Sich no der Hierkonft

Den Ament gëtt et kee legale Kader zu Lëtzebuerg, fir offiziell eng Sich no senger Hierkonft duerchzeféieren. Zwee Gesetzesprojeten abordéieren d’Recht op d’Wëssen iwwer seng Hierkonft, esou wéi et vun der internationaler Kannerrechtskonventioun unerkannt ass:

  • de Gesetzesprojet Nr. 7674 iwwer d’Organisatioun vum Zougang zum Wëssen iwwer seng Hierkonft am Kader vun enger Adoptioun oder enger medezinesch assistéierter kënschtlecher Befruchtung mat enger Drëttpersoun als Spender;
  • de Gesetzesprojet Nr. 6568A iwwer d’Reform vum Recht op Ofstamung, deen de Prinzip vum Zougang zum Wëssen iwwer seng Hierkonft an d’Demarchë fir d’Begleedung an d’Ënnerstëtzung vun de Persounen, déi op der Sich no hirem biologeschen Elterendeel sinn, aféiert.

De Gesetzesprojet gesäit vir, datt de Ministère, deen d’Rechter vum Kand a sengen Attributiounen huet, kompetent ass fir d’Applizéiere vun de Bestëmmungen, déi den Zougang zum Wëssen iwwer seng Hierkonft betreffen. E muss och déi psychosozial Begleedung ofsécheren, déi dozougehéiert.

Aktualiséiert