Sexuell Gewalt géint Mannerjäreger verhënneren

Um Niveau vun der Europäescher Unioun leet d’Direktiv 2011/93/EU vum Europäesche Parlament a vum Conseil vum 13. Dezember 2011 iwwer d’Bekämpfung vum sexuelle Mëssbrauch an der sexueller Ausbeutung vun de Kanner ewéi och vun der Pedopornografie eng global juristesch Approche duer, déi d’Verflichtung fir d’Poursuite vun den Täter, de Schutz vun den Affer an d’Preventioun vum Phenomeen ofdeckt. D’Direktiv verflicht d’Memberstaaten, fir an hirer nationaler Gesetzgeebung déi strofrechtlech Sanctioune virzegesinn, déi un d’Bestëmmunge vum Recht vun der Unioun iwwer d’Bekämpfung vum sexuelle Mëssbrauch an der sexueller Ausbeutung vun de Kanner ewéi och vun der Pedopornografie gebonne sinn.­

D’Konventioun vum Europarot iwwer de Schutz vun de Kanner viru sexuellem Mëssbrauch (2007) versteet sech ewéi e globaalt Instrument fir d’Preventioun, a fir d’Kanner virun all Forme vu sexuellem Mëssbrauch ze schützen. D’Konventioun huet hire Schwéierpunkt op strofrechtlechen Aspekter an imposéiert d’Kriminaliséierung vun all Zorte vun Infraktioune vu sexueller Natur, déi géint Kanner geriicht sinn, se riicht fir d’Memberstaaten e Mechanismus fir de spezifesche Suivi an a gëtt vir, datt d’Staate musse spezifesch rechtlech Bestëmmungen unhuelen a Mesuren ergräifen, fir sexuell Gewalt ze verhënneren, fir d’Kanner, déi Affer dovu gi sinn, ze schützen a fir d’Täter ze poursuivéieren.

De Kommitee vu Lanzarote vum Europarot ass d’Organ, dat etabléiert gouf, fir de Suivi vun der tatsächlecher Uwendung vun der Konventioun duerch d’Parteien ze maachen. D’Portal vun der Konventioun vu Lanzarote erlaabt et, d’Fortschrëtter vun den Aarbechte vum Kommitee ze consultéieren an ass ee vun den Haapt-Referenzsitten, wat d’Preventioun an de Schutz vun de Kanner virun all Forme vu sexueller Ausbeutung a sexuellem Mëssbrauch ubelaangt.

De Kommitee kommunizéiert do och déi gutt Praktiken, déi en duerch Videoen, déi een um Portal kann opruffen, diffuséiert. An dësem Fall fënnt een hei d’Praktiken, déi vun der Campagne géint déi sexuell Gewalt géintiwwer de Kanner („Un sur CINQ“) formuléiert goufen, an d’Material „Kiko et la main ‒ on ne touche pas ici“, dat sech un d’Kanner riicht.

En anere Referenzsite ass dee vu WeProtect. Dës weltwäit Allianz ëmfaasst Experte vun der Regierung, aus dem Privatsecteur an aus der ziviller Gesellschaft a widmet sech der Bekämpfung vun der sexueller Ausbeutung an dem sexuelle Mëssbrauch vun de Kanner am Internet. WeProtect entwéckelt Politicken a Léisungen, fir d’Kanner viru sexuellem Mëssbrauch am Internet ze schützen.

Ee vun de Piliere vun Interpol ass et, d’Pedokriminalitéit iwwer déi national Grenzen eraus ze bekämpfen. Ofgesi vun hirer Haaptaktivitéit, déi doraus besteet, der Police ze hëllefen, fir d’Affer vu sexueller Ausbeutung ze identifizéieren an déi traditionell Police-Ermëttlungen ze ënnerstëtzen, proposéiert Interpol den Elteren an de Kanner Rotschléi, fir d’Benotze vum Internet méi sécher ze gestalten. Andeem se eng Sensibiliséierungsdemarche iwwer d’Cybergeforen abordéiert, encouragéiert Interpol d’Entwécklung vun engem oppenen an éierlechen Dialog, tëschent den Elteren an de Kanner, iwwer d’Benotze vun de soziale Medien, den Applikatiounen, den Online-Spiller an dem Internet.

De Site vum Centre canadien de protection de l’enfance beliicht de Phenomeen vu sexuellem Mëssbrauch vu Mannerjäregen am Internet oder soss anzwousch a formuléiert Schutz- an Ënnerstëtzungsmoossname fir all User, sief et Elteren, Kanner, Tuteuren oder anerer. Dëse Site erlaabt et, d’Wëssen an der Matière ze schäffen, liwwert ausgibeg Erklärungen iwwer de Phenomeen a proposéiert eng ganz Panoplie vun Aktiounen an Outile fir d’Preventioun a fir ze detektéieren, mee och Aktiounen, fir mannerjäregen Affer ze hëllefen. Nieft deenen nëtzlechen Informatiounen, déi um Site kënnen opgeruff ginn, gëtt d’Thematik dräi verschiddene Situatiounen no beliicht an et gi reaktiv Rotschléi an dräi verschiddene Guidë formuléiert:

Et sief drun erënnert, datt all Meldung vun de Fäll vu sexueller Gewalt géintiwwer Mannerjäregen, déi um Lëtzebuerger Territoire festgestallt ginn, muss zu Lëtzebuerg gemaach ginn.

Aktualiséiert