D’Kanner virun der Gewalt am Internet schützen

D’Zeréckgräifen op d’Technologië vun der Informatioun an der Kommunikatioun ass eng gängeg Praktik fir déi professionell, schoulesch oder privat Besoine ginn. D’Informatioun ass gutt zougänglech an den Austausch mécht sech iwwer déi sozial Medien.

Och wann d’Technologië vun der Informatioun an der Kommunikatioun innovativ Moyenen ubidden, sinn d’Kanner verschiddene Risikoen ausgesat, wa se se op eng onbefaangen an ongeséchert Manéier benotzen. D’Zäit, déi virun de Bildschiermer verbruecht gëtt, ass bei de Kanner a Jugendleche weesentlech an d’Luucht gaangen, virun allem wéinst der Covid-19-Pandemie.

De Schutz vun hire Rechter am Kader vun der internationaler Kannerrechtskonventioun, der europäescher Mënscherechtskonventioun an der europäescher Sozialcharta kritt e ganz neit Ausmooss. D’Objektiv vun den internationalen an europäeschen Ariichtungen ass et, fir d’Kannerrechter am digitale Beräich ze garantéieren a fir se virun de Risikoen, déi un d'Technologië vun der Informatioun an der Kommunikatioun gebonne sinn, ze schützen.

Moyene fir de Schutz

BEE SECURE

De Site BEE SECURE informéiert op eng detailléiert Manéier iwwer d’Risikoen, proposéiert eng Panoplie vun Aktiounen a preventiven Outilen a beréit iwwer d’Mesuren an d’Prozeduren, déi am Fall vu Grooming sollen applizéiert a respektéiert ginn.

Child Focus

De belsche Site vun Child Focus ass e Referenzsite iwwer de Grooming. Opgepasst: Dëse Site bezitt sech op d’Situatioun an der Belsch an d’Meldungen am Kader vun de Fäll vu Grooming, déi um Lëtzebuerger Territoire festgestallt ginn, mussen zu Lëtzebuerg gemaach ginn.

Richtlinne vum Europarot

Um europäeschen Niveau féiert den Europarot a senge Richtlinnen iwwer de Respekt, de Schutz an d’Verwierklechung vun de Rechter vum Kand am digitalen Ëmfeld en Ensembel vu fundamentale Prinzippien op, déi de Memberstaaten hëllefen, d’Rechter vum Kand am digitalen Ëmfeld ze implementéieren a respektéieren ze doen. Dës Richtlinnen definéieren d’Obligatiounen oder proposéiere Referenzkrittären am Beräich vum Respekt, vum Schutz a vun der Verwierklechung vun de Mënscherechter an de fundamentale Fräiheete vun de Kanner am digitalen Ëmfeld, andeem se e generelle Kader mat Normen an europäeschen an internationalen Instrumenter opstellen.

Portal „Better Internet for Kids”

An hirer Strategie fir e besser un d’Kanner ugepassten Internet („Stratégie pour un internet mieux adapté aux enfants“) huet déi Europäesch Kommissioun Mesuren ausgeschafft, déi de Kanner sollen d’Kompetenzen an déi digital Outile ginn, déi se brauchen, fir voll a ganz an an aller Sécherheet kënne vum Internet ze profitéieren. Eng vun den Aktiounen, déi sech direkt aus dëser Strategie ergëtt, ass d’Portal Better Internet for Kids. Dëst Portal liwwert u jiddwereen, deen Interessi huet (Kanner, Jonker, Elteren, betreiend Professioneller oder déi politesch Verantwortlech), eng grouss Auswiel vun Informatiounen, Rotschléi, Praktiken an noutwendege Ressourcen iwwer d’Froen zur Verbesserung vum Internet.

Portal „Connect Safely”

De Referenzsite vu Connect Safely widmet sech der Educatioun vun de Persounen am Beräich vun der Sécherheet, der Vertraulechkeet an dem digitale Wuelbefannen. Seng Ressourcen ëmfaasse Sécherheetsrotschléi, déi op der Fuerschung baséieren, Guidë fir d’Elteren, Rotschléi, Neiegkeeten a Kommentarer iwwer all d’Aspekter vum Benotze vun den Technologien an de Politicken.

Richtlinnen „2020 COP Guidelines“

D’Zil vun de Richtlinnen „2020 Child Online Protection (COP) Guidelines“ vun der internationaler Unioun vun den Telekommunikatiounen („Union internationale des télécommunications“) ass et, de Kanner an de Famille konkreet Outilen ze ginn, fir hinnen ze hëllefen, digital Kompetenzen an eng digital Alphabetiséierung ze entwéckelen. Se probéieren och, d’Partie-prenanten aus der Industrie an aus der Regierung an der Entwécklung vu Politicken a Strategien, fir d’Kanner online esouwuel um nationalen Niveau ewéi och um Niveau vun den Entreprisen ze schützen, ze ënnerstëtzen.

Aktualiséiert