperlecher Bestrofung

Et ass duerch vill Etüde bewise ginn, datt déi kierperlech Bestrofung déi psychologesch Entwécklung an d’Gesondheet vum Kand op eng negativ Manéier ka beaflossen, ouni e reellen erzéieresche Wäert oder soss gënschteg Effekter mat sech ze bréngen. Et goufen international an national Sensibiliséierungscampagnen ageriicht, fir d’Eltere fir d’Suitte vun dëser kierperlecher Bestrofung ze sensibiliséieren an hinnen déi alternativ erzéieresch Moossnamen nozebréngen.

Eent vun de gréisseren Objektiver vum Europarot ass et, déi kierperlech Strof aus den erzéieresche Praktiken ze verbannen. Op sengem Portal, dat extra fir dës Problematik geduecht ass, presentéiert den Europarot gutt Praktiken, déi erstallt goufen, fir eng net-gewalttäteg Erzéiung ze promovéieren, proposéiert audiovisuell a Campagnesupporten a stellt Publikatiounen, Formatiounsinhalter an eng ganz Panoplie vun nëtzlechen Outilen zur Verfügung.

Ee vun de Refenzsitten an deem Kontext ass dee vun End Violence against children, deen d’Initiativ End Corporal Punishment ëmfaasst. Hiert Zil ass et, der kierperlecher Bestrofung vun de Kanner en Enn ze setzen, andeem d’Aktivitéiten, déi de Fortschrëtt an d’Richtung vum universelle Verbidden an Eliminéiere vun der kierperlecher Bestrofung vun de Kanner mat sech bréngen, multiplizéiert ginn. End Violence against children/End Corporal Punishment leet an ënnerstëtzt déi national, regional an international Plädoyersaktiounen, liwwert Informatiounen an adaptéiert technesch Ressourcen, Rotschléi an Ënnerstëtzung an der Matière.

An hirem europäesche Rapport iwwer d’Preventioun vun der Mësshandlung vun de Kanner kläert d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) iwwer déi negativ Konsequenzen op, déi d’Mësshandlung vum Kand op seng Entwécklung huet, an iwwer déi sozial Repercussiounen, déi déi Schied op laang Dauer op déi gesamt Gesellschaft verursaachen. Méi allgemeng widmet dëse Rapport sech och méi genee der kierperlecher Strof. De Rapport presentéiert iwwerzeegend Argumenter, déi sech zu Gonschte vun engem méi héijen Investissement vun de Preventiounsobjektiver am Beräich vun der sanitärer an der Sozialpolitik asetzen.

 

Aktualiséiert