Mediathéik

Op dëser Säit fannt Dir eng Rei vu Videoen zum Thema Kannerrechter.

Virwëtztute froen no – um Kannerrechtsfest 2024

Video: Virwëtztute froen no – Episod 21: Um Kannerrechtsfest 2024

Virwëtztute froen no! Den Numm ass Programm bei dëser Offer vum Service national de la jeunesse (SNJ). Kanner stellen sech vill Froen zu all méiglechen Themen. Zesumme mat de Virwëtztute Fred, Lou a Meis kënnen aacht Kanner sech op de Wee duerch Lëtzebuerg maache fir Äntwerten op hier Froen ze kréien. Sou entsti Videoreportage vu Kanner fir Kanner. Dobäi sinn d’Kanner responsabel fir all Etappe vun der Videoproduktioun, sief et un der Kamera, um Toun oder am Schnëtt. An der Equipe denken d’Kanner sech spannend Froen aus a stellen dës da viru lafender Kamera. Vill Spaass beim kucken!

All Kanner hu Rechter – an 2 Minutte kuerz erkläert

Video: All Kanner hu Rechter – an 2 Minutte kuerz erkläert

Dëse Video gouf fir den Internationale Kannerrechtsdag 2021 erstallt. Schüler hunn d’Wuert an erklären zesumme mam Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend 11 vun de 54 Rechter aus der Kannerrechtskonventioun. De Video gouf realiséiert vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an Zesummenaarbecht mam SCRIPT an der Direktioun vun der Lënster Lycée International School an der Ënnerstëtzung vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKaJu).

Mir all hu Rechter | UNICEF Lëtzebuerg

Video: Mir all hu Rechter

D'Videoanimatioun „Mir all hu Rechter!” sensibiliséiert Kanner vun 3 bis 6 op hir Rechter. Zesumme mam Liz a Leepa entdecken d‘Kanner d'Rechter vun der Kannerrechtskonventioun (duerch Geschichten, Animatiounen a Gesang).

Kannerrechtsfest 2021

Video: Kannerrechtsfest 2021

Dëse Video gouf gefilmt wärend dem Kannerrechtsfest 2021, bei deem d’Recht vun de Kanner gehéiert ze ginn am Mëttelpunkt stoung. D’Kannerrechtsfest gouf organiséiert vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend am Parc Merveilleux zu Beetebuerg.

Internationale Kannerdag 2021 – den EU-Kommissär Nicolas Schmit trëfft d’Beatrice an de Kaisan

Video: Internationale Kannerdag 2021 – den EU-Kommissär Nicolas Schmit trëfft d’Beatrice an de Kaisan

An dësem Video (op Franséisch an Englesch) zum Internationale Kannerdag 2021 schwätzt den EU-Kommissär Nicolas Schmit mam Beatrice a Kaisan doriwwer, wat d’EU fir d’Kanner mécht a wat d’Kanner vun der EU erwaarden.

Aktualiséiert